Search

You may also like

Mëssfalen um Haff zu den ongerechte Beschëllegungen
International Neiegkeeten

Mëssfalen um Haff zu den ongerechte Beschëllegungen

Ech adresséiere mech un Iech vu mengem Schwoer sengem Bett

Kornischongswaasser amplaz Streesalz?
International Neiegkeeten

Kornischongswaasser amplaz Streesalz?

Am vergaangene Wanter huet déi bayresch Staatsbauverwaltung e Pilotprojet lancéiert,

Nom Feier zu Moria: wouhinner mat de Leit?
International Neiegkeeten

Nom Feier zu Moria: wouhinner mat de Leit?

D‘Opfanglager zu Moria op der griichescher Insel Lesbos (Ägäis) war

Endlech eng Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an dem Yad Vashem

Endlech eng Partnerschaft tëscht Lëtzebuerg an dem Yad Vashem

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend Claude Meisch an d’Richelle Budd Caplan, Direktesch vum europäeschen Departement vun der International School for Holocaust Studies vu Yad Vashem, hunn um 4. Juni 2019 eng Deklaratioun ënnerschriwwen, fir esou am Beräich vum Enseignement an der Geschicht vun der Shoah ze kooperéieren.

Heibäi handelt et sech ëm den éischten Accord vun dëser Aart tëscht dem Grand-Duché an dem „Yad Vashem – The World Holocaust Remembrance Center“, een internationalen Institut zu Jersualem fir d’Shoah an Erënnerung ze halen.

Bei der Kooperatioun solle virun allem Formatiouns-Programmer fir d’Enseignanten an Educateuren ugebuede ginn. D’Participante sollen dobäi hiert Wëssen iwwert d’Liewe vun de Judde virun, wärend an nom Holocaust verdéiwen. Dës weidere gëtt de Yad Vashem den Lëtzebuerger Autoritéite vun de Schoulen Accès op d’Informatiounen an pedagogescht Material zur Shoah.

Yad Vashem

(v.l.n.r.) Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend; Richelle Budd Caplan, Direktesch vum europäeschen Departement vun der International School for Holocaust Studies vu Yad Vashem © MENEJ

Fir de Claude Meisch ass dës Partnerschaft mam Yad Vashem „eng nei wichteg Etapp, déi sech an eng breet Dynamik aschreift, déi sech op rezent Recherche-Projete baséiert an ustrieft eis Aufgab zur Erënnerung ze fëllen. Dës wäertvoll Kollaboratioun mam israeleschen Institut wäert eis hëllefen den Enseignement vun der Shoah ze fërderen an den béidsäitegen Dialog zu dësem Thema ze erhalen.“

Duerch dat erhéichten Opkomme vun Antisemitismus an zuelräichen europäesche Länner ass eng verdéift Reflexioun zu de Verbrieche vun eiser Vergaangenheet, d’Sensibilisatioun an d’Educatioun mat géigesäitegem Respekt vun immenser Bedeitung. Dobäi kënnt, datt et just nach wéineg Zäitzeie ginn, déi engem perséinlech Erfarungen iwwermëttele kënnen.

De Wee zu dësem Accord ass net eleng vum Yad Vashem geluecht ginn, mee och vun der Fondatioun MERCi (Maison européenne pour le rayonnement de la citoyenneté) an der Associatioun Témoins de la 2e Génération. Säit 2016 erméiglechen si et all Joer 5 Enseignanten an Educateuren aus Lëtzebuerg fir un de Seminären am Yad Vashem deelzehuelen. D’Formatioun ass vum Formatiouns-Institut vun der nationaler Educatioun unerkannt. Weider Informatioune kritt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Yad Vashem – International Holocaust Gedenkstätte

Related topics Claude Meisch, Educatioun, Formatioun, Holocaust, Juddentum, Shoah, Yad Vashem
Next post Previous post