Search

You may also like

Eng Sprooch léiert een am Beschten, wann ee se schwätzt!
Neiegkeeten

Eng Sprooch léiert een am Beschten, wann ee se schwätzt!

Wie schwätzt, dee léiert. Genee no dësem Prinzip fonctionnéiert de

De Label „EureWelcome“ fir 18 engagéiert Acteuren
Neiegkeeten

De Label „EureWelcome“ fir 18 engagéiert Acteuren

Haut de Moien huet den Tourismusminister Lex Delles 18 Plaquettë

Weess du, wéi eng Uertschaften sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen? – 2
Neiegkeeten

Weess du, wéi eng Uertschaften sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen? – 2

[onionbuzz quiz-id=58][/onionbuzz] No der éischter Editioun vun dësem Quiz hate

De Parking Rousegäertche bleift bis op weideres zou

De Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg huet gëschter entscheet datt de Parking renovéiert gëtt

De Parking Rousegäertche bleift bis op weideres zou

Nom schwéiere Feier vum 9. September am Parking Rousegäertchen, hat d‘Aarbechtsinspektioun (ITM) ugeroden déi ganz Struktur ze renovéieren, besonnesch am Bezuch op dat „elektrescht“, mee och a Punkto Heizung a Läschvirriichtunge sollt et zu Verbesserunge kommen.

Esou huet et d‘Buergermeeschtesch gëschter bei der Gemengerotssëtzung um Knuedler verkënnt. A wann ee schonn derbäi ass: et misst zudeem och eng Iwwerpréiwung vun der Statik virgeholl ginn, wat awer ugesiichts dem Incident éischter ze begréissen ass. Dat alles gewosst, huet d‘Lydie Polfer och confirméiert, datt de Schäfferot déi vollstänneg Renovéierung vum Parking beschloss huet.

D‘Buergermeeschtesch huet de Conseilleren och eng Rei Präzisiounen zur Infrastruktur ginn. Dëse Parking deen an den 80er Joren entstanen ass, hat just um Niveau -3 eng Läschvirriichtung, wat esou allerdéngs sengerzäit vun den zoustännegen Autoritéiten (Pompjeeën) geneemegt gi war. De Gestionnaire vum Parking wier och am Laf vun de Joren net zu Nobesserungen opgefuerdert ginn.

Wichteg: a punkto Belëftung (Evakuatioun vun den Ofgaser) war alles Regelkonform. Zanter 2012 gehéiert de Parking Rousegäertchen der Stad Lëtzebuerg, wat de Gestionnaire net vu senger Flicht entbënnt, d‘Sécherheetssystemer ëmmer um leschte Stand ze halen. De Virfall „Rousegäertchen“ huet derzou gefouert, datt ee sech och déi aner Parkingen an der Stad méi no ugekuckt huet.

Esou de Knuedler: um Niveau 0 gëtt et (nach) keng Läschvirriichtung, déi dierft am Kontext vun den Ausbauaarbechten installéiert ginn. Och de Parking Theaterplaz (bei der Cinemathéik) ass net ganz a Jour, hei gëtt et Läschvirriichtungen nëmmen op de Niveaue -3/-4/-5. All déi aner ënnerierdesch Parkingen – déi si méi rezenter Bauweis – géifen den Norme vun haut entspriechen.

Bei de Parkinge „Stade“ a „Bouillon“ handelt et sech ëm sougenannt „oppe Strukturen“, firwat et do och keng Läschvirriichtunge gëtt. Iwwert den Zäitraum deen ze envisagéieren ass, esou wéi och déi ze erwaardend Käschten déi wäerten ufalen, fir d‘Renovéierung iwwert d‘Bühn ze bréngen, konnt d‘Buergermeeschtesch sech gëschter nach net äusseren. Dat bréicht nach eppes Zäit sot si…

Related topics ënnerierdesche Parking, Parking, Renovéierung, Rousegäertchen, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post