Search

You may also like

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter
Neiegkeeten

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter

Mat enge Ronn 50 Stänn, déi lokal Produkter verkafen a

Nationalfeierdag a Katalounien: Honnertdausende fir d‘Onofhängegkeet
Neiegkeeten

Nationalfeierdag a Katalounien: Honnertdausende fir d‘Onofhängegkeet

Säit elo geschwë 40 Joer zelebréieren d‘Katalanen zu Barcelona um

Déi grouss Nofro huet de Pilotprojet vum medezinesche Cannabis méiglech gemaach
Neiegkeeten

Déi grouss Nofro huet de Pilotprojet vum medezinesche Cannabis méiglech gemaach

Wann deen een oder anere vum Premierminister Xavier Bettel senger

Patiente fuerdere vun de „wäisse Gëtter“ méi Transparenz

Dokteren drécken sech net nëmmen onverständlech aus, och bei de Rechnunge bléckt keen duerch

Patiente fuerdere vun de „wäisse Gëtter“ méi Transparenz

De leschten Donneschdeg huet d‘Asbl Patiente Vertriedung säi Joresbericht fir 2018 presentéiert, an et dierf ee aleedend festhalen, dat et net wierklech Besser gëtt, mee de Patient sech net méi alles gefale léisst. Vill fillen sech hirem Dokter an/oder Chirurg nach ëmmer ausgeliwwert, och wann et heescht, datt de Patient ëmmer besser a virun allem méi „verständlech“ géif opgekläert ginn.

E weidere Punkt, deen der Asbl ëmmer méi verstäerkt als „Reklamatioun“ zougedroe gëtt: d‘Aart a Weis wéi „ofgerechent“ gëtt. Laut der Directrice Michèle Wennmacher géifen ëmmer méi Patiente verlaangen datt hinnen d‘Rechnung „erkläert“ gëtt, wéi dat mam Remboursement funktionéiert a wat et mat der Prise en Charge op sech huet. An dat mat de Rechnungen ass tatsächlech Krass.

Hei gëtt mat „Code“ geschafft, an och wann ee supposéiert datt keng béis Absichten derhannert stiechen, vill Leit hunn dat berechtegt Gefill, datt si hei iwwert de Leescht gezu ginn. Dobäi hat sech de medezinesche Corps jo emol zu méi Transparenz bekannt, mee den Dialog op Aenhéicht schéngen si mam Patient dann awer net féieren ze wëllen. Eng Spart stécht do besonnesch ervir.

Ass et onverständlech gëtt de Patient rosen

Laut der Asbl Patiente Vertriedung, sinn et ganz besonnesch d‘Rechnunge vum Zänndokter déi fir ëmmer méi Reklamatioune suergen. Et wier fir de Patient net méi novollzéibar, geschweig ze verstoen, firwat si ëmmer méi déif an déi eegen Täsch gräife mussen, am direkte Verglach zu aneren „Operatiounen“ déi wäit méi „Opwenneg“ oder „Ëmfangräich“ sinn. Esou d‘Feststellung.

Fir d‘Michèle Wennmacher ass dat der Nomenklatura geschëlt, déi a kenger Hisiicht den aktuelle Besoinen entsprécht. Et ass zudeem schonn „normal“ fir net ze soen zur Standardprozedur ginn, datt Kanner eng „Bréck“ agesat kréien. Den héijen „Eegeleeschtungsbetrag“ déi de Patient ze droen huet, féiert zudeem derzou datt, ëmmer méi Leit eigentlech noutwenneg Behandlunge verschleefen.

Mee d‘Zänndokter hu vill Pouvoir. Zum enge gëtt et der net genuch, wat zu Waardenzäiten (ausser et huet een den entspriechende Portmonni) vu bis zu 6 Méint féiert, zum aneren hu si eng gutt Lobby. D‘AMMD beispillsweis wiert sech mat Hänn a Féiss géint den Tiers-Payant. Datt et dozou eng Petitioun ginn huet, déi iwwer 7.000 Ënnerschrëfte bruecht huet, fir si eng „Randnotiz“.

Et trëfft och ëmmer méi d‘Mëttelschicht

Wann et u sech eigentlech an der Natur vun der Saach geleeën huet, datt sozial schwaach Gruppen éischter betraff waren, esou stëmmt dat hautdesdaags net méi. Och Persoune mat enger gudder Pai, kommen, wann se op dee richtege falen un d‘Struewelen. Bei eppes méi ëmfangräichen Agrëff, kann eng Eegebedeelegung (besonnesch a grad bei Protheesen) duerchaus bis 20.000 Euro goen.

Dofir muss eng al Fra laang strécken an eng Léisung ass net a Siicht. D‘Politik versprécht wuel ëmmer nees sech dësem Problem zouzewennen, geschitt ass awer séier wéineg. Zudeem soll elo och de Gesondheetssystem weider liberaliséiert ginn. Pläng fir d‘Gesondheetskeess ze privatiséiere leien an den Tiräng, an et gëtt schonn e sëllechen Assurancen déi et dat kaum erwaarde kënnen.

Dat géif bedeiten, datt wien sech esou eppes net leeschte kann (well beispillsweis de Loyer an/oder d‘Kanner ze vill Geld kaschten) nach beschtefalls Usproch op eng Grondsécherung hätt. Haut gi scho vill Gesondheetsdéngschleeschtungen net méi vun der Gesondheetskeess iwwerholl, an et gëtt kee Grond unzehuelen, datt sech un dëser Tendenz eppes wäert änneren. Bleift also gesond…

Foto: Et muss och erlaabt sinn drop hinzeweisen, datt eng Zänndockteschpraxis eng enorm Investitioun bedeit an och hir Assurancen net grad bëlleg sinn. Dat dierf awer net derzou féieren, datt net esou „gutt gestallte Patienten“ op Behandlunge verzichte mussen, just wëll se sech déi net méi leeschte kënnen. (Oswaldo Ruiz / Pixabay)

Related topics Gesondheetskeess, Gesondheetsminister, Patiente Vertriedung Asbl, Tiers Payant Généralisé, Zousazversécherung
Next post Previous post