Search

You may also like

Julian Assange: Staatsfeind oder Staatsfeind?
International Neiegkeeten

Julian Assange: Staatsfeind oder Staatsfeind?

An der medezinescher Fachzäitschrëft The Lancet steet geschriwwen: „Ausgoend vun

Ex-Bänker gëtt Regierungschef an Italien
International Neiegkeeten

Ex-Bänker gëtt Regierungschef an Italien

De Staatspresident Sergio Mattarella huet de Mario Draghi, ee Samschdeg

Bei Uruff Bettel
International Neiegkeeten

Bei Uruff Bettel

An engem Wahlkampf geet et entgéint gutt gemengten Interpretatioune virun

D’Paulette Lenert beim Innovation Accelerator zu München

D’Paulette Lenert beim Innovation Accelerator zu München

Ufank Abrëll war d’Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, op Besuch am Innovation Accelerator vum weltwäiten Alimentatiounsprogramm (PAM) zu München.

Säit 2011 schafft Lëtzebuerg zesumme mat PAM fir esou innovative Léisungen, virun allem am Kontext vum „ Emergency Telecommunications Cluster“ (ETC) a senge Servicer (ETS), sou wéi zur mobiller Plattform „emergency.lu“ ze sichen. Den Innovation Accelerator huet d’Ziel konstruktiv Iddien ze fannen an auszebauen déi am Kontext vu „Faim Zéro“ (#disrupthunger) der Mënschheet hëllefen. Dofir wëllen och déi Vereenten Natioune Synergien am private Secteur schafen. Den Innovation Accelerator verhëlleft Innovateuren a Start-Ups mat finanzielle Mëttel zum weltwäiten Experte-Reseau.

Als Virreider bei den Innovatioune gesäit Lëtzebuerg d’Noutwennegkeet vun der Notzung vum innovative Potential als essentielle Katalysator op déi mënschlech Besoinen un, wouduerch eis ëmmer méi komplex Welt verbessert soll ginn. Am vergaangene Joer ass de Grand-Duché dofir ee Partenariat mam Innovation Accelerator agaangen.

D’Ekipp vum Innovation Accelerator © MAEE

Een Deel vum finanzielle Beitrag vu Lëtzebuerg ass an de Projet „Building Blocks“ investéiert ginn, wouduerch syresch Flüchtlingen a Jordanien zwee Camps opgebaut kréien. Heibäi soll d’Technologie vum Blockchain genotzt ginn, fir esou d’Taxen op de finanziellen Transaktiounen tëscht Flüchtlingen an Händler ofzeschafen. Esou konnte bis Enn 2018 aus 42 Milliounen Dollar un Transaktiounen 2 Milliounen Dollar gemaach ginn, wat een Erspuernis vun 98% bedeit. Am Ganze konnten esou 106.000 Persoune vum Projet profitéieren. Am Kader vun dëser wichteger Partnerschaft wëll Lëtzebuerg och nach aner innovativ Projeten ënnerstëtzen.

Building Blocks – ee Projet dee vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt gëtt – notzt de Blockchain bei de finanziellen Transaktiounen an den zwee Flüchtlingscampen a Jordanien ©WFP Innovation Accelerator

Wärend der Entrevue mam Bernhard Kowatsch, Direkter vum Innovation Accelerator, huet d’Paulette Lenert d’Vertrauenbezéiung tëscht Lëtzebuerg an dem PAM ervir gehuewen an d’Wichtegkeet vun den innovativen Technologien ënnerstrach. Dobäi huet d’Ministesch erkläert, datt eng Ännerung am Paradigma noutwenneg ass, fir esou den Erausfuerderunge vu Muer géigeniwwer trieden ze kënnen. Heibäi muss Lëtzebuerg als digital Natioun seng Plaz fannen.

Den nächsten „Innovation Bootcamp“ fënnt vum 13. bis de 17. Mee 2019 zu Münche statt.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Bernhard Kowatsch, Direkter vum Innovation Accelerator; Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten © MAEE

Related topics #disrupthunger, Blockchain, Innovation Accelerator, München, Paulett
Next post Previous post