Search

You may also like

Banann: Wann d’Produktioun iwwert der Gesondheet steet
International Neiegkeeten

Banann: Wann d’Produktioun iwwert der Gesondheet steet

Si ginn onmënschlech behandelt, bestach fir sech net iwwert déi

surprise
Endlech Vakanz?
International Neiegkeeten

Endlech Vakanz?

Et gëtt eppes méi roueg op de Lëtzebuerger Stroossen an

Nei Lëtzebuerger huet eist Land: 9.389 Persoune kruten eis Nationalitéit
International Neiegkeeten

Nei Lëtzebuerger huet eist Land: 9.389 Persoune kruten eis Nationalitéit

De Justizministère huet, wéi all Joer eng Tabell verëffentlecht an

Sommet zur Finanzéierung vun den afrikanesche Wirtschaften

Frankräich mat milliardeschwéieren Appell zur Hëllef fir den afrikanesche Kontinent

Sommet zur Finanzéierung vun den afrikanesche Wirtschaften

Iwwer 40 Natiounen hunn um Sommet iwwert déi dramatesch finanziell Lag vum Kontinent an den zousätzlechen Impakt op d‘Wirtschaft duerch d‘Covid19-Pandemie beroden. Et gouf gefuerdert den afrikaneschen Natioune Scholden ze erloossen, wéi och nach emol appelléiert gouf de Patentschutz op Covid19-Vaccinen auszesetzen.

Zum Ofschloss vum Sommet gouf et eng gemeinsam Erklärung vun de Staats- a Regierungscheffen, wéi och verschidde „Perséinlechkeeten“, an där kee Wuert doriwwer enthalen ass, datt ee gewëllt fir fair Handelsbezéiungen ze féieren. Dofir steet dann do:

„Déi meescht Regioune vun der Welt brénge massiv Opbaupläng fir d‘Zäit no der Pandemie op de Wee, an déi international Gesellschaft ka sech et net leeschten, déi afrikanesch Vollekswirtschaften am Stach ze loossen“.

Iwwersat: D‘Natioune sinn sech eens, dat fir un d‘Ressource vun den afrikaneschen Natiounen ze kommen, nieft Korruptioun an Entwécklungshëllef, och d‘Hand muss ausgestreckt ginn. Zudeem ass d‘Sträiche vu Scholden an den Accès vir d‘Vaccinen net gratis, an och wann d‘Konditiounen net oppe leien, eng sougenannt Win-Win Situatioun erbäizeféieren, gehéiert net zu den Absichten…

An déi mëtschgieweg Länner mussen nach net emol den eegenen Haushalt an d‘Laberente verleede fir Scholden ze erloossen a Wirtschaftshëllef – bezunn op de Pandemesche Kontext – ze leeschten. An esou solle mam internationale Wärungsfong (IWF), iwwert den Ëmwee vun der Solidaritéit vun de räiche Länner, ronn 100 Milliarden US-Dollar mobiliséiert ginn. Dat zumindest wëll de Macron.

Wou se d‘Geld ervirzaubere wëllen

De franséische President, deen am Géigendeel zu senge Virgänger, eng eppes differenzéiert Siicht op déi geschichtlech verbréifte „Bezéiung“, vun der Grande Nation zum schwaarze Kontinent huet, muss awer d‘Interesse vun de franséische Konzerner schützen. Elo weess dat och d‘IWF-Cheffin Kristalina Georgiewa, déi jo wuel och dat vum Emmanuel Macron gefuerdert Geld opdreiwe soll.

„Wuesstem a Stabilitéit an Afrika, bedeit Wuelstand a Stabilitéit an Europa. (…) Afrika ass ee vun den am mannste geimpfte Kontinenter – ee wirtschaftlechen a sozialen Noutstand“.

Et ass elo beim Sommet natierlech net drëms gaangen d‘Ursaache vum „Noutstand“ unzeschwätzen oder driwwer nozedenke wéi een et kéint besser maachen. Nee et goung eigentlech nëmmen ëm de Goss. Vill Goss, wëll laut dem Emmanuel Macron, huet Afrika ee Finanzéierungsbedarf an héicht vun 285 Milliarden US-Dollar bis 2023. Geld dat de Kontinent dank senge Ressource selwer kéint generéieren. De Problem: d‘Ressource vum Kontinent gehéiere Konzerner, net de Regierungen.

Dofir soll och d‘Privatwirtschaft Hand un de Portmonni leeën. Si soll um Widderopbau vun Afrika bedeelegt ginn. Et mécht jo Sënn, datt déi wou alles bei der Däiwel gekéiert hunn, zumindest den Androck vermëttelen, och Interessi un de Mënschen ze hunn, déi hire Wuelstand sécheren. Et soll dann och net méi an déi eegen Täsch „investéiert“, mee gewësse Grondsätz Rechnung gedroe ginn.

Frankräich hat – well et ëmmer ee brauch dee mam gudde Beispill virgeet – am Kontext vun de Beméiunge vum Sudan, den Iwwergang zur Demokratie ze versichen, ugekënnegt déi bilateral Scholden an héicht vu ronn 5 Milliarden US-Dollar ze annuléieren. Eis däitsch Nopere wëllen hei op 360 Millioune verzichten an déi beim IWF oppe Rechnung vun 90 Milliounen iwwerhuelen.

mat indymedia/par

Foto: D‘Presidenten Emmanuel Macron (Frankräich) an Félix Tshisekedi (Afrikanesch Unioun) hu mam Kristalina Georgiewa (IWF) de Sommet zur Finanzéierung vun den afrikanesche Wirtschaften opgemaach. © Panel de la Presidence à l‘UA

Related topics Afrikanesch Unioun, Emmanuel Macron, Félix Tshisekedi, Internationale Wärungsfong, Kristalina Georgiewa, Paräis, Sommet zur Finanzéierung vun den afrikanesche Wirtschaften
Next post Previous post