Search

You may also like

D’80/80/90-Reegelung gëtt ofgeschaaft!
International Neiegkeeten

D’80/80/90-Reegelung gëtt ofgeschaaft!

En Dënschdeg huet d’Parlament no laangen Diskussiounen d’Ofschafung vun der

ACL: Sécher duerch de Wanter!
International Neiegkeeten

ACL: Sécher duerch de Wanter!

Och an dësem Joer lancéiert de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) seng

„Sputnik-V“: Den Zar léisst de Vaccin zou
International Neiegkeeten

„Sputnik-V“: Den Zar léisst de Vaccin zou

Déi ganz Welt ass op der Sich no engem Vaccin

Parlamentswalen a Bulgarien: Déi Konservativ bleiwe stäerkste Kraaft

Parlamentswalen a Bulgarien: Déi Konservativ bleiwe stäerkste Kraaft

Bei der Parlamentswal a Bulgarien huet dem Ministerpresident Bojko Borrissow seng Partei GERB éischte Prognosen no, wuel zolidd un Terrain verluer, si wier awer nach ëmmer déi stäerkste Partei am Land. Ob et dem konservative Leader nach emol geléngt eng Koalitioun op d‘Been ze stellen?

Vun 33,5% am Joer 2017 op elo 25% erofgerutscht, kéint ee behaapten datt d‘Regierungspolitik bei de Leit net gutt ukomm ass. Ganzer siwe Parteien hunn den Anzuch an d‘Parlament gepackt, an eng ganz Rëtsch vun dësen, huet scho fréi bekannt gemaach, keng Allianz mat der GERB unzestriewen. Sollt et dann elo awer net zu enger Regierungsbildung kommen, sinn Neiwalen net ausgeschloss.

Bulgarien

Entspriechend de leschten Zuelen, wiere d‘Sozialisten – si kommen op 17,6% – déi zweetstäerkste politesch Kraaft. Op der drëtter Plaz stéing d‘ITN (et gëtt ee Vollek) vum Sänger a populären TV-Moderator Salwi Trifonov, deene 15% zougeschriwwe ginn. Zwou weider Protestparteien, déi sougenannt Tierkepartei DPS an déi nationalistesch VMRO, hunn sech och Mandater geséchert.

Berécksiichtegt een dës Kräfteverhältnisser, dierft eng Regierungsbildung zumindest komplizéiert ginn. Dat berout um Fakt, datt vill vun de Parteien, déi d‘4%-Hürd gestemmt kruten, verschidden – fir net ze soen opposéiert – Prioritéiten hunn. Esou ass deenen engen, déi zum 1. Januar 2023 vum Bojko Borrissow ugestrieften Aféierung vum Euro, eng ganz wichteg Ugeleeënheet. Mécht Sënn…

Bulgarien

D‘Sozialisten hirersäits, wëllen nees méi enk mat Russland zesummeschaffen an d‘ITN steet nach ëmmer fir ee Systemwiessel… De Bojko Borrissow huet awer och ee bëssi eppes Opweises: et ass him gelongen d‘Staatsschold an de gitt ze halen, wat ënnert de bekannten Ëmstänn, duerchaus als „Leeschtung“ ze bewäerten ass. Trotzdeem gouf et 2020 a Bulgarien massiv Demonstratiounen.

Fir vill Bulgaren huet de Bojko Borrissow bei wichtegen Themen – wéi der Korruptioun an/oder der Justizreform – versot. Et gëtt der Regierung zudeem ënnerstallt, EU-Gelder „kanaliséiert“ ze hunn an Entreprisen déi der GERB nostinn, bevirdeelegt ze hunn. Mee och beim Kampf géint de Covid19, leeft et net gutt. Iwwer 4.000 Neiinfektiounen/Dag an 2. héchst Stierfquot an der EU…

mat indymedia/sof

Related topics Bojko Borrissow, Bulgarien, Korruptioun, Oppositioun, Parlamentswalen, Regierungsbildung
Next post Previous post