Panikattacken an hier Folgen

Panikattacke komme vun engem Moment op deen aneren. D’Häerz fänkt u mat klappen, nach méi wéi soss. D’Broscht gëtt enk.

D’Gefiller dréien sech am Krees. D’Angscht setzt an – wat passéiert hei? Stierwen ech elo? Duerch dës Ängschten iwwerhëlt d’Panik endgülteg d’Iwwerhand. D’Ootmung gëtt ëmmer méi séier, den Hals gëtt enk. Den Drock um Broschtkuerf gëtt méi grouss. Passéiert dat wierklech? De Moment, matzen an der Panikattack ass d’Angscht ze stierwe real.

Et géing een am léifsten duerchdréien, et ass een hëlleflos. Et huet mol keng zwou Minutte gedauert a schonn huet een d’Kontroll iwwer Kierper a Gedanke verluer.

A sou plëtzlech wéi d’Panikattack komm ass, ass se bemol nees fort.

Mee, firwat setzt eng Panikattack an?

Eng Panikattack trëtt meeschtens op, well d’Persoun sech duerch ënnerschiddlech Gefiller a sech selwer, bedreet fillt. Si kann allerdéngs och ouni Grond optrieden. Egal wéi, entwéckelt dës Gedankekëscht eng Eegendynamik, all Gefill ass intensiv. Dës Gedanke sinn d’Angscht virum Doud, d’Angscht d’Kontroll ze verléieren oder geckeg ze ginn. Dobäi muss onbedéngt betount ginn, datt keng Doudesgefor besteet, et fillt sech an de Gedanken nëmmen sou un. Eigentlech brauche mir eis just eng Fro ze stellen:

Wa mir schonn eng Panikattack haten, ass eis da wierklech physesch gesinn, eppes Schlëmmes passéiert? D’Äntwert ass warscheinlech nee, oder? Well wann d‘Panikattacken dës beschriwwe Folgen hätten, géing Dir dësen Artikel elo net liesen.

Panikattacke si batter, mee se ginn eriwwer, och wann se e stännege Begleeder vun de Betraffene sinn.

D’Angscht, datt se sech widderhëlt ass stänneg am Hannerkapp, virun allem, wann d’Panikattack an der Ëffentlechkeet stattfënnt. Wann d’Liewensqualitéit duerch dës enorm Panikattacke Schued hëlt, wär et eng gutt Iddi professionell Hëllef an Usproch ze huelen.

Et ginn ëmmer Ausweeër aus dësem Däiwelskrees, se mussen nëmme fonnt ginn.

Dernières nouvelles