Search

You may also like

Treffen tëscht Bettel a Merkel zu Berlin
International Neiegkeeten

Treffen tëscht Bettel a Merkel zu Berlin

Eise Premierminister Xavier Bettel war gëschter op Besuch zu Berlin

Kastagnetten ausgepaakt! Flamenco Festival 2019
International Neiegkeeten

Kastagnetten ausgepaakt! Flamenco Festival 2019

Wéi déi Jore virdrun och, wëllen de Cercle Culturel Espagnol

money
Brexit: Si wollten en, si hunn en an elo gëtt et Interessant…
International Neiegkeeten

Brexit: Si wollten en, si hunn en an elo gëtt et Interessant…

Dem Boris „King of the World“ Johnson säi Slogan am

Passeport de Vie: Wien huet nach net, wien wëll nach emol?

Passeport de Vie: Wien huet nach net, wien wëll nach emol?

D’Regierungsmembere kruten haut vum Gesondheetsminister Étienne Schneider de „Passeport de Vie“, eng kleng Kart, déi et erméiglecht seng eegen Decisioun zur Organspend unzeginn, iwwerreecht.

An dësem Kader wëll d’Regierung hir Ënnerstëtzung bei der Organspend zu Lëtzebuerg ausdrécken. Dës kleng Kart dréckt een Akt vun der Generositéit aus a weist, datt ee Liewe rette wëll. Esou ënnersträicht den Étienne Schneider, datt leider vill ze vill Mënschen net vun enger Transplantatioun profitéiere kënnen. De Mangel un Organer ass eng traureg Realitéit un der d’Patiente leide mussen. Dofir ass et ëmsou méi wichteg d’Populatioun zu dëser alarméierender Situatioun ze informéieren.

(v.l.n.r.) 1 Rei: Claude Turmes, Energieminister; Taina Bofferding, Inneministesch; Félix Braz, Vize-Premierminister; Xavier Bettel, Premier; Étienne Schneider, Gesondheetsminister; Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch – 2. Rei: Dan Kersch, Sportsminister; Claude Meisch, Edukatiounsminister; Romain Schneider, Landwirtschaftsminister; Lex Delles, Tourismusminister; Marc Hansen, delegéierten Digitaliséierungsminister; Sam Tanson, Kulturministesch; François Bausch, Minister vun der banneschter Sécherheet © SIP/ Jean-Christophe Verhaegen

D’Situatioun zu Lëtzebuerg

Am Joer 2018 hunn 78 Bierger op eng Transplantatioun geward. Dobäi konnten 21 Organer vu 7 Spender genotzt ginn. A Kollaboratioun mat Eurtransplant konnte weider 34 Persounen am Ausland een Organ transplantéiert kréien.

Laut dem Gesetz vun 1982 zur Entnam vun Organer a mënschlechem Gewebe ass jiddwereen vun eis Organspender no sengem Dout, ausser et entscheet ee sech explizit dogéint.

An der Praxis mussen déi Professionell aus dem Gesondheetsberäich trotzdeem d’Awëllegungg vun der Famill oder den Noosten anhuelen. Leider entscheede sech hei vill Memberen géint d’Organspend.

D’Broschür, sou wéi d’Kart zur Organspend kann ee gratis via Telefon (247-85 56 9) bestellen oder iwwert www.sante.lu an www.dondorganes.lu eroflueden.

Related topics Organspend, Passport de Vie, Regierung, Transplantatioun, Xavier Bettel
Next post Previous post