Search

You may also like

Dammefussball: D‘Entente Izeg-CeBra1 ausgerutscht
Kultur Neiegkeeten

Dammefussball: D‘Entente Izeg-CeBra1 ausgerutscht

Et war gëschter zu Zéisseng um Stade Boy Kohnen schonn

Ministère wëllen eng mi “gesond” Präispolitik bei de Spidolsparkingen
Kultur Neiegkeeten

Ministère wëllen eng mi “gesond” Präispolitik bei de Spidolsparkingen

Zënter Woche sinn d’Präisser vun de Parkingen vun de Spideeler

Wat wëllen déi Konservativ?
Kultur Neiegkeeten

Wat wëllen déi Konservativ?

Um Dënschdeg Owend hat déi kierzlech vum Joe Thein gegrënnte

Patient Zero mat „Unrequited Love“ – Léiwer kämpfen oder vergiessen?

Patient Zero mat „Unrequited Love“ – Léiwer kämpfen oder vergiessen?

Kennt Dir nach d’Lëtzebuerger Band Patient Zero? Am Abrëll lescht Joer hu sech 6 Museker aus verschidde Gruppen zesummefonnt fir vun Doheem aus kreativ ze sinn. Haut hu si hiert drëtt Lidd „Unrequired Love“ offiziell erausbruecht.

Mat engem Blues-Stéck ronderëm ee weise Mann huet d’Geschicht vum musikaleschen Zesummeschloss ugefaangen. Dës Kéier hunn d’Elise Nunes a Co sech beim Indie zerwéiert a behandelen dat wuel beléiftsten Thema an der Konscht: D’Léift.

Ma, déi verzweifelt Gittarstéin am Ufank loosse schonn dorobber schléissen, dass dës Bezéiung net geklappt huet. Wéi de Song-Titel „Unrequited Love“ et scho seet, goufen d’Gefiller nämlech net erwidert.

Just de Protagonist vum Lidd hat Päiperleken am Bauch, krut awer säi rosaroude Brëll erofgerappt. Kee Wonner also, dass d’Persoun sech freet, ob se un der Léift festhalen an dofir kämpfe soll, oder léiwer ophalen ier et wéi deet. Soll hien/si d’Erënnerungen esou schnell wéi méiglech vergiessen, fir nees ootmen ze kënnen?

Ma, d’Geschicht hannert dem Song berout op enger perséinlecher Erfarung, déi awer schonn eng Zäitchen hir ass. D’Situatioun huet misse verschafft an op de richtegen Zäitpunkt gewaart ginn. Am Interview huet d’Elise Nunes iwwregens dozou geroden ze goen, wann d’Léift net erwidert gëtt.

„Et bréngt iwwerhaapt naischt enger Illusioun nozelaafen. Et ass gut Hoffnung ze hunn, mee dat kann awer och en extremen negativen Impakt hunn, zumools wann et em Léift geht. Léift ass essentiel, e Besoin. Ech hunn lo d’Léift déi ech brauch an déi ech schon emër gewollt hunn“, sou d’Sängerin.

Patient Zero mat „Unrequited Love“

Alt nees gesi mir, dass Distanz fir eis Museker keen Hindernis ass a si no anere Weeër sichen, fir zesummen ze schaffen. Mir si gespaant ob dat, wat nach kënnt an hoffen, dass ee Patient Zero och geschwënn op engem richtege Concert kann erliewen.

Related topics Alex Logel, Band, Dan Fastro, Elise Nunes, Ewen Curreli, Léift, Musek, Päiperlek, Patient Zero, rosaroude Brëll, Steve Richer, Unrequited Love, Yves Ditsch
Next post Previous post