Search

You may also like

Messerattack am Garer Quartier – Verdächtegt gëtt nees e Mannerjäregen
International Neiegkeeten

Messerattack am Garer Quartier – Verdächtegt gëtt nees e Mannerjäregen

Wéi de Parquet matdeelt, ass et um Donneschdeg Owend géint

Aacht Minister am Prisong, Haftbefehl géint de Puidgemont
International Neiegkeeten

Aacht Minister am Prisong, Haftbefehl géint de Puidgemont

Wéi erwaart huet um Dënschdeg d’Untersuchungsriichterin, déi aacht Membere vun

surprise
Wéi ee Schutz gëtt et fir Kommunalpolitiker?
International Neiegkeeten

Wéi ee Schutz gëtt et fir Kommunalpolitiker?

Bei der Sëtzung vum Syvicol an der Märei zu Lëtzebuerg,

Paulette Lenert zu Roum: Diskussiounen zum Fonds ABC

Paulette Lenert zu Roum: Diskussiounen zum Fonds ABC

Am Kader vum 42. Rot vun de Gouverneure vun der FIDA (Fonds International de Développement Agricole) sinn nei Investissementsfonge fir landwirtschaftlech Entreprisen (Fonds ABC) lancéiert ginn. Bei der Reunioun de 14. a 15. Februar 2019 zu Roum ass de Grand-Duché vun der Ministesch fir Kooperatioun an humanitär Aktiounen, d’Paulette Lenert vertruede ginn. Mat dobäi waren och nach de President vu FIDA, de Gilbert Houngbo, den Neven Mimica, Vertrieder vun der EU-Kommissioun an d’Allianz fir eng gréng Revolutioun an Afrika (AGRA).

Ziel ass déi ekonomesch a sozial Entwécklung an de ländleche Géigenden ze stimuléieren, an dat duerch den Investissement a Mikro-Entreprisen, sou wéi och kleng a mëttelgrouss Entreprisen (MPME) am ländlechen a landwirtschaftleche Beräich.

De Fonds ABC äntwert op verschidden Erausfuerderungen an Entwécklungslänner, virun allem an Afrika. De Sputt tëscht der wuessender Populatioun an der landwirtschaftlecher Produktioun gëtt ëmmer méi grouss. Och de Manktem u Perspektiv an der Aarbechtswelt bei de Jonken an den Accès op ee Kredit vun den MPME’en sinn ee grousse Problem, wouduerch hinnen déi néideg Garantien op de klassesche Bankesystem oder op ee Mikrokredit feelen. D’Realisatioun vun den éiergäizegen Zieler ass am Programm 2030 an den Zieler fir nohalteg Entwécklung (ODD) festgehalen. Heivir braucht ee verschidden Approchen am Finanzement vun der Versuergung duerch déi ëffentlech-privat Partnerschaft.

Fonds ABC

Pauline Lenert, Ministesch fir Kooperatioun an humanitär Aktiounen mam Neven Mimica zu Roum © EU

An enker Kollaboratioun mat der FIDA huet déi Lëtzebuerger Kooperatioun d’Iddi vun dësem neien nohaltege Finanz-Instrument opgestallt a wäert och als éischt säi Beitrag an de Fonge leeschten. Mat Standuert am Grand-Duché gëtt de Fonds ABC vu Bamboo Capital Partners geleet.

An engem éischte Schrëtt huet d’EU-Kommissioun 40 Milliounen Euro bereet gestallt. AGRA gëtt 4,5 Milliounen Euro a Lëtzebuerg 5 Milliounen Euro. D’Iddi vum innovative Finanzinstrument ass et den Hiewel ëmzeleeën fir privat Investissementer fir d’Realisatioun vun den ODD. Sou sollt de Fong an 10 Joer ronn 200 Milliounen Euro Kapital investéiert hunn, virun allem am private Secteur, sou datt 700.000 Menagen an Entwécklungslänner ënnerstëtzt ginn.

Am Kader vun der Rees op Roum huet d’Ministesch och den Exekutiv-Direkter vum alimentaire weltwäite Programm (PAM), den David Beasley, sou wéi de José Graziano da Silva, Direkter vun der Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir d’Alimentatioun an d’Landwirtschaft (FAO) an den Neven Mimica, europäesche Kommissär vun der internationaler Kooperatioun an der Entwécklung.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Dr Patrick I. Gomes, Generalsekretär vun der afrikanesch-karibescher a pazifescher Grupp; Neven Mimica, europäesche Kommissär vun der internationaler Kooperatioun an der Entwécklung; Gilbert F. Houngbo, President vu FIDA; Paulette Lenert, Ministesch fir Kooperatioun an humanitär Aktiounen; Hedwig Siewertsen, AGRA; Florian Kemmerich, Managing Partner vu Bamboo Capital Partners © EU

Related topics FIDA, Fonds ABC, Neven Mimica, nohalteg Entwécklung, Pauline Lenert
Next post Previous post