Search

You may also like

Gratulatioun: Vereedegung vu 60 neie Fonctionnairen
International Neiegkeeten

Gratulatioun: Vereedegung vu 60 neie Fonctionnairen

Um Freideg, den 11. Oktober 2019 huet d’Lydie Polfer, Buergermeeschtesch

Schëfflenger Konschthaus: E kulturellen Start mat Loft a Waasser
International Neiegkeeten

Schëfflenger Konschthaus: E kulturellen Start mat Loft a Waasser

„Konscht ass dofir do, de Stëbs vum Alldag ofzeleeën“, sou

Déi nei cityapp – VDL: E personaliséierbaren Outil fir den Alldag
International Neiegkeeten

Déi nei cityapp – VDL: E personaliséierbaren Outil fir den Alldag

Mat neie Méiglechkeete fir den Notzer a villen nëtzlechen Eegenschaften

De „roude Block“ gewënnt d‘Parlamentswahlen an Dänemark

E Regimewiessel mat Bléck op de Klimawandel an d‘Migratioun?

De „roude Block“ gewënnt d‘Parlamentswahlen an Dänemark

D‘Dänen hunn sech bei de Parlamentswahle fir eng nei Regierung entscheet an d‘Sozialdemokraten zur stäerkster Kraaft am Land gemaach. D‘Bündnis vum liberale Ministerpresident huet hir Majoritéit verluer an hien esouwuel seng Néierlag unerkannt wéi och säi Récktrëtt ugekënnegt.

Dänemark

Nodeems géint Mëtternuecht bal all Stëmmen ausgezielt waren, konnt et keng Zweiwel méi ginn: Dänemark kritt eng nei Regierung. D‘Sozialdemokrate sinn déi dreiwend Kraaft am Land an sollte mat hirem „lénke Bündnis“ op 91 vun den 179 Mandater kommen. Domatter géif d‘Mette Frederiksen mat hiren 41 Joer, déi jéngst Regierungscheffin an der Geschicht vum Land ginn.

A während den amtéierende Ministerpresident Lars Lokke Rasmussen seng Néierlag schonn ugeholl a säi Récktrëtt ugekënnegt huet, konnt d‘Mette Frederiksen hir Partei zum Wahlgewënner ausruffen. Si huet vun enger historescher Victoire geschwat an, datt d‘Dänen sech eng nei Regierung an eng nei politescher Ausriichtung wënschen. Dat trëfft besonnesch op d‘Jugend zou.

Klimawahl?

Un déi vill jonk Wieler huet d‘Mette de Message geriicht: „Dir hutt dës Wal zur éischter Klimawahl an der Geschicht vun Dänemark gemaach“. Woubäi de Klima net dat eenzegt war, wat de lénke Block am Wahlkampf zu sengem Virdeel notze konnt. Beim Thema „Migratioun“ konnten sech d‘Sozialdemokrate mat hirer neier Ausriichtung, Stëmmen aus dem populistesche Lager sécheren.

 

Dänemark

Déi populistesch Vollekspartei, déi nach bei de leschte Walen op 21% vun de Stëmme komm war, ass wuertwiertlech ofgestrooft ginn an kritt keng 9% zesummen. Hire Parteichef, Kristian Thulesen Dahl, huet nach um Wahlowend d‘Situatioun als „Schlëmm“ ëmschriwwen, awer net den Uschäi gemaach säin onséilege Kampf opzeginn. Un der politescher Ausriichtung géif net gefréckelt…

Koalitioun?

D‘Wahlgewënner an Dänemark awer sinn – wann och zimlech knapp – d‘Sozialdemokraten déi op 25,9% kommen, während déi liberal Venstre wuel nach e puer Prozentpunkte bäileeë kann, mee um Enn mat 23,4% awer nëmmen déi zweet Wiel. Och zwou „anti-Moslemesch“ Parteien hu bei de Wahle matgemaach, a kommen nees iwwert déi 2%-Hürd. Vläicht nëmmen en Detail an awer…

Dänemark

Geet et dem Mette Frederiksen no, kéint et zu enger sougenannter Minoritéitsregierung kommen. Si hat et am Wahlkampf annoncéiert an huet et gëschter no bekannt gi vun de virleefege Resultater nach emol gesot: Wann et ëm d‘Migratioun geet wëll si mat de „Rietsen“ kollaboréieren a bei sozialen Theme mat deene „Lénken“ zesummeschaffen. Dat ass gewot a wërft och Rei froen op.

mat indymedia/cph

Foto: Et schéngt scho bal Seelenheetswäert ze hunn wa Sozialisten an Europa eng Nationalwahl als Gewënner bestreiden. Anescht léisst sech de medialen Undrang net méi erklären. © Yildiz Akdogan

Related topics Dänemark, Lars Lokke Rasmussen, Mette Fredriksen, Parlamentswahlen
Next post Previous post