Search

You may also like

money
Handelskrich: Den Trump stellt seng Fuerderungen un d’EU
Neiegkeeten

Handelskrich: Den Trump stellt seng Fuerderungen un d’EU

Um Samschdeg huet den Donald Trump vun der EU verlaangt,

Wisou et an Amerika esou laang dauert ee Polizist ze verhaften
Neiegkeeten

Wisou et an Amerika esou laang dauert ee Polizist ze verhaften

Wou lescht Joer ee Polizist d’Atatiana Jefferson an hirem Doheem

Aarbechtsminister Schmit gesäit de Chômagetaux bei 4 Prozent
Neiegkeeten

Aarbechtsminister Schmit gesäit de Chômagetaux bei 4 Prozent

Bei der Virstellung vum opgefrëschten Internetsite vun der ADEM, deen

Impfzenter am Hall Victor Hugo: Verschidde Parkplaze fir Personal a Visiteure reservéiert

Impfzenter am Hall Victor Hugo: Verschidde Parkplaze fir Personal a Visiteure reservéiert

Duerch d’Aktivitéiten am Impfzenter um Lampertsbierg gëtt net nëmmen am Hall Victor Hugo selwer Plaz benéidegt, mee och baussen um Parking. Dofir gëtt en Deel vum Terrain fir d’Personal an d’Visiteure reservéiert. Just mat offizieller Invitatioun dierf hei stationéiert ginn.

Dës Moossnam gëllt vu Sonndes, de 17. Januar ab 14:00 Auer bis Sonndes, den 31. Oktober 2021 inclus. Gläichzäiteg huet déi sougenannt Igloo Statioun fir de Recyclage missen deplacéiert ginn. Ab haut fënnt een dës Statioun an der Rue Ermesinde.

Victor Hugo

D’Parkplaze säitlech vum Parking, d’Plaze fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit, d’Fläche vum Service Carloh, d’Opluedestatioune vun den elektresche Gefierer an e puer ordinär Plaze bleiwen weiderhin fir jiddwereen accessibel.

Erreeche kann een de Parking iwwert d’Avenue Victor Hugo an d’Avenue du Bois. Eng adequat Beschëlderung soll de Wee weisen, fir den Impfzenter einfach a schnell z’erreechen.

Weider Informatioune ginn et op pandemie.vdl.lu.

Related topics Covid-19, Hall Victor Hugo, Impfzenter, Lampertsbierg, Parking, Personal, Recyclage, Stad Lëtzebuerg, VDL
Next post Previous post