Search

You may also like

Virginia Beach: Doudeger bei Schéisserei an enger Administratioun
Fail Neiegkeeten WTF

Virginia Beach: Doudeger bei Schéisserei an enger Administratioun

An der Küstestad Virginia Beach (VA) sollen op mannst eelef

D’Escher Gemeng an d’Seniorefeier 2018
Fail Neiegkeeten WTF

D’Escher Gemeng an d’Seniorefeier 2018

Vum 19. bis den 30 November organiséiert d’Stad Esch-Uelzecht nees

dislike
Wahl-Puzzel: En Iwwerbléck vum Minett
Fail Neiegkeeten WTF

Wahl-Puzzel: En Iwwerbléck vum Minett

Viru 14 Deeg ware mir Wielen. Deen een ass mam

dislikesurprise

Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?

Wat ass erlaabt a wat net?

Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?

Et ass nach net esou laang hier datt Thema iwwert Panorama-Fräiheet hei am Land fir vill Diskussiounen an de Soziale Medie gesuergt huet. Dat well en Tourist eng Foto vun der Coque gemaach huet. Et soll nämlech laut Gesetz verbuede sinn, ëffentlech Gebaier ze fotograféieren a Fotoen a Soziale Medien ze verbreeden. Dëst Gesetz vum 18 Abrëll 2001 verbitt d’Fotograféiere vun ëffentleche Gebaier ouni eng Erlaabnis vum Architekt. Eng Ausnam gëtt et do awer: 70 Joer nom Dout vum Architekt huet een d’Recht, d’Wierk ze fotograféieren.

Mëttlerweil huet sech dann och de Vizepremier Etienne Schneider (LSAP) zu dësem Thema zu Wuert gemellt. Dat als Äntwert op eng Parlamentaresch Fro vum Taina Bofferding (LSAP), déi Ënn Mee an der Chamber eragaangen ass.

Ënnert anerem gouf doranner Fro gestallt, op Lëtzebuerg mat dem Gesetz net e bestëmmte Risiko ageet? Et kënnt Fro op, op een net dem Bild vum Lëtzebuerger Land duerch des Gesetzgebung schuede géif, well d’Verbreedung vun der Lëtzebuerger Kultur limitéiert géif ginn.

Dem Minister Etienne Schneider seng Äntwert: Et gëtt keng Nodeeler vir d’Bild vum Land. „L’état actuel du droit luxembourgeois ne porte pas de préjudice à l’image du Luxembourg et ne limite pas le rayonnement du patrimoine culturel luxembourgeois (…)“

Mee wat ass dann elo erlaabt – a wat net?

Dem Vizepremier no, deen sech op Gesetz aus dem Joer 2001 berifft, dierf een ëffentlech Gebaier nëmmen dann fotograféieren an an de sozialen Netzwierker verëffentlechen, wann dat betreffend Gebai net den Haaptsujet vum Bild ass. Beispill et dierf een eng Persoun déi virun engem ëffentleche Gebai wéi der Philharmonie oder der Coque steet fotograféieren. Gebai ass esou nämlech net den Haaptsujet mee just e „Beiwerk“.

Fir de private Gebrauch, also net fir Sozial Netzwierker geduecht, dierf ee Gebaier awer nach ëmmer fotograféieren. Mee dat ass an Zäite wou Sozial Netzwierker regéieren ëmmer manner de Fall. Hautdesdaags wëll ee jo ëmmer alles sou séier wéi méiglech mat aneren deelen.

Dat Gesetz géif sech laut dem Minister Schneider och net esou séier änneren. Et sief dann EU géif en europawäit Gesetz publizéiere wat Fotograféiere vun ëffentleche Gebaier reegelt.

Quell

Related topics Copyright, Etienne Schneider, Panorama-Fräiheet, Sozial Medien, Taina Bofferding
Next post Previous post