Search

You may also like

What the Fakt – Dem Agatha Christie säin 43. Doudesdag
International Neiegkeeten

What the Fakt – Dem Agatha Christie säin 43. Doudesdag

Dës Madamm ass eng vun den erfollegräichste britesche weibleche Schrëftstellerinnen.

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul
International Neiegkeeten

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul

No de Studenteprotester zu Bréissel „Youth 4 Climate“ wou um

Wëllen d‘Demokraten déi ëffentlech Schoul privatiséieren?
International Neiegkeeten

Wëllen d‘Demokraten déi ëffentlech Schoul privatiséieren?

Laut engem gemeinsame Communiqué vun ACEN, ALPIA-CGFP, APESS, SEW-OGBL an

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet

„D‘Onofhängegkeet? Suspendéiert!“: dat waren d‘Wieder déi um Dënschdegowend e bëssen iwwerall an den iwwerfëllte Gäng vum katalanesche Parlament ze héiere waren. Et konnt een dat Gefill vun Entlaaschtung spieren, no engem Dag voller Spannungen.

De ganzen Nomëtteg iwwer hat d‘Parlament zu Barcelona Allurë vun enger belagerter Buerg. Matten am grousse Park vun der Ciutadella (Zitadell) dee fir de Public gespaart ass, Dosende Policegefierer, esouguer en Helikopter huet iwwer de Käpp geschwieft. E puer dausend pro-Onofhängegkeet Manifestante ware mat héijen Erwaardungen op d‘Plaz komm.

Am Parlament selwer, eng Stëmmung wéi am Tuerm zu Babel net anescht ka gewiescht sinn. Eleng aus dem Ausland waren 358 Journalisten ugereest. Se ware komm, och an der Hoffnung vun enger eesäiteger Onofhängegkeetserklärung kënnen ze beriichten. Si sollte gewuer ginn, datt et éischtens: anescht kënnt, zweetens: wéi ee mengt.

Um 17 Auer dann, erscheint de Carles Puidgemont. Frësch gekämmt am donkele Kostüm, de katalaneschen Onofhängegkeet-President hëlt sech Zäit d‘Trappen ze huelen. D‘Blëtzer vun de Pressefotografen hunn hie bis op de leschten Träpplek begleet.

Spannung, Gerüchter a punktuell Entrevuen

Als Erënnerung un den „historeschen“ Dag hu katalanesch Journalistinne „Selfies“ gemaach. Zur gläicher Zäit zu Madrid, deklaréiert d‘N°2 vun der spuenescher Regierung, d‘Soraya Saenz de Santamaria datt „Spuenien ee vun de schwéierste Momenter vu senger rezenter Geschicht duerchlieft“.

Op emol kënnt zu Barcelona Bewegung op. D‘Sëtzung, also d‘Plenière déi fir 18 Auer ugesat war, gëtt ëm eng ganz Stonn verréckelt. Gerüchter maachen d‘Ronn. Et soll eng Video-Konferenz tëscht dem Puidgemont an dem Juncker ginn hunn. Bréissel dementéiert dës Informatioun, déi trotzdem hire Wee duerch d‘sozial Netzwierker fanne sollt.

Véier Deputéierter vun der CUP, der klenger lénksextremer Partei, kommen aus der Reunioun vun der separatistescher Koalitioun „Zesumme fir de Jo“. Se schéngen et déck um Häerz ze hunn, glécklech gesäit anescht aus. „De Moie waren se zefridden an op der leschter Minutt, wollten se Ännerungen an der Ried vum Puidgemont“ esou eng parlamentaresch Quell.

Déi Spéngel hätt ee falen héieren

19 Auer. D‘Schell déi d‘Sëtzung ukënnegt geet engem duerch Muerch a Schank. D‘Usproch vum Carles Puidgemont, déi vun allen mat gewuessen Ongedold erwaart gëtt, elo ass et endlech esouwäit.

Vu jonkem Alter un e Kämpfer fir d‘Onofhängegkeet, war de Journalist vu 54 Joer am Januar 2016 als President vun der autonomer Provënz agesat ginn. An de Carles Puidgemont war och ni vu sengem Wee, senger Iwwerzeegung: 7,5 Millioune Katalanen an d‘Onofhängegkeet ze féieren, ofkomm.

Et war stëll ginn am Parlament. Net een vun den 135 Deputéierten (dorënner 72 Separatisten) huet sech gemuckst. D‘Spannung huet säin Héichpunkt dunn awer net erreecht. De katalanesche President huet seng Ried ugefaangen: „et ass un der Zäit der Situatioun d‘Spannung ze huelen“. An ouni den Wonsch no Onofhängegkeet opzeginn, deelt de Puidgemont mat, datt d‘Parlament an hie selwer „virschloen datt d‘Parlament vu Katalounien d‘Auswierkung vun der Onofhängegkeetserklärung suspendéieren“ fir dem Dialog eng Chance ze ginn.

Ausgesichte Wieder, eng „distilléiert“ Ried… Den Drock hëlt of. An se gesi verluer aus, d‘Journalisten aus Japan oder Brasilien, se hunn nach net verstane wat elo grad geschitt ass.

Eng ausgestreckten Hand

„Tatsächlech verhält et sech esou, datt déi eesäiteg Onofhängegkeetserklärung – wat e Wahnsinn gewiescht wier – suspendéiert ginn ass fir dem Dialog eng Chance ze ginn“; dekodéiert d‘Milagros Perez Oliva, Journalistin vu Radio „Ser“. „Vill Leit hei am Parlament spieren d‘Erliichterung.

Fir den Ament ass ee laanscht de Schock komm“ seet et der AFP, mat der Iwwerzeegung datt „de spuenesche Staat un enger haarder Äntwert geschafft huet. Bis hin zur Ophiewung vun der Autonomie oder der Verhaftung vum Puidgemont“.

Fir d‘Inès Arrimadas, Oppositioun-Leaderin vun der liberaler anti-separatistescher Partei Ciudadanos, ass eng Onofhängegkeetserklärung, och an dëser Form „e Staatsstreech géint de gudde Verstand“. „Dir sidd eleng, hei an um internationalen Niveau. Net een eenzegen europäesche Staatschef deen iech géif ënnerstëtzen“, rifft se dem Puidgemont entgéint.

Dann ass et um Sozialist Miquel Iceta, dee seet a widderhëlt – op spuenesch, englesch a franséisch – datt „eng Minoritéit sech net enger Majoritéit ka widdersetzen“. Den Iceta verwerft awer d‘Resultater vum Referendum. Hien erkennt déi 90,18% fir de „Si“ zur Onofhängegkeet, bei enger Bedeelegung vun 43%, net un.

Elo heescht et Gedold ze hunn

Um 21 Auer ass et dann eriwwer. D‘Sëtzung gëtt opgehuewen. Et brauch awer net laang, schonn ass nees Opreegung ze spieren. Wat der Däiwel mécht de Puidgemont elo mat sengen Alliéierten am Büro?

D‘Äntwert léisst net laang op sech waarden: „D‘Onofhängegkeetserklärung ass wuel suspendéiert, mir ënnerschreiwen se awer. Se wäert net automatesch a Kraaft trieden, se gëtt fir eng Zäit op Äis geluecht“, esou hanner virgehalener Hand e Parlamentarier aus dem Camp „Zesumme fir de Jo“.

An dat soll et dann elo sinn. Eng „ënnerschriwwen Onofhängegkeetserklärung fir de Fall et misst een d‘Onofhängegkeet ëmsetzen“. Déi Deputéiert déi sech fir d‘Onofhängegkeet ausgeschwat hunn, paraphéieren een nom aneren déi Decisioun, déi op der Strooss nach kee verstoe kann oder wëll.

Zu gudder Läscht, an ouni datt bis ewell vun Onofhängegkeet kéint rieds sinn, eng Deputéiert vun der CUP: „Mir constituéieren d‘Republik Katalounien als onofhängegen a souveräne Staat“. D‘Wieder déi besonnesch virum Parlament erwaart gi sinn. D‘Leit ëmäermelen sech, et gëtt plazeweis geklappt. Gewosst ass bis elo, datt et nach vill Gedold wäert brauche bis zur Onofhängegkeet.

mam Laurence Boutreux an Daniel Bosque/AFP

Foto: Se hu laang missen op d‘Ried vum katalanesche President Carles Puidgemont waarden. Mee wat se sech erhofft haten, d‘Deklaratioun vun der Onofhängegkeet, dat ass et net ginn. Katalounien ass wuel „dokumentéiert Onofhängeg“ mee d‘Suspensioun an d‘Offer u Madrid sech un en Dësch ze setze wäert nach vill Gedold fuerderen. © Jorge Guerrrero/AFP

Related topics Carles Puidgemont, Katalounien, Onofhängegkeet, Spuenien
Next post Previous post