Search

You may also like

30 Joer Fleegestatioun fir wëll Déieren: 3200 Patiente ginn all Joer opgeholl!
Business Neiegkeeten

30 Joer Fleegestatioun fir wëll Déieren: 3200 Patiente ginn all Joer opgeholl!

Zënter 1989 këmmert sech d’Associatioun natur&ëmwelt mat senger Fleegestatioun fir

moneysurprise
El Salvador: Bitcoin als offiziell Wärung unerkannt
Business Neiegkeeten

El Salvador: Bitcoin als offiziell Wärung unerkannt

Zanter Gëschter ass am mëttelamerikaneschen El Salvador d‘Kryptowärung Bitcoin ee

D’DP trauert em de Paul Helminger
Business Neiegkeeten

D’DP trauert em de Paul Helminger

Mam Paul Helminger verléiert Lëtzebuerg e Politiker, deen d’Land an

Eng Passerell fir déi Stater Gar

Eng Passerell fir déi Stater Gar

Zanter dem 15. September ass d‘Passerell vun der Stater Gar nees fir de Public zougänglech. Vill M Mënschen hunn hei Dag a Nuecht geschafft fir dat Termingerecht un d‘rullen ze kréien. Domadder ass d‘Verbindung tëscht dem animéierte Garer Quartier an dem rouege Quartier Bouneweg nees op.

Nach sinn net all d‘Lifter operativ, mee et geet virun a bis Joresenn misst alles esou zur Verfügung stoe wéi d‘Passagéier et brauchen. Wichteg war et modern an inklusiv ze gestalten. Wann all déi nach opstoend Aarbechten ofgeschloss sinn, ass de barrièrefräien Zougang op der ganzer Passerell méiglech. Dat awer wéi gesot dierft Enn Dezember ginn. Hei brauch et also nach eppes Gedold.

Et huet nach vill weider Amenagementer ginn, d‘Ausbau a Moderniséierungsaarbechte sinn iwwer de Summer gutt virukomm, den Detail géif wuel de Kader vun der Kuerzmeldung sprengen, mee dat mat der Rekonfiguratioun vum Gleisplang, bitt vill Avantagen an de Cliente vun der CFL ee gréissere Komfort. Nach huet et hei an do eppes Problemer, déi sollten sech peu-à-peu léisen…

Foto: © CFL

Related topics CFL, Eisebunn, Moderniséierungsaarbechten, Passerell, Stater Gar
Next post Previous post