Search

You may also like

D‘Naturverwaltung kéint Ënnerstëtzung gebrauchen
International Neiegkeeten

D‘Naturverwaltung kéint Ënnerstëtzung gebrauchen

Wéi et säitens der Naturverwaltung (ANF) matgedeelt ginn ass, wier

UNO: Budgetsrestriktioun fir d’Friddensmissiounen
International Neiegkeeten

UNO: Budgetsrestriktioun fir d’Friddensmissiounen

Déi véier wichtegst Friddensmissioune vun der UNO „mussen de Rimm

OPGEPASST: Metallesch Fragmenter an der Pizza!
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Metallesch Fragmenter an der Pizza!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt de Lidl an den

Pandemesche G7-Sommet zu Carbis Bay

Virum Sommet vun der Weltelitt huet et nees Fuerderung no méi Gerechtegkeet am Kontext vun der weltwäiter Impfstoffverdeelung

Pandemesche G7-Sommet zu Carbis Bay

Et war am et ass vill rieds iwwert Patentschutz, esouguer um G20-Gesondheetssommet zu Roum am Mee hu sech Stëmmen erhuewen, fir eng „Lackerung“ ze erméiglechen. Mee et gëtt Saachen a Fuerderungen, déi sinn net mat den europäesche Wäerter vereenbar, an de Schutz vun de Patenter, deen ass Helleg, wéi de Sozialsommet zu Porto androcksvoll bestätegt huet.

D‘Appeller selwer sinn awer net verstommt. Fir de Chef vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), den Dr. Tedros Adhanom Ghebreyesus ass d‘Situatioun net zefriddestellend. Hie schwätzt vun enger zweegedeelter Pandemie: Op der enger Säit déi räich a privilegiéiert Staate mat den héijen Impfzuelen, an „déi aner“, d‘Länner wou gehale sinn, dëse privilegiéierten ze déngen.

Aner Länner a Vëlker ënnerdrécken, oder zumindest „gefälleg“ maachen, dat gëtt wuel net méi ganz esou däitlech ausgeschwat, ass awer den eigentleche Sënn an Zweck vun Organisatiounen, an deenen déi Natioune sëtzen, déi vu sech behaapten déi wirtschaftlech Kontroll an Hänn ze halen. An et geet dëse ganz offensichtlech net duer, déi äermer Länner auszebeuten… Dat biergt Risiken.

Pandemie

D‘Lily Caprani vum UN-Hëllefswierk UNICEF notéiert: „Zu de Gléckleche gehéieren d‘Europäer. Si hu genuch Impfstoff a bis zum Summer kéinten all déi Mënsche wou et wëllen, geimpft sinn. Elo misst sech och all deenen aneren ugeholl ginn“. Si verlaangt vun der EU an de G7-Länner mat der Welt solidaresch ze sinn, an den aarme Länner den Zougank zu den Impfstoffer ze erméiglechen.

Et huet jo Erfarungswäerter

Wann een sech nach drop verstännege kann, datt et natierelch ass, datt d‘G7-Staaten an hir beschte Frënn aus wirtschaftlechem Zwang eraus séier zu Normalitéit zréckfanne wëllen, esou wier et net verkéiert, wann ee sech och bewosst kéint ginn, datt en héijen Impftaux am eegene Land an dësem pandemesche Kontext net duer wäert goen, fir d‘Kris ze beendegen. Dat erkläert sech dann och.

Pandemie

Um Beispill Indien, wou et (aus Grënn) nëmme wéineg Geimpfter hat, an sech dann déi zweet Well breet gemaach huet. Déi ass zäitno ausser Kontroll geroden, an datt dobäi de Variant „Delta“ kann entstane sinn, ass wuel nach déi klengste Suerg. Indien, ee risegt Land dat iwwert onendlech, bëlleg a regenerativ Humanressource verfüügt, stellt selwer Impfdosen hir, mee exportéiert keng méi…

Indien brauch säi „Stoff“ selwer, wat besonnesch fir afrikanesch a latäinamerikanesch Länner kann zum Problem ginn. Den US-President Joe Biden, dee sech jo op der Insel ophält, fir perséinlech um G7-Sommet seng Homologen zu eppes Resilienz ze ermonteren, hat annoncéiert, datt d‘USA 500 Milliounen Dose bei Pfizer/Biontech bestallt hunn, déi fir de schwaarze Kontinent gemënzt sinn.

mat indymedia/gva/lon

Related topics G7-Sommet, Impfdosen, Impfstoff, Impfstrategie, Pandemie, Patentschutz, WHO
Next post Previous post