Search

You may also like

Bicherwoch am Biodiversum -Esou gëtt d’Fuesvakanz spannend gestalt!
Business Money Neiegkeeten

Bicherwoch am Biodiversum -Esou gëtt d’Fuesvakanz spannend gestalt!

Bei der 4. Editioun vun der Bicherwoch, déi vun natur&ëmwelt

money
Merkel a Macron vertrieden zu Davos eng tugendhaft Globaliséierung
Business Money Neiegkeeten

Merkel a Macron vertrieden zu Davos eng tugendhaft Globaliséierung

Déi däitsch Kanzlerin ass nees zréck op der internationaler Bühn,

Eis belsch Noperen op der sich no enger Klimastrategie
Business Money Neiegkeeten

Eis belsch Noperen op der sich no enger Klimastrategie

Nodeems d‘EU-Kommissioun vun all Memberland verlaangt huet eng Strategie virzeleeën,

money

Lëtzebuerger Traditiounsbetrib an däitscher Hand

Lëtzebuerger Traditiounsbetrib an däitscher Hand

Staat, SNCI a Spuerkeess gesinn an der Paul Würth S.A. keng Zukunft an entleedegen sech hire Parten, wouduerch d‘SMS Holding elo eenzege Proprietär vun dësem traditionelle Lëtzebuerger Betrib ass.

De Paul Würth gouf am Mee 1920 um Standuert vun der aler Kesselfabrick (Eugène Muller 1870 – 1891) opgebaut, an huet sech iwwer Joerzéngten als féierend Entreprise fir de bau vun Héichiewe weltwäit etabléiert. Bis 2011 ass dann och alles esouwäit gutt gelaf. Am Dezember 2012 hunn awer d‘Inder (ArcelorMittal) hir 48,1% a Luxempart (eng Investitiounsboîte) hir 11% un déi däitsch SMS Holding verklappt. De Recht hu se elo also vum Staat zougeschoustert kritt.

Eng Interessant Approche, wa gewosst ass, datt SMS Holding GmbH a ganz schlechten Dicher stécht. Dat ass elo am Kontext vun enger Holding näischt Ongewéinleches. Esou Entreprise hunn déi schlecht Ugewunnecht, net besonnesch op hir Acquisitiounen uecht ze dinn, mee de maximale Profit ze erzilen, bis dann dee ganze Buttek bei der Däiwel geréiert ass. An den Ament gesäit et net gutt aus, wéi eis säitens der Gewerkschaft IG-Metall op Nofro matgedeelt gëtt.

2018 hat d‘IG-Metall nach ee sougenannten „Zukunft-Tarifvertrag“ ausgehandelt, mat deem de Beschäftegen eng Aarbechtsplazgarantie bis 2023 versprach gi war. Dofir gouf zolidd beim Loun noginn. Elo awer heescht et datt SMS Holding grouss Problemer huet an een ëmfängleche Plang virleien huet, mat deem soll restrukturéiert ginn. Dat heescht Plaze ginn ofgebaut. Laut den däitsche Gewerkschaftler, steet och d‘Schléissung vum Standuert Lëtzebuerg am Raum.

Am krasse Widdersproch dozou, heescht et säitens dem OGBL – den LCGB ass awer majoritär bei Paul Würth – datt d‘Direktioun vu Paul Würth Lëtzebuerg versprach hätt, datt all d‘Aarbechtsplazen hei am Land sécher wieren. Dat hat sengerzäit d‘Direktioun vu Saint Paul (Bistumszeitung) och dem LCGB erzielt, wéi Mediahuis de Betrib iwwerholl huet. Wéi et do ausgesäit ass bekannt, a Mediahuis ass eréischt beim „Virspill“, gebiischt ginn déi Beschäftegt awer och nach.

Erratum:

An der origineller Fassung hate mir fälschlecherweis den OGBL als déi „Majoritär“ Gewerkschaft ernimmt. En Opmierksame Lieser huet eis drop opmierksam gemaach. Hien huet och folgend Prezisioun bäigedroen: „De LCGB huet d‘Ministere Gramegna (DP) a Fayot (LSAP) zu enger Drénglechkeetssëtzung opgefuerdert, zwecks Erklärung zur Decisioun a Fuerderung betreffend déi längerfristeg Beschäftegungsgarantie“.

De Lieser huet nach drop higewisen, datt Paul Würth 2020 säin 150 Jubiläum zelebréiert huet, also wéi vun eis uginn „1920“ gegrënnt gi wier. Richteg ass, datt 1920 „D‘Société Anonyme des Anciens Etablissements Paul Würth“ entstanen ass. Paul Würth S.A. bezitt sech awer op d‘Ufäng: de 4. November 1870, huet den Eugène Muller (ee fréieren Ingenieur vu Châtelineau an der Belsch) zu Hollerech eng Kesselfabrick opgeriicht, déi den 1. Januar 1981 un de Paul Würth (1863-1945) iwwergaangen ass.

Illustratioun: Free / pixabay

Related topics IG-Metall, OGBL, SMS Holding GmbH, SNCI, Spuerkeess, Staat
Next post Previous post