Search

You may also like

Den Trump: vum Saulus zum Paulus
Neiegkeeten

Den Trump: vum Saulus zum Paulus

Elo schwätzt dann och den amerikanesche President vu Rassismus. Dat

Hunn d‘Amerikaner den Abu Bakr al-Baghdadi ëmbruecht?
Neiegkeeten

Hunn d‘Amerikaner den Abu Bakr al-Baghdadi ëmbruecht?

Et ass wuel nach näischt „confirméiert“ mee de Milliardär, deen

G20 Sommet: Wéineg Erfreeleches
Neiegkeeten

G20 Sommet: Wéineg Erfreeleches

Dat hat sech Däitschland anescht virgestallt. Amplaz vu schéine Biller,

Fir Foussgänger a Cyclisten: Eng modern Passerell an der Stad Lëtzebuerg

Fir Foussgänger a Cyclisten: Eng modern Passerell an der Stad Lëtzebuerg

Am Hierscht 2021 soll tëscht der Avenue J.F. Kennedy an dem Park vun den Dräi Eechele eng dynamesch a modern Passerell gebaut ginn, déi de Foussgänger a Cyclisten en einfachen Zougang a Richtung MUDAM, respektiv zur Rouder Bréck bidde soll.

Fir d’Fonds Kirchberg ass et e besonnescht Uleies der doucer Mobilitéit méi Plaz ze bidden. Gläichzäiteg kritt de Mënsch deen d’Passerell notzt, ob zu Fouss oder um Vëlo déi néideg Sécherheet, fir schnell vun A no B ze kommen.

Passerell© Mimram Ingénierie a Fabeck Architectes

E wichtege Punkt bei dësem Projet war et, dass e Maximum u Beem erhale soll bleiwen. D’Architekten an Ingenieuren – an dësem Fall Marc Mimram Architecture Ingénierie, Fabeck Architects an de Bureau Greisch – hunn decidéiert, op d’Tëscheräim vun de vereenzelten a gruppéierte Beem anzegoen. Si definéiere schonn ee bestëmmte Wee, deem ee beim Bau vun der Passerelle nogoe well. Esou solle Stad an Natur enk verbonne ginn.

Passerell© Mimram Ingénierie a Fabeck Architectes

D’Konstruktioun stécht duerch seng dynamesch Form, seng vill Welle-Form an d’Material ervir. Genotzt gëtt nämlech raschtfräiem Stol vum Typ Duplex, deen duerch seng mechanesche Eegenschaften, seng Widderstandsfäegkeet a seng Halbarkeet iwwerzeegt huet.

Den Inox braucht nämlech keen Anti-Korrosioun-Schutz an erfuerdert just wéineg Entretien. Déi eenzel Stécker ginn duerch e Bolzesystem verbonnen. Esou konnt een och nees mam Material dorop agoen, dass der Ëmwelt net geschuet soll ginn.

PasserellEn Echantillon vun der neier Passerell © Romain Girtgen

Ma, esou Konstruktiounen aus Inox unzefäerdegen ass bei eis an der Géigend eng Raritéit. Aus dësem Grond soll am viraus e Prototyp entstoen.

Ass een da schonn am Gaang eng bal schonn artistesch Passerell ze bauen, da wëll een der Konstruktioun nach de Punkt op den i setzen. Der polnescher Artistin Monika Sosnowska hire Skulpturenensembel „Conrete and Rebar“ gëtt fest an d’Ëmgestaltung abezunn a wäert zum Dialog tëscht dem Park an de Beem mat der Passerell an de Gebaier an der Ëmgéigend féieren.

PasserellCONCRETE AND REBAR (2020)

D’Bauaarbechte solle bis Fréijoer 2023 fäerdeg sinn. D’Passerell wäert dann Dimensioune vun 87 Meter Längt, 12 Meter Héicht a bis zu 3,5 Meter Breet opweisen. De Projet kascht 4 Milliounen Euro.

Opmaacherbild: © Mimram Ingénierie a Fabeck Architectes

Related topics Avenue J.F. Kennedy, Cyclisten, Douce Mobilitéit, Fabeck Architectes, Fonds Kirchberg, Foussgänger, Mimram Ingénierie, MUDAM, Passerell, Rout Bréck
Next post Previous post