Search

You may also like

Wann 120.000 Zigarettestëmp zu bedeitender Konscht ginn
Neiegkeeten

Wann 120.000 Zigarettestëmp zu bedeitender Konscht ginn

Wat den Een als Dreck ugesäit, ka sech fir een

Loscht op al Steng an eppes Geschicht?
Neiegkeeten

Loscht op al Steng an eppes Geschicht?

Am September ginn zwou guidéiert Visitte vum Fort Obergrünewald ugebueden.

Referendum zu Sandweiler
Neiegkeeten

Referendum zu Sandweiler

Zanter ee puer Méint dréint sech der „Gewerbesteier-Schlofgemeng“ alles ëm

Partielle Chômage: All Informatioune bis Enn des Jores

Partielle Chômage: All Informatioune bis Enn des Jores

Mam Enn vum État de Crise a fir d’Wirtschaft nees opliewen ze loossen, goufen nei Modalitéiten zum partielle Chômage fir Entreprisen, déi vun der Kris getraff goufen, opgestallt ginn. Ab Juli a bis den 31. Dezember 2020 wäerten dës Modalitéite gëllen.

Fir seng Demande zur Kuerzaarbecht anzereechen wäerten d’Datumer fir déi nächst zwee Méint folgendermoossen ausgesinn:

  • D’Demande fir de Juli 2020 mussen vum 20. bis de 26. Juni 2020 inclus iwwert MyGuichet.lu agereecht ginn;
  • D’Demande fir de Mount August mussen vum 1. bis den 12. Juli 2020 inclus iwwert MyGuichet.lu agereecht ginn;
  • Fir d’Méint September, Oktober, November an Dezember mussen d’Demanden spéitstens 12 Deeg virun der Period vun der ugefroter Zäit vun der Kuerzaarbecht agereecht ginn.

De partielle Chômage kann dobäi net retroaktiv accordéiert ginn. D’Demande muss obligatoresch iwwert den elektronesche Wee an iwwert de professionellen Raum op der Plattform MyGuichet.lu agereecht ginn. Dobäi benéidegt een entweder ee LuxTrust (Token, Smartcard oder Signing Stick), respektiv eng elektronesch Carte d’Identité.

Den elektronesche Formulaire, deen ab dem 20. Juni online ass, gouf vum Wirtschaftsminister erstallt, mat Ënnerstëtzung vum CTIE.

Ab dem 18. Juni 2020 kann een d’Hotline 8002-9191 all Schaffdag vun 8:00 bis 17:00 Auer notzen, fir Äntwerten op d’Froen zum partielle Chômage ze kréien.

Related topics Demande, elektronesch Ënnerschrëft, finanziell Hëllef, Kuerzaarbecht, partielle Chômage, Sanitär Kris, Token, Wirtschaft
Next post Previous post