Search

You may also like

Editorial: Pass op… däi Boss huet dech am A
Neiegkeeten

Editorial: Pass op… däi Boss huet dech am A

Zanter der Leschter Woch brauchen d‘Entreprise keng Autorisatioun méi, fir

Mediatioun tëscht SLEG a Regierung mat Propose ouni Alternativ ofgeschloss
Neiegkeeten

Mediatioun tëscht SLEG a Regierung mat Propose ouni Alternativ ofgeschloss

Um Méindeg hat d‘Gewerkschaft vun den graduéierten Educateuren (SLEG) seng

Vu chrëschtlecher Nächsteléift a Verantwortung
Neiegkeeten

Vu chrëschtlecher Nächsteléift a Verantwortung

D‘Dammen aus dem Botzsecteur… si wiere systemrelevant gouf gesot, elo

Kee Profit mat der Pandemie!

Eng europäesch Biergerinitiativ gouf an d‘Liewe geruff, mat där soll verhënnert ginn, datt sech déi grouss Pharmakonzerner un der Pandemie „domm & däämlech“ verdéngen

Kee Profit mat der Pandemie!

Um Donneschdeg haten sech Vertrieder vun déi lénk an dem PCF (Kommunistesch Partei Frankräich) zu Däitsch-Oth op der Grenz zesummefonnt, fir d‘Bierger an Europa ze mobiliséieren. Dat net fir op d‘Strooss demonstréieren ze goen, mee fir d‘Petitioun ze ënnerschreiwen, mat där op EU-Niveau soll decidéiert ginn, datt d‘Impfstoffer an d‘Traitementer, als der Mënschheet gehéieren.

Nei ass de Mouvement u sech net. Schonn am November zejoert, huet déi europäesch lénk mat all hire Memberen, esou wéi och eng Rei ONGen aus der Unioun zesummegedoen, fir eng europäesch Biergerinitiativ (ICE) ënnert dem Slogan „Kee Profit mat der Pandemie!“ op de Wee ze bréngen. Fir zumindest en Debat ze initiéieren, brauch 1 Millioun Ënnerschrëften aus 7 Länner bis November.

Kommen dës zesummen, wier d‘Méiglechkeet ginn, kéint et am Europaparlament zu engem Gesetz kommen, mat deem d‘Brevete vun de Vaccinen ausser Kraaft géife gesat ginn. Mat esou engem Gesetz, dat zumindest ass de Gedanken, géi f net nëmme séchergestallt, datt jiddereen Zougang zum Impfstoff kritt, mee datt sech d‘Pharmakonzerner net op eis Käschten de Profit opdeelen.

Solidaritéit statt Gier

Fir d‘Militante vun déi lénk an dem PCF, muss an dësen Zäiten d‘Solidaritéit iwwert dem Profit stoen. D‘Situatioun géif erfuerderen, datt d‘Fuerschung an d‘Technologië mussen op breedem Niveau gedeelt ginn. Dat net nëmmen zäitno, mee virun allem weltwäit. Et kéint een net privaten Entreprisen d‘Entscheedung iwwerloossen, wien zu wéi engem Präis Accès zum Vaccin huet.

Eng weider Fuerderung betrëfft d‘Transparenz vun de Verträg déi d‘Unioun an/oder déi jeeweileg Regierunge mat de Konzerner geschloss hunn. Dat misst ugesiichts de Profit-Previsioune säitens de Pharmakonzerner, déi mat 20% bis 25% eng däitlech Hausse ugemellt hunn. Ee Profit deen awer mat ëffentlechem Geld bestridde gëtt. Dat gouf jo och an der Fuerschung nom Vaccin benotzt.

Wann dann awer déi „ëffentlech Hand“, also de Steierzueler fir de Gros vun de Recherche duerhale sollt, esou misst dann, wat um Enn erauskënnt, och der „Ëffentlechkeet“ gehéieren. Mee nach ass d‘Welt an besonnesch de Mënsch net besser ginn. Et geet ëm vill ze vill Goss, an et dierft am Fong ëm de Spillraum goen, deen d‘Politik de Konzerner generell zougestanen huet. Aus „Grënn“ …

D‘Redaktioun invitéiert seng Lieser sech dëser Petitioun ënner dësem Link unzehuelen, se gutt ze liesen a méiglechst och ze ënnerschreiwen.

Foto: © déi lénk

Related topics Big Pharma, Breveten, Covid19-Pandemie, déi lénk, Patentrecht, PCF, Petitioun
Next post Previous post