Search

You may also like

Déi zéng beschte Mafiafilmer
Neiegkeeten

Déi zéng beschte Mafiafilmer

De Mafiafilm ass een eemolege Genre vum Kino, e bleift

Huet d‘EU-Kommissioun bei de Vaccine versot?
Neiegkeeten

Huet d‘EU-Kommissioun bei de Vaccine versot?

Zu Bréissel sinn d‘Technokraten an déi politesch Acteure gläichermoossen an

De chinesesche Kampf géint d‘Kamäiner
Neiegkeeten

De chinesesche Kampf géint d‘Kamäiner

Am Kampf géint d‘Ëmweltverschmotzung gëtt et näischt Besseres wéi Fabricken

Paul Galles neie CSV-Generalsekretär Adjoint

Paul Galles neie CSV-Generalsekretär Adjoint

Op Propositioun vum CSV-Generalsekretär Félix Eischen, huet de CSV-Nationalcomité e Méindeg 15. Juli eestëmmeg decidéiert, de Paul Galles zum CSV-Generalsekretär Adjoint ze ernimmen. Nieft dem Paul Galles, ass d‘Kim Mosel d‘Generalsekretärin Adjointe.

De Paul Galles ass Deputéierten a Conseiller am Stater Gemengerot. De geléierten Theolog war vun 1999 bis 2010 Paschtouer. E Beruff an deem hien op sech opmierksam gemaach mat, ënnert anerem wéi hien zu Esch-Uelzecht mam Jugend-Projet „Pimp my Church“fir eppes neie Wand suerge wollt a mat Rockmusek d‘Kierch eppes méi modern an attraktiv fir jonk Leit gestalte wollt.

Bei den alen Hären am Bistum ass de Projet „differenzéiert“ ukomm, firwat de Paul Galles vun 2011 bis 2017 de Projetleeder vun der Fräiwëllegen-Divisioun bei „Young Caritas Lëtzebuerg“ an de Coordinateur vum Netzwierk „Young Caritas Europe“ ginn ass. 2016 huet den Theolog seng Parteikaart bei der CSV gezunn an ass dann och 2017 direkt an de Gemengerot gewielt ginn.

Domadder war déi politesch Carrière lancéiert. De Paul Galles huet seng „Projeten“ net aus den Ae verluer a wëll sech politesch géint d‘Aarmutsrisiko asetzen a militéiert fir der Jugend am Land besser Liewensbedingungen ze bidden. D‘lescht Joer huet de Paul Galles vun de Bierger e Mandat als Deputéierten zougesprach kritt. Seng Iddie fannen Uklang an hien ass eng gefrote Persoun.

Am Kontext vun der „Erneierung“ déi sech d‘CSV virgeholl huet, ass de Choix de Paul Galles zum Generalsekretär Adjoint ze ernimmen nëmme konsequent. Kann den engagéierte Politiker d‘Partei op der Grondlag vun hire Wäerter an dat 21. Joerhonnert féieren? Vill vun den „alen Huesen“ halen u bestoenden Inhalter fest a wëllen nëmmen dat noutwendegst erneieren. Kann hien dat änneren?

Foto: © CSV

Related topics CSV, CSV-Nationalcomité, Erneierung, Paul Galles
Next post Previous post