Search

You may also like

70 Joer Gënzefest zu Wolz
Neiegkeeten

70 Joer Gënzefest zu Wolz

Um Päischtméindeg war an alle Gaassen eppes weider lass: zum

SALUT SALON – Wat Dir schonn ëmmer iwwert d’Léift héiere wollt…
Neiegkeeten

SALUT SALON – Wat Dir schonn ëmmer iwwert d’Léift héiere wollt…

Am Programm vu SALUT SALON dréit sech alles ëm dat

Fënnef Mënsche stierwe bei Onwieder a Südfrankräich
Neiegkeeten

Fënnef Mënsche stierwe bei Onwieder a Südfrankräich

Et ass scho fir d‘Drëtt bannent e puer Wochen, datt

A wann een einfach de Parking bei der Gëlle Fra géif ofschafen?

2023 soll kee motoriséiert Gefier méi op der „Place de la Constitution“ ofgestallt ginn

A wann een einfach de Parking bei der Gëlle Fra géif ofschafen?

De Verkéiers- an Nohaltegkeetsminister huet gëschter drop higewisen, datt déi fir d‘Revalorisatioun vun der Plaz bei der Gëlle Fra agesaten Aarbechtsgrupp gutt virukënnt. Am Kontext vun der Opwäertung vun der genannte Plaz, solle ronn 100 Parkplazen ofgeschaaft gi wat fir Kritik suergt.

Et kann een et awer och kengem gerecht maachen. Esou oder ähnlech dierft dem Minister seng Reaktioun op d‘Kritik ausgesinn, déi him säitens dem Stater Geschäftsverband entgéint schléit. Dësen huet wéineg Versteesdemech fir esou Fisematenten, iwwersäit allerdéngs dobäi datt de Parking „Knuedler“ vergréissert gëtt, an ganz a Proximitéit de Parking „Hellege Geescht“ ass.

Sech awer op d‘Parkplaze bei der Gëlle Fra ze behaapten – well se dem Kommerz e wichtegen Déngscht leescht – ass en Anachronismus. Déi Parkplazen hätte längst solle verschwannen, an d‘Plaz vun der Gëlle Fra besser touristesch genotzt ginn. Ëmmerhin ass hei eng Entrée vun de Kasematten, an wahrscheinlech ee vun de schéinsten Aussiichtspunkten an der Haaptstad.

Et muss een et richteg upaken

Laut de leschten Informatiounen déi virleien, beschäftegt sech déi agesaten Aarbechtsgrupp mat der Virbereedung vun engem „Concours“ fir d‘Plaz besser ze notzen. De Kader ass enk, an eng vun de wichtegste Konditiounen: déi nei gestaltung vun der Plaz muss sech zwéngend an de Reseau vun den ëffentleche Plazen an der Stad integréieren, an esou eng qualitativ Verbindung duerstellen.

Nom Erfolleg mam Lift fir an de Pafendall (hannert dem Pescatore) gëtt sech och e Lift gewënscht mat deem d‘Leit vun der Gëlle Fra bis erof bei d‘Péitruss (oder ëmgekéiert) gelaange kënnen. Ville leit mat ageschränkter Mobilitéit dierft et erfreeën, woubäi et och aner Mënsche gëtt déi sech dat Gekracksels gäre géifen erspueren. An nach emol, mir schwätzen hei vu ronn 100 Parkplazen…

En Argument dat valabel ass

Wann een dann elo bereet ass Abstraktioun vum Verloscht vun 100 Parkplazen ze maachen, esou gëtt et allerdéngs eng Kritik, déi vum Argument hir zumindest „valabel“ ass. Gett de Projet bis an Ugrëff geholl, entseet bei der Gëlle Plaz e wiedere Chantier, a vill Leit gëtt et dees Geschantjes méi wéi genuch. A Chantieren, datt ass gewosst, droen net zur Attraktivitéit bäi bis se fäerdeg sinn.

D‘Geschäftsleit muss een dann awer drun erënneren, datt een net gläichzäiteg besser Infrastrukture fuerdere kann, an d‘Chantiere verdaamt. Zudeem ginn op der Gëlle Fra vill Events organiséiert, bei deenen de Parking och gespaart ass. Zudeem ka sech op eng Iwwergangsphas (vu datt hei vun 2023 rieds ass) gëeenegt ginn, während deem ee sech vun den Avantage vun dëser Plaz iwwerzeege kann.

Illustratioun: op dëser Postkaart aus dem Joer 1930 huet et nach keng Parkplaze ginn, an d‘Stadbild war nach en anert. A firwat net de Virschlag vun déi lénk ëmsetzen, déi do fuerderen och de Blvd. Roosevelt an eng Foussgängerzon ëmzewandelen. (Th. Wirol Editions – Public Domain)

Related topics Gëlle Fra, Geschäftsverband, Parking, Place de la Constitutioun, Stad Lëtz
Next post Previous post