Search

You may also like

De Weste muss beim Thema Toleranz mat guddem Beispill vir goen
International Neiegkeeten

De Weste muss beim Thema Toleranz mat guddem Beispill vir goen

Datt et op der Welt nach vill Plaze ginn –

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Mamer?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Mamer?

[onionbuzz quiz-id=181][/onionbuzz] Mamer huet eng immens laang a räich Geschicht.

Salon du Vintage – Um 24. a 25. Oktober an der LuxExpo
International Neiegkeeten

Salon du Vintage – Um 24. a 25. Oktober an der LuxExpo

Exklusiv fir d’éischt kéier ze Lëtzebuerg gëtt et eng Ausstellung

US-Geriicht: „De Paul Manafort ass e Ligener!“

Trumpschen ex-Wahlkampfchef erwaart eng verlängert „Auszäit“

US-Geriicht: „De Paul Manafort ass e Ligener!“

Am Kontext vun der „Russland-Affär“, wou dem Donald Trump an senger Equipp eng Kollusioun mat de Russe virgeworf gëtt, a vun deenen elo mat Sécherheet gewosst ass, datt si sech agemëscht hunn, huet gëschter dem Milliardär säin ex-Wahlkampfchef den Dicks gebéit kritt.

Gëschter huet d‘Bundesriichterin Amy Berman Jackson et als erwisen erkläert, datt de Paul Manafort géintiwwer dem FBI, dem FBI-Team vum Sonnerermëttler Robert Mueller an der Grand-Jury gelunn huet. Dat ass fir Amerikaner dat schlëmmste vun alle Verbriechen: beim Léien erwëscht ginn. An esou wäert et fir de „Ligener“ zu engem längeren Openthalt hanner Gitter kommen.

Paul Manafort

Den Dan Bongino, ass e „fräie Mataarbechter“ vu Fox News, also dem trumpsche Propaganda-Sender, an ee grousse Fan vum US-President. (N.v.d.R.)

Zimlech domm gelaf. Wéi blöd muss de sinn, en Handel mat der Justiz anzegoen, fir uschléissend d‘Konditiounen net anzehalen? Den 69 järege stellt hei héich Uspréch… Viru Geriicht huet et folgerichteg geheescht: „De Sonnerermëttler ass net méi un d‘Vereenbarung gebonnen, an där sech de Manafort am September zu ëmfänglechen an éierlechen Aussoe verflicht hat“.

Paul Manafort

An dat huet wäitreechend Konsequenze fir de Beschëllegten. D‘Zouso vum Sonnerermëttler Robert Mueller, sech fir e méi kléngt Strofmooss anzesetzen, ass gläichfalls hifälleg. Mee de Paul Manafort ass net esou liicht ze iwwerzeegen, obwuel hie genee weess, datt hien eng Schlësselroll an den Ermëttlunge spillt. Hien ass awer entspriechend Konsequent, a weist déi gemaachte Virwërf zréck.

Fir den US-President, deen och weiderhi grouss Stécker op de Paul Manafort hält, an hien als en „dapere Mann“ bezeechent, ass de Statement vun der Riichterin, mat där säin „Held“ als Ligener virgefouert gëtt, eng Farce. Den Donald Trump behaapt sech och weiderhin drop, datt et zu kengem Ament mat de Russe geheim Ofsprooche ginn huet, an datt dat ganzt eng grouss Hexejuegd ass.

mat indymedia/alx

Foto: De Paul Manafort, 69 Joer al an ex-Wahlkampfchef vum haidegen US-President. Hie wollt en Deal mat der Justiz an huet dee kritt. Firwat hien sech net un den Accord gehalen huet? Déi Fro ka sech de „Ligener“ ganz e Rou selwer beäntwerten, well säin Openthalt am Prisong dierft e längere ginn. © Office of the Special Prosecutor (via Twitter)

Related topics Donald Trump, Fox News, Ligener, Paul Manafort, Robert Mueller, Russland Affär
Next post Previous post