Search

You may also like

Spuenien: De Pedro Sanchez ass Ministerpresident
Neiegkeeten

Spuenien: De Pedro Sanchez ass Ministerpresident

De sozialistesche Kandidat Pedro Sanchez ass ëmstridden an op d‘Toleréierung

Wéi ass et ëm d‘Sécherheet am Land bestallt?
Neiegkeeten

Wéi ass et ëm d‘Sécherheet am Land bestallt?

Ab dem 1. Oktober start de STATEC – den nationalen

10. CVM-Meeting zu Steesel: Géint d‘Vergiessen!
Neiegkeeten

10. CVM-Meeting zu Steesel: Géint d‘Vergiessen!

Dëse Weekend war zu Steesel den 10. internationale Meeting fir

Stater Spideeler: Parallel Garden an der Urgence

Stater Spideeler: Parallel Garden an der Urgence

Fir d’Waardezäite fir Patienten an der Urgence ze verkierzen hunn de Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL), d’Hôpitaux Robert Schuman (HRS) an de Site Hôpital Kirchberg decidéiert parallel Garden an hiren Urgencen anzeféieren. Wärend der Woch soll vu 7 bis 17 Auer d’Prise en Charge besser gehandhaabt ginn.

D’Recht op Behandlung, sou wéi eng qualitativ héichwäerteg Fleeg si wichteg, besonnesch wann en Noutfall besteet, esou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Esou hunn den CHL an den HK zousätzlech e spezielle Beräich fir déi Patienten ageriicht, déi am Verdacht stinn e Risiko vun enger Kontaminatioun mat sech ze bréngen.

Fir den Noutfalltransport vum CGDIS ass et esou, datt d’Spidol jee no Plaz wou de Patient ugetraff ginn ass a jee no Grad vum Noutfall gewielt gëtt.

Opmaacherbild: © Gesondheetsministère

Related topics Behandlung, Centre Hospitalier de Luxembourg, CHL, Fleeg, Hopitaux Robert Schumann, HRS, Noutfall, Parallel Garden, Spidol, Spidol Kierchbierg, Urgence
Next post Previous post