Search

You may also like

Resolutiounen zu Venezuela am UN-Sécherheetsrot gescheitert
International Neiegkeeten

Resolutiounen zu Venezuela am UN-Sécherheetsrot gescheitert

Am UN-Sécherheetsrot hu se sech gëschter nees mam Venezuela beschäftegt,

Terror iwwer Sri Lanka
International Neiegkeeten

Terror iwwer Sri Lanka

Op Ouschtersonndeg ass et zu Sri Lanka bannent 30 Minutten

De Chantier um Pont Buchler geet an eng nei Phas
International Neiegkeeten

De Chantier um Pont Buchler geet an eng nei Phas

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt d’Aarbechten um Pont

Attentater vum 13. November 2015: Paräis gedenkt un d’Affer

Attentater vum 13. November 2015: Paräis gedenkt un d’Affer

Um 13. November 2015 huet eng islamistesch motivéiert Attentatsserie Paräis déif getraff. Et koum zu diverse Schéissereien a Selbstmorduschléi, dorënner d’Attack op d’Fans vun Eagles of Death Metal wärend hirem Concert am Bataclan an d’Explosiounen am Stade de France beim Fussballspill Frankräich géint Däitschland.

Fir un dës grujeleg Doten an hir 130 Doudeger, sou wéi déi honnerte Blesséierten ze gedenken, wäert d’Beliichtung vum Eiffeltuerm um 20:00 Auer ausgeschalt ginn. Donieft huet de Moien eng Commemoratiounsfeier, zesumme mam franséische Premierminister Jean Castex, dem Inneminister Gérald Darmanin an dem Justizminister Éric Dupond-Moretti, op de verschiddene Plazen vun den Attacken stattfonnt.

Paräis

An dësem Kader riicht sech de Charles Michel, President vum Europäesche Rot, mat enger Ried un d’Bevëlkerung:

„Léif Lieser,

Op en neits gouf Europa vu gewalttätegen islamisteschen Extremiste getraff. Dräi Attacken an dräi Wochen: Zwou a Frankräich, eng an Éisträich. Dat sinn 11 Attacken dëst Joer. Op en neits sinn onschëlleg Affer ëmbruecht oder blesséiert, Famillen an Trauer an engem Gefill vu verkéierter Ongerechtegkeet zeréckgelooss ginn. Op en neits huet eis Gesellschaft Attacken op hir Sécherheet an déi fundamental Wäerter vum Fridden, Toleranz a Respekt materlieft.

An op en neits fänkt mat dësen Attacken en Däiwelskrees un. Een Däiwelskrees bei deem déi islamistesch an extremistesch motivéiert Attack Mësstrauen géint d’Mosleme provozéiert. Ëmgedréit léisst dëst Mësstrauen Roserei bei de Mosleme wuessen, souwuel an eiser Gesellschaft sou wéi an der muslimescher Welt. Dës Frustratioun, entzünt an ausgenotzt vun Extremisten, inspiréiert nei Krimineller oder Fanatiker ze handelen.

ParäisDe Charles Michel, President vum EU-Rot an den Sebastian Kurz, Bundeskanzler vun Éisträich bei der Gedenkfeier fir d’Affer vum Attenta zu Wien (09.11.2020) © EU Council

Eis éischt Verflichtung ass et eis Bierger ze schützen. Dann musse mir d’Entwécklung stoppen bei där Mëssverständnes zu Mësstraue ginn, a Mësstrauen zu Haass. An et dann mat engem ëmgekéierte Krees antauschen: Dialog, Verständnes, Vertrauen. Dat ass de Punkt vun de verdéiften Telefonsgespréicher – a vu menger Visitt an Egypten – déi ech mat de Leeder vun den arabesche Länner no den Attacken initiéiert hunn. Dat ass och d’Approche, déi bei eisen internen Diskussiounen an der Europäescher Unioun gëlle muss.

A mir mussen handelen. Et sinn zwee Kämpf déi ugetruede musse ginn. De Kampf vun de Wäerter, fir d’Fräiheet ze verdeedegen an ze fërderen: d’Fräiheet ze denken, d’Fräiheet fir ze gleewen oder och net ze gleewen, d’Fräiheet eng Relioun mat Toleranz a Respekt fir déi europäesch Wäerter auszeüben. An dann den erbaarmungslose Kampf géint gewalttätegen Extremismus, egal ob islamistesch oder anescht.

Keng vun dësen Aktiounen ass einfach. Mee et ass e Prinzip do, dat nach emol bestätegt muss ginn. Et ass simpel an onbesträitbar: Et ass déi absolut Prioritéit vum ziville Gesetz, dat diskutéiert a vun den nationalen europäesche representativen demokrateschen Institutiounen ugeholl ginn ass. Dëst Gesetz bezitt sech op jiddwereen, a keen anert Gesetz ass méi wichteg an eiser demokratescher Gesellschaft.“

Seng Ried handelt uschléissend weider iwwert de Kampf vun de Wäerter, den operationelle Kampf an d’Sécherheet am Schengen Raum. De kompletten Text kënnt Dir HEI liesen.

Opmaacherbild: D’Le Monde gedenkt un d’Affer vun den Attentater vum 13. November 2015 mat enger digitaler Gedenktafel.

Related topics 13. November 2015, Attentat, Bataclan, Charles Michel, Commemoratiounsfeier, Concert, Doudeger, Eiffeltuerm, Extremismus, Gedenkdag, Haass, Islamismus, Terrorismus, terroristesch Attack
Next post Previous post