Search

You may also like

Vun engem eemolege Fauxpas zu engem systemateschen Interessekonflikt
International Neiegkeeten

Vun engem eemolege Fauxpas zu engem systemateschen Interessekonflikt

Schonn erëm huet d’Corinne Cahen sech an hirer Funktioun als

money
ArcelorMittal: D‘Nouvelle waren och scho besser
International Neiegkeeten

ArcelorMittal: D‘Nouvelle waren och scho besser

Dem indesche Stolkonzern mat Sëtz zu Lëtzebuerg geet et net

Prisongsstrof fir en Onschëllegen
International Neiegkeeten

Prisongsstrof fir en Onschëllegen

D‘Urteel am Prozess géint de fréiere President vun der „Grande

Politesch Pattsituatioun am Liechtenstein

Politesch Pattsituatioun am Liechtenstein

Déi fortschrëttlech Biergerpartei (FBP) an déi Vaterländische Unioun (VU) komme bei der Parlamentswal op zimmlech genee dee selwechte Stëmmenundeel

Am Liechtenstein hunn d‘Parlamentswahle keen eendeitegt Resultat ervirbruecht. Favoritin fir dat héchste Mandat war d‘Sabine Monauni (FBP). Béid grouss Volleksparteie kommen op 35,9%, wat hinne jee zéng vun de 25 Mandater am Landtag abréngt. D‘VU hat nom Ausziele vun de Stëmmen, därer 23 méi wéi FBP.

D‘VU huet den Daniel Risch fir d‘Amt vum Regierungschef virgeschloen. Den Daniel Risch ass vu Beruff Wirtschaftsinformatiker an bis heihinner Minister fir Wirtschaft, Infrastruktur a Sport. Déi fir dat héchste Mandat vun der FBP nominéiert Kandidatin ass d‘Sabine Monauni. Si kéint déi éischte Fra sinn, déi dëst Amt bekleet. Si ass Juristin a Leet d‘Ambassade vum Liechtenstein zu Bréissel.

Zanter Joerzéngte leeden déi biergerlech-konservativ FBG an d‘VU d‘Geschécker vum klenge Land an et sollt een dovunner ausgoen, datt béid Parteien un der Koalitioun wäerte festhalen. Si mussen sech nach eens ginn, wien de Chef, respektiv d‘Cheffin stellt.

Weider un der Wal bedeelegt waren, déi liberal Oppositiounspartei „Déi Onofhängeg“ (DU). Si sinn nëmmen op 4,2% komm an domadder net méi am Landtag vertrueden. Déi nei Partei „Demokrate pro Liechtenstein“ (DPL) – bestoend aus fréiere Membere vun der DU – kënnt op 11,1%. Déi lénk-gréng „Fräi Lëscht“ huet sech mat 12,9% als drëtt Kraaft an der politescher Landschaft etabléiert.

D‘Walbedeelegung bei de Parlamentswalen am Liechtenstein huet, esou déi offiziell Zuele vun der Walkommissioun, bei 78% geleeën. Dovunner hunn 97,3% per Bréifwal hir Stëmm ofginn.

Illustratioun: D‘Regierungsgebai zu Liechtenstein (Markus Baumeier / pixabay)

Related topics Daniel Risch, FBP, Liechtenstein, Parlamentswalen, Sabine Monauni, VU
Next post Previous post