Search

You may also like

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band
International Neiegkeeten

What the Fakt – Virun 61 Joer rullt den éischten Trabi vum Band

Am November 1957 koum den Éischten, am Abrëll 1991 de

Infrastrukturaarbechten an der Avenue de la Liberté (14.08.2020)
International Neiegkeeten

Infrastrukturaarbechten an der Avenue de la Liberté (14.08.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt am Kader vum Chantier LUXTRAM

De CGFP-Nationalvirstand riicht en Appell un d‘Regierung
International Neiegkeeten

De CGFP-Nationalvirstand riicht en Appell un d‘Regierung

A senger éischter Sëtzung zanter dem Lockdown, huet de CGFP-Nationalvirstand

Paräisser Eenzelhandel an Nout

D‘Covid19-Pandemie trëfft déi kleng Geschäftsleit am häertsten an et ass net dat éischt versaute Chrëschtgeschäft

Paräisser Eenzelhandel an Nout

Zanter gëschter dierfe bei eisen Noperen och déi kleng Geschäfter, déi wou „net-essentiell“ Wueren un de Mann an d‘Fra brénge wëllen, oder just Servicer ubidden (Coiffeurssalon a.ä.) nees Schaffen. Dat hat de President Emmanuel Macron ee Mëttwoch esou annoncéiert, an de Chef vum nationale Verband vun de Wuerenhaiser a Kleedergeschäfter, Yohann Petiot hat d‘Annonce begréisst.

Et gëllt jo och als erwisen, datt déi Woche viru Chrëschtdag fir den Eenzelhandel zu de wichtegsten, Verkafswochen am Joer zielt. An dat ass zu Paräis nach eppes méi pregnant wéi soss am Frankräich. Esou géif, bezunn op déi vum Verband genannten Zuelen, d‘Zäit viru Chrëschtdag bis zu 40% vum Ëmsaz an de Geschäfter op de Champs-Elysées generéieren. Freet sech, wéi de Samschdeg war…

EenzelhandelMuttwëlleg Zerstéierung well ee mat der Politik onzefridden, es den Exzesser vun der Police midd ass… Ob dat de Wee aus der Kris ass, oder éischter d‘Kris verschäerft? © trt

Mat „Duerchwuess“ dierft d‘Beschreiwung harmlos ausfalen. Vill Geschäfter hu gëschter de Rideau ënne gelooss, gutt 20% vun de Geschäftslokaler si verweest an zur Locatioun ausgeschriwwen. Dës Pandemie war an ass fir vill Geschäftsleit déi „lescht Kris“. Et ass dat drëtt Joer a folleg, wou keng Akafsstëmmung wëll opkommen. Enn 2018 waren et d‘Stroosseschluechte vun de Giele Gileten, 2019 huet de laange Streik géint d‘Rentereform temporär Schléissungen erzwongen.

Esou eppes hält op Dauer kee Geschäft duerch. En Buttek nom aneren huet de Schlëssel ënnert den Teppech misse leeën, zeg Handwierksbetriber hunn hir Aktivitéite ganz agestallt. D‘Defiziter sinn einfach net méi ze erdroen, an dat net eleng am Stadzentrum mee och an de Viruerter. Et kommen einfach keng Cliente méi, bekloen sech d‘Geschäftsleit, déi vun de Fixkäschten erdréckt ginn.

Firwat et bei eis (nach) besser ass

Dobäi huet och déi franséisch Regierung versprach, jidderengem finanziell ënnert d‘Äerm gräifen ze wëllen: dem Eenzelhandel, de klengen Déngschtleeschter an natierlech dem Horesca-Secteur. An dat „quoi qu‘il en coûte“ – also egal wat et kascht. Mee dat ganzt ass komplizéiert, meeschtens ass et just ee vum Staat garantéierte Kredit an och dat Geld brauch vill ze laang bis et verfügbar ass.

EenzelhandelWann een dës Biller gesäit, léisst sech virstellen, datt d‘Geschäfter sech verbarrikadéiere statt opzemaachen. © trt

Hei zu Lëtzebuerg ass et – zumindest fir déi meescht – wesentlech méi einfach un d‘Hëllefen ze kommen. D‘Regierung konnt zudeem den zweete Lockdown, zumindest fir de Commerce an d‘Servicer verhënneren. Dofir huet den Horesca-Secteur nees mat voller Wucht getraff. Eng vu villen Decisiounen déi ëmstridden ass. An et sinn jo vun alle dëse Mesuren net nëmmen d‘Patrone betraff, all déi an dëse Secteure beschäftegt Salariéeë sinn och op d‘Hëllefen ugewisen.

All Geschäft, Handwierker oder soss opgestallte Betrib dee Public empfänkt, wäert dës sanitär Kris net iwwerstoen. A wann et net gelénge sollt, respektiv de Covid19-Impfstoff (wann dësen da vun de Leit ugeholl gëtt) net déi gewënschten Normalitéit zeréckbréngt, wäerten eis Geschäftsstroossen och hiert Gesiicht veränneren. D‘Bequemlechkeet vum Online-Shoppen net ze vergiessen…

De grousse Widderstand géint d‘Policegewalt

Bannent enger Woch hat sech d‘Police zu Paräis eng Rei „Exzesser“ geleescht, an dat neit Gesetz zur „globaler Sécherheet“, an deem festgehale gëtt, datt et zukünfteg soll verbuede sinn, Polizisten am Déngscht ze Filmen oder ze Fotograféieren, huet och d‘Gemidder erhëtzt. Domadder géif awer och d‘Pressefräiheet ageschränkt ginn. Déi awer ass, wéi rezent Iwwergrëff gewisen hunn, wichteg fir och d‘Autoritéiten drun ze erënneren, wat an engem Rechtsstaat zoulässeg ass oder och net.

E Méindeg gouf dokumentéiert, wéi d‘Police virgeet, wann ee Lager vu Migranten opgeléist gëtt. En Donneschdeg si Poliziste vun enger Iwwerwaachungskamera gefilmt ginn, wéi si ee de Michel Zecler, ee Museksproduzent aus den 17. Arrondissement brutal an ouni ersiichtleche Grond zolidd zerschloen hunn. Et ware Biller, wéi ee se vun den Asätz géint d‘Giel Gileten an Erënnerung hat.

Och dat bleift eis zu Lëtzebuerg erspuert. Nach… Et ass allerdéngs scho richteg, datt déi schlecht Laun sech verbreet an d‘Vertrauen an D‘Regierung lächereg gëtt. Villes wat de Leit operluecht gëtt ass net nëmme mëssverständlech, mee total inkoherent an zudeem grad esou schlecht erkläert wéi juristesch zweiwelhaft. A wann d‘Police keng kloer Instruktiounen huet, kënnt et zu Feeler… Mee mir kucke jo och soss iwwert d‘Grenz, fir eis ze „orientéieren“. Besser ass et e Beispill ze sinn.

mat indymedia/par

Foto: No der Policegewalt vun de leschten Deeg, huat et zu Paräis nees eng Demonstratioun ginn. Dem Protest, deen ënnert der Bezeechnung „Marche des Libertés“ stattfonnt huet, haten sech jee no Quell bis zu 45.000 Manifestanten ugeschloss. Well „Protest“ bei eisen Noperen och (leider) ëmmer mat Gewalt an Zerstéierung ze dinn huet, hu vill Geschäfter sech barrikadéiert. © Taha Bouhafs

Related topics Chrëschtgeschäft, Eenzelhandel, Frankräich, Handwierk, Paräis, Protest
Next post Previous post