Search

You may also like

ADAPTO: De „Collectif 1329“
International Neiegkeeten

ADAPTO: De „Collectif 1329“

E Méindeg hat de „Collectif 1329“ – e Verbond vun:

Fabula Rasa: Déi anert Aart a Weis Geschichten ze erzielen
International Neiegkeeten

Fabula Rasa: Déi anert Aart a Weis Geschichten ze erzielen

Mam Programm vum Fabula Rasa versetzen d’Rotondes de Spectateur an

Brasilien kritt d‘Pandemie net an de Grëff
International Neiegkeeten

Brasilien kritt d‘Pandemie net an de Grëff

Laut offiziellen Erhiewunge liewen eng 13 Millioune Mënschen an de

Parkipelago: Artifiziell Inselen bidden Oas am Hafen vu Kopenhagen

Kleng Insele - Grouss Iddien

Parkipelago: Artifiziell Inselen bidden Oas am Hafen vu Kopenhagen

Esou sollen Natur an Entspanung zeréck an déi opgeschlossen dänesch Haaptstad kommen: Zesumme mam australeschen Architekt Marshall Blecher an der dänescher Firma Studio Fokstrot wäert den Hafenberäich vu Kopenhagen duerch ee gréngen Archipel, deen den Numm Parkipelago dréit, verschéinert ginn. Nodeems de Prototyp aus dem Joer 2018 immense Succès erlieft huet, gëtt de Projet ëm weider artifiziell Inselen vergréissert.

Mat senger Klenger Siren, de léiwe Gaassen, faarwegen Haiser, gemëscht mat moderner Architektur ass d’Hafestad Kopenhagen net fir näischt e beléift Touristenzil. Ma, 2018 huet den Marshall Blecher mat Kreativitéit a guddem Gespier de Prototyp vun der kënschtlecher Insel CPH-Ø1 per Hand opriichte gelooss.

Mat senge 20 m² an der 6 Meter héijer Lann konnt der Bevëlkerung an de Visiteure eng kleng Oas matten an der dänescher Haaptstad gebuede ginn. D’Plaz gëtt zënterhier genotzt fir ze fëschen, ze grillen, ze entspanen oder och d’Stären ze kucken. Duerch de groussen Erfolleg soll d’Konzept elo ausgebaut ginn.

Kopenhagen

Den CPH-Ø1 ass déi éischt artifiziell Insel vun dësem Projet.

E schwammende Park um Hafen

Zil vum Blecher an dem Studio Fokstrot ass et gutt Laun an d’Natur an d’Stad ze bréngen. Dësen innovative Konzept stellt eng nei Aart vun der Entspanung am ëffentleche Raum duer. D’Gerüst soll dobäi aus Stol bestoen, wärend d’Inselen duerch recyceled Material um Schwamme gehale ginn. Uschléissend ginn déi verschidde Plattformen um Grond vum Hafen befestegt, sollen awer all Saison e bëssen beweegt ginn.

Kopenhagen

© Marshall Blecher

„Déi gréisst Insel wäert aus néng Modullen bestoen mat weideren eenzelen Inselen, déi niewendru schwammen“, erkläert de Marshall Blecher. Duerch Gréngs an d’Fläch ënnerwaasser gëtt awer och neie Liewensraum fir Déieren, Insekten a Fësch versprach.

Esou seet de Blecher weider: „D’Uewerfläch vun den Inselen gëtt mat heemeschem Gras, Hecken a Beem beplanzt, déi eng Zouflucht, matten an engem soss héich entwéckelten Deel vun der Stad, fir Méiwen, Schwanen, Dauwen an Inten bidde wäerten“. Ënnert der Insel ass déi ideal Plaz fir Séigras a Mollusken, déi dann erëm eng gutt Ëmgéigend fir Fësch an aner Waasserliewewiese bidden.

Nach an dësem Joer sollen dräi Inselen bei de Prototyp bäikommen. Si sinn oppen a gratis fir jiddwereen. E weidere Pluspunkt vum Projet ass déi immens Flexibilitéit, sou datt an Zukunft ëmmer weider kann ausgebaut ginn.

Kopenhagen

Den CPH-Ø1, gëtt nämlech duerch den CPH-Ø2 an den CPH-Ø3 verstäerkt. D’Plattforme sinn dobäi op verschidden Aktivitéiten ausgeriicht an a Beräicher ënnerdeelt: Schwamm-Zonen ginn begleet vun Saunaen, wärend op enger anerer Plattform e Gaart ze fannen ass oder och e klenge Café.

Opmaacherfoto © Marshall Blecher

Related topics Archipel, Architektur, artifiziell Inselen, CPH-Ø1, Dänemark, Entspanung, Kopenhagen, Liewensraum, Marshall Blecher, Natur, OAS, Parkipelago, Plattform, Stad, Studio Fokstrot, Urban Design
Next post Previous post