Search

You may also like

D‘Naturverwaltung kéint Ënnerstëtzung gebrauchen
Neiegkeeten

D‘Naturverwaltung kéint Ënnerstëtzung gebrauchen

Wéi et säitens der Naturverwaltung (ANF) matgedeelt ginn ass, wier

Chantier op der A6 tëscht dem Zéissenger a Gaasperecher Kräiz!
Neiegkeeten

Chantier op der A6 tëscht dem Zéissenger a Gaasperecher Kräiz!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Freides, den 10. Mee géint

50 Maske pro Resident: Hei fannt Dir d’ Verdeelerpunkten
Neiegkeeten

50 Maske pro Resident: Hei fannt Dir d’ Verdeelerpunkten

An der Sitzung vum 4. Mee 2020 huet d’Regierung decidéiert,

Patiente Vertriedung huet eng Rei Fuerderungen

Patiente Vertriedung huet eng Rei Fuerderungen

Fir d‘Patiente Vertriedung Asbl ass déi vun der Regierung geduechten Impfstrategie, weder gutt iwwerluecht nach géif et zäitlech esou virugoe wéi et aus den Ukënnegungen ervirgaangen ass. D‘Wiechter iwwert de Patienteschutz hunn an hirem Communiqué um Donneschdegmuere vum Gesondheetsministère ee Fuerplang gefuerdert.

Si bekloen ënnert anerem, datt sech vill un hiren Hausdokter wenne géifen, deen hinnen natierlech keng Hëllef ass. Et ass jo net den Hausdokter deen Zougrëff op de Vaccin huet, an och net hien dee Rendez-vouse ka maachen. An esou wennen sech d‘Leit un d‘Patiente Vertriedung Asbl, déi dann och keng Informatiounen huet, déi hire Membere kéinte weiderhëllefen. Hëllef awer brauch et…

Esou gëtt vun der Regierung, also eigentlech vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert verlaangt, ee kloren a virun allem verständleche Fuerplang zu den Impfunge virzeleeën. An dësem sollt festgehale sinn, wéi ee Grupp vu leit a wei engem Zäitraum geimpft gëtt. All déi noutwenneg Informatiounen zu den eelere Leit hätten si virleien, ee „Programm“ auszeschaffen also méiglech.

D‘Patiente Vertriedung Asbl erwaart weider, datt sech de Ministère mat den Doktere beréit, wéi een d‘Impfung vu weideren als „vulnerabel“ bezeechent Persoune kann ugoen. Méi generell gëtt beklot datt alles vill ze lues geet. Wat déi eppes ze kuerz gerode Resonanz op d‘Aluedunge säitens der Regierung betrëfft, esou misst d‘Regierung sondéieren, wéi et ëm d‘Impfbereetschaft gestallt ass.

Klengt alles streng geholl ganz vernënfteg – zumindest wann et gewëllt ass Lëtzebuerg mat Israel ze vergläichen – woubäi hei muss drun erënnert ginn, datt de Vaccin och muss hiergestallt ginn, an et do bekanntlech eppes Problemer huet. D‘Fuerderung selwer awer bleift, zumindest a groussen Deeler berechtegt. Et ass awer net eeschthaft unzehuelen, datt d‘Santé dozou wäert Stellung huelen.

Illustratioun: © John Cameron / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Gesondheetsministesch, Impfstrategie, Patiente Vertriedung Asbl, Santé
Next post Previous post