Search

You may also like

Op en Neits eng Dron am persesche Golf ofgeschoss
International Neiegkeeten

Op en Neits eng Dron am persesche Golf ofgeschoss

Der Konflikt tëscht den USA an dem Iran gëtt den

De beruffleche Reklassement
International Neiegkeeten

De beruffleche Reklassement

Den 12. November war eng Delegatioun vum OGBL ënnert der

De Freemium-Modell: Verspillt Geld oder gratis Freed?
International Neiegkeeten

De Freemium-Modell: Verspillt Geld oder gratis Freed?

Ween sech ameséiere wëll gräift zum Handy. Mol kuckt en

Paräis: Polizisten hu manifestéiert fir méi Moyenen

Paräis: Polizisten hu manifestéiert fir méi Moyenen

„Mir zéien eis Sécherheet enger Gehaltserhéijung vir“, esou de Motto vun enger Manifestatioun vun e puer honnert Polizisten, hire Familljen a Frënn. Déi hunn um Donneschdegowend zu Paräis demonstréiert fir besser Aarbechtskonditiounen ze erhalen. Dat en Dag nodeems den Inneminister Christophe Castaner eng Revalorisatioun vun de Gehälter fir d‘Polizisten ugekënnegt huet.

„Eise Kampf, dat ass d‘Verännerung vun den Aarbechtskonditioune vun de Polizisten, dat heescht d‘Material, d‘Effektiver, eng hierarchesch Unerkennung, d‘Bezuelen an d‘Steierbefreiung vun den Iwwerstonnen“, esou eng Spriecherin vum Mouvement „Rose Polizisten“ (Policiers en colère). „Et freet ee sech firwat si eis d‘Geld esou séier ginn hunn? Wëllen se eis de Mond verbidden?“

De Rassemblement, war ganz friddlech nieft dem Kommissariat vum VIII Arrondissement, vun de „Policiers en colère“ an de „gyros bleus“ organiséiert ginn. Dës Kollektiver sinn onzefridde mat de Moossnamen déi e Mëttwoch vum Inneministère ugekënnegt goufen, déi si solle roueg stellen, well déi no der massiver Mobiliséierung géint d‘giel Gileten, no méi Mëttel a Moyene gejaut hunn.

Geld eleng geet hei net duer

No ugespaante Verhandlungen an ënnert der Menace vun enger Weiderféierung vum Mouvement, hat den Inneministère drop verzicht eng eemoleg Prime vun 300 Euro auszebezuelen, a well dofir eng programméiert Gehaltserhéijung ëmsetzen. Am Schnëtt sollten d‘Polizisten tëscht 120 an 150 Euro (netto) ofhängeg vum Grade, all Mount an der Pai bäi kréien.

Fir an anere Spriecher, dee Polizist zu Paräis ass, geet d‘Rechnung net op: „120 Euro dat ass eng Drëps op de waarme Steen, ech hu léiwer en Asazwon dee geet“. „Eis gëtt vu Gehälter geschwat, mir schwätze vu Mënschen“, iergert sech d‘Perrine, Spriecherin vu „Femmes de Forces de l‘Ordre en Colère“. „Et geet duer datt d‘Kanner net méi respektéiert gi wëll d‘Eltere bei de Police sinn.

Der Manifestatioun haten sech och eng Partie giel Gileten ugeschloss. Ënnert hinnen de Pascal (51) deen erkläert huet, datt si d‘Poliziste bei hirer Fuerderung ënnerstëtzen, och oder grad wëll ee sech muer nees ka géinteniwwer stoen. „Den Ament sti op verschidde Säiten. Mir si komm fir mateneen ze schwätzen, d‘Situatioun tëscht de Lager ze entspanen“. Scho muer soll et zum 6. Akt kommen…

mat AFP

Related topics Frankräich, gyros bleus, Manifestatioun, Paräis, Police, Policiers en Colère
Next post Previous post