Search

You may also like

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 8
International Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 8

[onionbuzz quiz-id=60][/onionbuzz] Datt Lëtzebuergesch schreiwen net esou evident ass, dat

Wéinst der Pandemie gëtt d‘Wanteraktioun bis Enn Mee verlängert
International Neiegkeeten

Wéinst der Pandemie gëtt d‘Wanteraktioun bis Enn Mee verlängert

Datt de Familljeministère ënnert der Leedung vum Corinne Cahen net

Et gëtt méi soziaalt Engagement vun der Jugend gefuerdert
International Neiegkeeten

Et gëtt méi soziaalt Engagement vun der Jugend gefuerdert

Sech sozial engagéieren, datt ass fir vill jonk Mënschen eng

Panikattacke bei däitsche Politiker féieren zu Mësstéin mat den Noperen

Panikattacke bei däitsche Politiker féieren zu Mësstéin mat den Noperen

Bei de Germanen huet et sech wuel nach ëmmer net erëmgeschwat, datt de Covid19-Virus mat all senge Mutanten, net vu Staatsgrenze kann opgehale ginn. D‘Angscht virun de „Mutanten“ ass dann och deraart grouss, dat d‘Grenzkontrollen zu Tschechien an Éisträich (Tirol) maximal ustrengend sinn. De saarlännesche Ministerpresident Tobias Hans (CDU) spillt mam selwechte Gedanken…

Déi zolidd verschäerfte Grenzkontrollen am Süden a Südoste vun Däitschland, fannen net de wuel erhofften Zousproch vun den Nopeschlänner. Um éischte „Schaffdag“ vun de Grenzkontrollen zu Tschechien an Éisträich, ware bis zur Mëttegstonn eng 10.000 Persounen iwwerpréift ginn. Esou zimmlech 50% vun dëse goufen net iwwert d‘Grenz gelooss. D‘Grenzgänger waren och betraff.

Interessant awer, datt déi Tiroler Police gemellt huet, datt sech bei hinnen (Grenz tëscht Bayern an Tirol) alles an der Rou ofgespillt huet. Wou et anerwäerts honnerte Kilometer Stau hat, war et hei éischter entspaant. Et hätt vereenzelt Fäll gehat, wou de virgeschriwwenen Test net konnt virgewise ginn. Net dramatesch, dee kann een op der Plaz nohuelen an ee Protokoll gëtt et nach „on top“.

Entspriechend der Reegelung vum Bund an dem Fräistaat Bayern, dierfen nach just areesen: däitsch Bierger, Auslänner mat Wunnsëtz an Openthaltserlaabnes an Däitschland, Aarbechtskräften aus dem Gesondheetssecteur a landwirtschaftlech Saisonsaarbechter. Ausnamen aus „familiäre Grënn“ wiere bedéngt méiglech. Ab Muer 17. Februar muss Grenzgänger eng zertifiéiert Bescheinegung virleeën.

Schnëssstécker bleiwen net aus

Europa ass awer eng grouss Famill wou een deem aneren hëlleft, Entscheedunge wäit am Viraus mat méiglechen Drëtten ofgekläert ginn, a grondsätzlech nëmmen eppes Prioritéit huet: de Schutz vun de Grondrechter. Trotzdeem huet den éisträicheschen Ausseministère zu Wien, den däitschen Ambassadeur Ralf Beste, zu engem Gespréich agelueden. Et schéngt net alles ganz kloer ze sinn.

PolitikerWien de Negativ-Test „vergiess“ huet, kann dat op der Grenz nohuelen. Den taxéierten Avertissement an héicht vun 135 Euro, an d‘Fraisen fir den Test, ginn op der Plaz erhuewen. © Bundesministerium des Innern

D‘Éisträicher hunn do erwäänt, datt Faarten duerch de sougenannten „Däitschen Eck“ ze verbidde schonn eppes onverhältnesméisseg wier. Hei géif net nëmmen déi Tiroler, mee déi éisträichesch Wirtschaft ënner Drock gesat, an deem kéint een net laang nokucken. Den Ambassadeur huet ze verstoe ginn, datt hien do näischt ka maachen, an dat op engem anere Level muss gekläert ginn.

Offiziell heescht et natierlech: „et huet een oppent a konstruktiivt Gespréich ginn, an et hofft een op pragmatesch Léisungen“. An nee, et huet erwisenermoosse kee gelaacht. Fir déi gutt 5.000 tëscht Tirol a Bayern betraffe Grenzgänger huet et nach en zolitte Problem: d‘Germanen hunn et vergiess festzeleeën, wéi eng Aarbecht als „Systemrelevant“ gëllt. Dat konnt jo elo awer kee virgesinn…

Eenzelkämpfer statt Teamplayer

Wann sech elo de „Misär“ tëscht dem Fräistaat an Tirol nach eenegermoossen iwwersiichtlech duer stellt, esou ass mat Tschechien an der Slowakei liicht anescht. Op der A17 Prag-Dresden hat et bis zu honnert Kilometer Stau ginn. Zwou Stonne Waardenzäit op der Grenz, goufe schonn als „zügeg Offäerdegung“ an de sozialen Netzwierker beschriwwen. Eng Besserung ass den Ament net dran.

Matten dran honnerte Camionschaufferen aus der Slowakei. d‘Slowakei huet keng direkt Grenz mat Däitschland, mee gëllt als „maximal geféierlech“ oder wéi een op Amtsdäitsch seet: „Virusvariante-Gebitt“. De slowakeschen Ausseminister Ivan Korcok, huet dem Heiko Maas, dee jo aus Grënn vergiess hat Bescheed ze soen, fir déi intelligent Virbereedung a gutt Kooperatioun Merci gesot.

PolitikerMarketingpathos: Wuel well et einfach besser ausgesäit, huet de bayreschen Inneminister Joachim Herrmann (CSU) sech ee Sonndeg op der Grenz zu Tirol beim Speech filme gelooss. D‘Éisträicher hätten dat mat de Grenzkontrollen och verstanen, wann de mann sech net deplacéiert hätt © Bayrisches Innenministerium.

Eppes gewot, jo bal als Affront ze bewäerten: d‘EU-Kommissärin fir Gesondheet, Stella Kyriakides huet d‘Virgoe vun de Germane „kritiséiert“. Zu Bréissel awer ass gewosst, datt et sech heibäi just ëm eng „proforma“ Reklamatioun handelt. Ëmmerhi gëtt et Reegelen, déi hei eppes ënnert d‘Rieder geroden, an et huet ee weder d‘Loscht nach d‘Muecht d‘Anhalen dovunner ze erzwéngen.

A bei eis esou?

Am Dräilännereck (D/F/L) huet et och ganz intelligent „Partner“, an et ass scho spannend dierfe festzestellen, datt de joerhonnertenalen Dissens sech nach ëmmer beschter Gesondheet erfreet a Fransouse mat Däitschen net eens ginn. A mir sëtzen an de Logen a kucken no. De franséischen Europaminister Clement Beaune weist drop hin, datt eigentlech de „Matenaner“ sollt d‘Mooss sinn.

Dem saarlännesche Ministerpresident ass et egal wat d‘Fransouse mengen oder wëllen. A senger Regierungserklärung huet den Tobias Hans däitlech gemaach, datt déi onkontrolléiert Verbreedung vun de Varianten an der Regioun vum Grand-Est dës Mesuren noutwenneg maachen. Eigentlech huet et mat der Onfäegkeet vu de Fransousen ze dinn, mee dat wier keng konstruktiv Kritik…

Richteg ass awer och, datt sech am loutrengeschen och de südafrikanesche Covid19-Mutant breet mécht. Angeblech hätt et all Dag bis zu honnert Neiinfektioune mat dëser Coronavirus-Variant. A well déi meeschte Fransousen an der Regioun anscheinend vill an oft op Lëtzebuerg kommen, a mir souwisou Risikogebitt sinn, soll et och zu verstäerkte Kontrollen mat eisem Land kommen.

mat indymedia/muc/vie/sbr//ber

Related topics Bayern, Covid19-Grenzkontrollen, Däitschland, Éisträich, Europa, Slowakei, Tirol, Tschechien
Next post Previous post