Search

You may also like

Weltgesondheetsdag – Fir eng gesondheetlech Chancëgläichheet
International Neiegkeeten Sport

Weltgesondheetsdag – Fir eng gesondheetlech Chancëgläichheet

De Weltgesondheetsdag ass en Aktiounsdag, deen am Joer 1954 vun

Industriezon Gadderscheier: D’Feier ass geläscht!
International Neiegkeeten Sport

Industriezon Gadderscheier: D’Feier ass geläscht!

Um leschte Juli-Dag ass beim CGDIS den Appell eragaangen, datt

Finanzkommissioun op Zouversiicht getrimmt
International Neiegkeeten Sport

Finanzkommissioun op Zouversiicht getrimmt

An der Finanzkommissioun war um Méindeg de Chef vun Iwwerwaachungskommissioun

Déi Paralympesch Spiller vun Tokio sinn an enger faarwefrouer Ofschlossfeier beendegt ginn

Um Sonndeg sinn déi XVI. Paralympesch Spiller am japanesche Spéitsummer op en Enn gaangen

Déi Paralympesch Spiller vun Tokio sinn an enger faarwefrouer Ofschlossfeier beendegt ginn

Den Tom Habscheid huet zum Ofschloss vun de Paralympics, déi weltwäit un den 12 Wettkampfdeeg vun insgesamt 4,25 Milliarde Mënschen an iwwer 150 Länner gesi goufen, de Lëtzebuerger Fändel am dem Olympiastadion gedroen.

Een Dag virdrun, hat den Tom Habscheid mat senger 4. Plaz am Kugelstousssen, nach fir déi beschte Lëtzebuerger Placéierung zanter 1984 gesuergt, war awer och um Dag duerno nach net zefridde mat dësem Resultat: „Ech hu vun enger Medail gedreemt, datt et elo hei nëmmen déi véiert Plaz ginn ass, muss ech nach verschaffen. Ech sinn awer frou an houfreg, déi Lëtzebuerger Faarwen hei zu Tokio vertrueden ze hunn an esouwuel bei der Erëffnungsfeier, wéi och zu Ofschlossfeier de Fändel an dëse wonnerschéine Stadion gedroen ze hunn“.

D‘Ofschlossfeier huet op en Neits ouni Zuschauer stattfonnt, es huet vill faarweg Danz- a Showeinlage ginn.

Den Andrew Parsons, President vum internationale paralympesche Comité (IPC), huet zum Ofschloss vun „historeschen Dimensiounen“ geschwat. „Et gouf fantastesche Sport gebueden, an alle méigleche Sportaarte goufe Weltrekorder gebrach. Et ass ee Beweis dofir, datt déi paralympesch Beweegung méi Staark ass wéi jee“.

Zum Schluss vun der Zeremonie gouf traditionell d‘Iwwergab zum nächsten Ausdroungsuert vun den olympeschen a paralympesche Spiller zelebréiert. Paräis huet sech an der Schlussfeier mat engem um Eiffeltuerm iwwerdimensionale Fändel mat de paralympesche Symboler, wärend ee vun de véier Piliere vum Paräisser Worzeechen als Sprinter-Prothees erschéngen ass, bildlech agelueden.

Wéinst der Verschibung vun de Spiller ëm ee Joe, verbleiwen dës Kéier nëmmen dräi Joer bis zu den nächste paralympesche Spiller, déi vum 28. August bis den 8. September stattfanne wäerten.

Matgedeelt vum Lëtzebuerger paralympesche Comité, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: De Lëtzebuerger Kugelstousser Tom Habscheid, gëtt vun den aneren Athlete bei der Ofschlossfeier empfaangen. © Hiro Yakushi / ATP / IPC

Related topics Lëtzebuerger paralympesche Comité, Olympiad, Paralympesch Spiller, Tokio, Tom Habscheid
Next post Previous post