Pandemesch Sprangprëzessioun

Geschlosse Schoulen… Zertifikat- a Maskeflicht… Dänemark brauch nees Covid19-Mesure

Déi dänesch Regierung hat am Hierscht de Bierger erkläert, d‘Pandemie wier iwwerstanen an et kéint een nees zum Normalbetrib iwwergoen. Elo stellt sech eraus, datt dat eng verfréit Decisioun war an een nees zu de Reegelen zeréckkomme muss, déi et am Summer hat. D‘Begeeschterung ënnert den Däne war scho mol besser…

Elo gëllt also nees déi allgemeng Maskeflicht, Rassemblementer iwwer fofzeg Leit si verbueden, an der Nuecht dierf keen Alkohol méi zerwéiert ginn an d‘Schoule ginn dicht gemaach. Wat dës ugeet, esou soll de Primaire schonn ab nächstem Mëttwoch an den Home-Schooling iwwergoen, an am Secondaire geet ee fënnef Deeg viru Chrëschtdag an den Online-Unterrecht iwwer. Temporär…

Déi fir den Enseignement beschlosse Mesure solle bis de 7 Januar gëllen, woubäi Dänemark een vun de wéinege Länner an der EU ass, wou d‘Kanner am „digitalen Zäitalter“ ukomm sinn, a bal jiddereen de System intus huet. An och wa Presenzunterrecht ëmmer déi besser Wiel ass, d‘Däne sinn duerchaus an der Lag sech unzepassen an hu wuel méi Erfarung mat den neien Technologien.

Och eng Fro vum Verstand

An dës sollen och déi beruffstäteg Eltere vun de Kanner notzen, wëll d‘Regierung recommandéiert den Télétravail. Et soll verstane ginn, datt do wou den Télétravail méiglech ass, dësen och muss agesat ginn. Wann dat alles, inklusiv natierlech de selbstverständleche Gest Barrière, agehale gëtt, kann den totale Shutdown ofgewannt ginn, esou d‘Regierungscheffin Mette Frederiksen gëschter.

Den Handel an d‘Gebietshaiser sollen also opbleiwen. Wat den Homeoffice betrëfft, esou dierft dee fir d‘Dänen eng „bedéngte Selbstverständlechkeet“ sinn. Wann nämlech d‘Schoulen zou sinn, sinn och d‘Eltere méi oder wéineger gezwongen doheem ze bleiwen. D‘Vollek dréit de Revirement mat Rou an ouni Demonstratiounen. Si hunn sech mëttlerweil un de „radikalen“ Aller-retour gewinnt.

Zudeem hu sech d‘Dänen der Impfung ugeholl, Skeptiker fënnt ee séier wéineg. Och datt kann een mam allgemeng gudde Bildungsniveau vun den Dänen erklären. Wann et elo och fir de Besuch doheem eng Begrenzung op zéng Persounen huet, esou soll et fir Chrëschtdag an de Reveillon zu Silvester eng Ausnam, do sinn dat bis zu zwanzeg Invitéeë méiglech. Gesäit no engem Plang aus…

mat indymedia/cph

Dernières nouvelles