Search

You may also like

LCGB: Fuerderung fir d’Existenzängscht vu vulnerabele Persounen ze besäitegen
International Neiegkeeten

LCGB: Fuerderung fir d’Existenzängscht vu vulnerabele Persounen ze besäitegen

Mat de fortschreidende Lockerungen hu sech vill als vulnerabel agestuuft

„Mam Sarah sengem Depart, ass een Deel vu mengem Häerz erausgerappt ginn“
International Neiegkeeten

„Mam Sarah sengem Depart, ass een Deel vu mengem Häerz erausgerappt ginn“

Den Doft vu frësch gebakene Kichelcher. D’Liichter vun de bonte Girlanden, déi

Alles Guddes fir zesummen 95 Joer!
International Neiegkeeten

Alles Guddes fir zesummen 95 Joer!

Um haitegen Dag kënne LL.AA.RR. de Groussherzog Henri a säi

Keng Iwwerraschung bei de Parlamentswahlen a Polen

Keng Iwwerraschung bei de Parlamentswahlen a Polen

Déi Nationalkonservativ PiS-Partei läit no de Wahlen an de Prognose wäit, ganz wäit virun der politescher „Konkurrenz“. Dem Jaroslaw Kaczynski seng Partei gëtt mat 43,6 % vun de Stëmme kreditéiert, während dat gréisst Oppositiounsbündnis, déi liberalkonservativ Biergerkoalitioun (KO) 27,4% zougestane kritt.

Domatter sollt de Ministerpresident Mateusz Morawiecki e weidert Mandat ustriewe kënnen. Virun den Unhänger sot hie gëschter Owend: „Dëst Resultat gëtt eis ee grousse gesellschaftlechen Optrag, mir hu Vertraue gewonnen“. Sinn Prognose richteg, an dorunner gëtt et kaum Zweiwel, dann huet d‘PiS-Partei mat 239 Mandater, déi absolut Majoritéit. Dofir sinn 231 Deputéiert noutwenneg.

Polen

De fréiere President Lech Walesa huet zu Gdansk seng Stëmm ofginn a gemengt: „Et ass egal wien dës Wal gewënnt, et wäert vill Problemer a Polen ginn“. © Mirek Szczerba

An déi liberalkonservativ Biergerkoalitioun (KO) vun de fréierer „Biergerplattform“ (PO) huet mat 27,4% hir Ziler verpasst, grad wéi d‘Lënksbündnis SLD, mat grad esou 11,9%. D‘Bauerepartei PSL (konservativ) bleift mat 9,6% sécher am Parlament an och dem rietsradikale Janusz Korwin-Mikke seng „Konfederacja“ kann sech mat 6,4% e puer Sëtzer an der Sjem (Chamber) sécheren.

Säit dem Regierungswiessel 2015, huet d‘PiS-Partei ënnert dem Slogan „dobra zmiana“ (gudde Changement) net nëmmen déi politesch Landschaft verännert, si hunn och dem Land hire Stempel opgedréckt. Villes gouf a soll nach reforméiert ginn, wat Bréissel Kappzerbrieches bereet. Esou beispillsweis d‘Reform vun der Justiz, déi mat der EU-Kommissioun fir Gestreits um EuGH suergt.

mat indymedia/waw

Related topics Jaroslaw Kaczynski, Mateusz Morawiecki, Parlamentswahlen, PiS-Partei, Polen
Next post Previous post