Search

You may also like

Erneit Zesummestéiss bei Groussdemonstratioun zu Barcelona
Kultur Neiegkeeten

Erneit Zesummestéiss bei Groussdemonstratioun zu Barcelona

Zu dëser Demonstratioun haten déi zivil Organisatiounen Assemblea Nacional Catalana

Vu Maskeflicht a medezineschen Attester (Kommentar)
Kultur Neiegkeeten

Vu Maskeflicht a medezineschen Attester (Kommentar)

Wat bei eisen däitschen Nopere schonn zanter leschtem Summer als

Neijoerschpatt fir de CGDIS: Wat war, ass a kënnt?
Kultur Neiegkeeten

Neijoerschpatt fir de CGDIS: Wat war, ass a kënnt?

No 2 Wochen am neie Joer war et gëschter och

A Gedenken un de Patrick Swayze

A Gedenken un de Patrick Swayze

„Mein Baby gehört zu mir“ – Dëse Saz aus dem Film Dirty Dancing (1987) mam Patrick Swayze a senger Roll als Johnny Castle ass wuel Generatioune vu Fraen bekannt, d’Männer hunn meeschtens misse mat Chips bestach ginn, fir roueg op der Fotell sëtzen ze bleiwen a matzekucken. Den talentéierte Fraeschwarm huet souguer d‘Lidd „She’s Like the Wind“ zum Film bäigedroen. De romanteschen Ouerwuerm war weltwäit an den Charts ze héieren.

Haut gedenke mir dem talentéierte Schauspiller Patrick Swayze. 2009 ass hien no schwéierer Krankheet am Alter vu 57 Joer vun eis gaangen. Eréischt 2008 gouf de Kriibs bei him diagnostizéiert. Bei der Bauchspeicheldrüs besteet leider seele Chance op Heelung. Hien huet seng Fra Lisa Niemi an déiwer Trauer hannerlooss, Kanner hat d’Koppel keng. Si ware 34 Joer laang een Häerz an eng Séil.

Patrick Swayze
De Patrick Swayze mat senger Fra Lisa Niemi bei den Oscars 1989 © Alan Light (CC BY 2.0)

De Patrick Swayze war net nëmme fir seng berüümten Dänzerroll bekannt. Ma, och als Geescht Sam. Zesumme mam Whoopi Goldberg an dem jonken Demi Moore huet hien d’Häerzer méi séier schloe gelooss. Fir dës Roll gouf de Patrick Swayze souguer fir de Golden Globe nominéiert.

Domat war de Schauspiller e Mann mat villen ënnerschiddleche Gesiichter. Hien huet a Märercher, Komedien, Dramaen a Libesfilmer Spectateuren, Skeptiker a Kritiker iwwerzeegt.

Patrick Swayze

Eng vu senge fréie Rollen war den Actionfilm „Gefährliche Brandung“, wou hien zesumme mam a géint de Keanu Reeves gespillt huet. Seng Stunt- a Surfszenen huet hie selwer gemaach, seng Risikobereetschaft war fir d’Kritiker bewonnerenswäert. Selbstverständlech war och dëse Film weltwäit erfollegräich.

Et wonnert bestëmmt keen, datt de Patrick Swayze am Joer 1991 vum People Magazin zum Sexiest Man Alive ënnert de 50 schéinste Männer ausgezeechent ginn ass. Et war seng professionell Kierperhaltung, déi jiddwereen begeeschtert huet.

Related topics Acteur, Dirty Dancing, Doudesdag, Johnny Castle, Kriibs, Lisa Niemi, Patrick Swayze, Schauspiller, Sexiest Man Alive
Next post Previous post