Search

You may also like

US-President mat neier Provokatioun
International Neiegkeeten

US-President mat neier Provokatioun

Mat der Fuerderung vum Donald Trump, déi europäesch Länner hätte

Maintenance-Aarbechten um Panoramalift (05.10.2020)
International Neiegkeeten

Maintenance-Aarbechten um Panoramalift (05.10.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt ab e Méindeg, de 5.

ANNULEIERT!! 9. November: De Marsch fir d‘Fräiheet
International Neiegkeeten

ANNULEIERT!! 9. November: De Marsch fir d‘Fräiheet

Wéinst Problemer mam Parcours, déi den Tramschantieren an de Chrëschtmäert

Ass elo Schluss mat „Parler“?

No Google an Apple huet och Amazon d‘Applikatioun „Parler“ vu sengen Déngschter ausgeschloss

Ass elo Schluss mat „Parler“?

Nodeems Twitter a Facebook dem Donald Trump an enger Rei vu senge soziale Kontakter d‘Konte gespaart hunn, huet sech déi rietsradikal Communautéit „een anere Wee“ gesicht. Bei „PARLER“, enger Plattform fir Mikroblogging mat ronn 10 Milliounen Notzer, déi 2018 vum John Matze, Jared Thompson an dem Rebekah Mercer am Nevada gegrënnt gouf, wollten si ënnerdaach kommen…

Dat war den Internetkonzerner Google an Apple net entgaangen, an déi hunn d‘Applikatioun séier aus hirer Offer erausgeholl. Och beim Jeff Bezos sengem Veräin, wou „Parler“ gehost gëtt, war een der Meenung, datt et grad ganz Opportun wier, sech dem Trend unzepassen, an esou huet Amazon dat soziaalt Netzwierk einfach ofgeschalt. „Parler“ brauch elo en neien techneschen Ubidder.

Parler

An engem Schreiwes u „Parler“ huet Amazon däitlech gemaach, datt d‘Plattform net séier genuch géint gewalttäteg Inhalter virgaangen ass. Amazon well eng Zounam vu gewalttätegen Inhalter op der Websäit vu „Parler“ gesinn hunn, an dat géif direkt géint alleguerten déi vum Konzern opgestallten Notzungskonditioune verstoussen. Hei gëtt „Parler“ als Sécherheetsrisiko duergestallt.

Fir den John Matze, dee mat dëser Applikatioun eenzeg an eleng fir Meenungsfräiheet asteet, ass de Beschloss vun de GAFA eng batter Pëll déi muss geschléckt ginn. Hien huet awer wësse gelooss, datt een op der Sich no engem neien Host ass, an d‘User vu „Parler“ sech op eng laang Woch ouni Messagerie astelle mussen. Esoulaang bréicht et, bis alles an enger neier Wollek ënnerbruecht ass.

Parler

Wat seng „Gesënnung“ betrëfft, esou den John Matze ni en Heel dorausser gemaach, e grousse Fan vun der faschistescher Ideologie ze sinn. An esou Plattformen – Parler ass mat „Newsmax“ an/oder „Rumble“ a beschter Gesellschaft – hunn sech jo och iergendwéi imposéiert, nodeems Facebook an Twitter sech ugestrengt hunn, a géint Falschmeldungen an Hetz ugefaangen hu virzegoen.

Dat seet och villes iwwert dem Trump seng „Fans“ aus, déi am November massiv migréiert sinn. Iwwer 4,5 Milliounen nei Notzer huet „Parler“ tëscht dem 6. an 10. November fonnt. Interessant allerdéngs ass dem Kontext och nach een anere Constat: reng emotional betruecht, kann een et jo begréissen, wa rietsradikale Schäiss a méi generell Falschmeldunge bekämpft ginn, mee esou?

Parler

Bis ewell war et nach ëmmer esou, datt d‘Gesetzer bestëmmt hu wat „rechtens“ ass. Gutt, datt esou Konzerner wéi Amazon, Facebook, Google an Twitter zuweilen och un de Gesetzer (net nëmmen an den USA, mee natierlech och an Europa) matschreiwen ass bekannt a schéngt jo esouwäit weder d‘Bierger nach d‘Justiz selwer ze beonrouegen. An elo ginn déi och nach zur moralescher Instanz.

Eng Moral déi eng strikt finanziell ausgeriichte Grondlag huet, wat sech och doduerch beleeë léist, dat wärend de chaotesche BLM-Wochen – do war jo nach laang net gewosst op de Donald Trump eng zweet Ronn géif zougestane kréien – den US-President an säin Unhang zolidd Onrou gestëft hunn, ouni datt et do Stress ginn hätt. Ob si hien och gespaart hätte wann een erëmgewielt gi wier?

Parler

Konte spären, Plattforme keng Heemecht bidden… all dat ass op de Moment séier visibel a bréngt deels och entspriechend Luef, schlussendlech bleift et Marketing. Et wäert Hosts ginn an esouguer Länner (Ungarn schéngt predestinéiert) déi dëst Lach wäerten ze stoppe wëssen. An den Donald Trump ass elo och net deen eenzegen Diplomat, wou an de sozialen Netzwierker randaléiert huet.

mat indymedia/nyc

Related topics Amazon, Demokratie, Facebook, Google, Meenungsfräiheet, Parler, Sozial Netzwierker, Twitter
Next post Previous post