Search

You may also like

Si hunn dat Guatemaltekescht Parlament a Brand gestach
International Neiegkeeten Stories

Si hunn dat Guatemaltekescht Parlament a Brand gestach

Am Guatemala reegt sech de Widderstand géint de Budget 2021,

Organisatiounsdefiziter bei Frontex
International Neiegkeeten Stories

Organisatiounsdefiziter bei Frontex

Wann ee sech op de Sonnerbericht vun den Experte vum

Chrëschtdagsfilmer mol anescht
International Neiegkeeten Stories

Chrëschtdagsfilmer mol anescht

Wann et Iech géint de Stréch geet, datt an all

„Pegasus“ – Zionistesch Software fir Autokraten?

„Pegasus“ – Zionistesch Software fir Autokraten?

Elo ass et offiziell och wann nach laang net alles um Dësch läit. Déi vun der israelescher Firma NSO Group Technologies hiergestallte Spionagesoftware „Pegasus“ soll, esou zumindest déi virgedroen Erklärung, Natiounen hëllefen sech géint Terrorismus ze schützen a méiglech Täter laang virun der Dot ze ermëttelen. Dat war gelunn, d‘Intentioun war eng ganz aner…

D‘Firmegrënner, den Niv Carmi, Shalev Hulio an den Omri Lavie sinn an Israel bekannt dofir, besonnesch politesch-finanziell Interessen ze verfollegen, an hire Spionagesoftware gëtt an Israel vun der Regierung als „Waff“ ageschätzt firwat dann och all „Export“ vun dëser muss autoriséiert ginn. Dat setzt viraus, datt iwwerall wou Pegasus agesat gouf, et vun Israel erméiglecht gouf.

Pegasus

Fir et direkt kloer ze maachen: et huet bei allen duerch Pegasus erméiglechten Iwwerwaachungen, keng perséinlech oder politesch Absichte gehat, hei ass et wierklech eenzeg an eleng ëm de Goss gaangen. A weder d‘NSO Group nach déi israelesch Regierung kann ee beschëllegen, Demokrate wéi dem Viktor Orban oder Recep Tayyip Erdogan, de Fanger un de Ofzuch geluecht ze hunn.

Mee wéi et esou geet, wierklech geheim ass kaum eppes an esou huet et sech erginn, datt engem Recherche-Netzwierk masseg Daten zougespillt goufen, déi scho partiell ausgewäert goufen, wuel awer nach vill brisant Material verbiergen. Fir den Ament gëtt nach un der Uewerfläch gekraazt, woubäi déi éischt Erkenntnisser scho liicht erschreckend sinn, besonnesch op EU-Niveau.

Keen huet d‘Absicht Bierger ze schützen

Aus den Ënnerlage vun engem internationale Journalistekonsortium gëtt ervir, datt Journalisten Affekoten, Mënscherechtler a Geschäftsleit (dozou natierelch dëse Leit hiert gesamt soziaalt Ëmfeld) mat dëser Software ausspionéiert ginn, zu Lëtzebuerg, an Europa… op der ganzer Welt. Journalisten, zesumme mat „Forbidden Stories“ an „Amnesty International“ hunn éischt Beweiser.

Pegasus

Interessant an dësem Kontext – et geet schliisslech behaapt datt och de saudeschen Dissident Jamal Khashoggi dank dëser Software konnt neutraliséiert ginn – datt déi geschäftstüchteg Dirigente vun der NSO Group, och de Feinde vun Israel dës Software verkaf hunn. Wat eigentlech just mam Accord vun der israelescher Regierung méiglech ass. An 2018 hat et nach net wierklech déi gutt Bezéiungen zum saudesche Kinnekräich, trotzdeem hunn d‘Saudien de Programm verkaf kritt.

Gutt, elo kéint eis Europäer jo eigentlech egal sinn, datt d‘Zioniste vun der NSO Group Autokraten an Diktature mat Spionagesoftware versuergen. Esou seriö wéi déi schaffen, huet et bestëmmt e puer Hannerdieren, déi verschidden Inlandsdéngschter erlaben, déi vun de „Clienten“ gezoppten Daten „mat ze analyséieren“. Interessi dorunner hu jo aner „Clienten“ vun der Regierung…

An ëmmer nees de Faschist Orban

Et ass erwisen, datt op mannst de leeschten oprechten europäesche Rechtsstaat – gemengt ass hei Ungarn – sech Pegasus besuergt huet. Datt de Viktor Orban, Chef vun der faschistescher Fidesz, e grousst Interessi dorunner ka gehat hunn, erkläert sech net nëmmen duerch sech antieuropäesch Haltung, mee ënnersträicht déi sëllege verstéiss géint eigentlech europäesch Grondwäerter.

Pegasus

Wann alles ënnert dem Deckmantel vum „Krich géint de globalen Terror“ a „Schwéier Verbrieche“ presentéiert gëtt, wei dat säitens der NSO Group gemaach gëtt, esou ass dat selbstverständlech gelunn. Firwat sollten si och d‘Wourecht soen, wann dës alle bekannt ass an keen an der Firma, jo net emol an der israelescher Regierung en Interessi dorunner kann hunn, d‘Wirtschaftsstrategie nei ze orientéieren. Zudeem gi keng „Geschäfter“ gemaach, déi net mat den USA ofgeschwat wieren.

Zimlech sécher ass och, datt net nëmmen Ungarn sech „Pegasus“ zougeluecht huet. Och d‘Benelux-Länner sollen se benotzen, wat wuel dementéiert gëtt, esou gesinn – et ass jo awer alles och eppes geheim – also duerchaus méiglech ass. An et ass ee praktesche coole System dee wéineg Aarbecht mécht. Ass Pegasus um Handy installéiert, da geet kee Gespréich, keng Message méi „verluer“.

Firwat Regierungen esou eppes brauchen

Also de Begrëff „Regierung“ – zumindest gemooss un nach reellen Demokratien – muss een eppes relativiséieren. Do wou d‘Regierungen am demokratesche Prozess zyklusgerecht erneiert ginn, ass Pegasus éischter onbeléift. Do wou d‘Politiker sech d‘Regierung kropen an net méi hir ginn, egal wéi d‘Wale verlafen oder d‘Aussiichte sinn, do gëtt Pegasus zum déidleche Rettungsrank vun der Autokratie. Et geet drëms géigeleefeg politesch Stréimungen an Informatiounen auszemäerzen.

Pegasus

Et ass folgerichteg géint d‘Journalisten, Oppositioneller a Juristen, mee och ONGen an esouguer Membere vum Europaparlament, wou Pegasus agesat gëtt. Et ass zur Stonn net een eenzege Fall bekannt oder ëffentlech gemaach ginn, an deem Pegasus derzou bäigedroen hätt Terror an/oder grousse Banditismus ze verhënneren/opzeklären. Dat bedeit, Pegasus erfëllt en aneren Notzen…

Leit wéi dee vun der EPP an den EU-Populiste gestëtzten ungaresche Faschist, wëllen zudeem net d‘Journalisten „iwwerwaachen“. Hei geet et ganz konkret drëms se anzeschüchteren, jo bis hinn zu vollstänneger „Neutraliséierung“. U sech en Ugrëff op d‘Demokratie, woubäi et wuel beim Orban op dat bëssi „Verstéiss“ dann elo net méi ukënnt. Gutt d‘EU-Kommissiounspresidentin huet elo gemengt, datt een dat „kläre“ muss. Wat een als Journalist dorënner ze verstoen huet ass net kloer.

Kann ee Spionage privatiséieren?

Et ass gewosst, datt NSO Group och de Preisen hir super Software ugebueden hunn, an zwar schonn 2017, engem Zäitpunkt wou den erkläerten Neonazi Hans-Georg Maaßen (elo CDU Kandidat fir de Bundestag, a „best Friend“ vu Seehofer a Weber) Chef vum Verfassungsschutz war. Den Deal sollt dann och am, Kontext vun der Grënnung vun der „ZITiS“ (Zentral Stell fir Informatiounstechnik am Sécherheetsberäich) iwwer d‘Bühn goen. Et hat och Kontakter mat deenen „aneren“ Acteuren.

Pegasus

Dat heescht – och wann si net kaf hätten – eis germanesch Kosenge ganz genee wësse wat déi aus Israel geliwwert Software alles kann. Et ass zudeem geséchert, dat d‘Israelien och 2019 nees mat weidere „Servicer“ Kontakt haten an et „vill“ Austausch ginn huet. Dat esouwuel mam BND (wat Sënn mécht) wéi och mat de Verschiddene Landeskriminalämter (LKA) an anere „Policen“.

Wann een also dovunner ausgoe sollt, datt all eis Sécherheetsdéngschter Pegasus asetzen – déi meescht wuel fir den Zweck fir deen d‘Software geduecht ass – freet sech, wéi ee sech an der EU als Journalist, Affekot, Mënscherecht- oder Klimaaktivist virun Iwwergrëff an Iwwerwaachung nach virun der totaler Iwwerwaachung schütze kann. Am August 2016 hat den Online-Magazin „Chip“, scho beriicht, wéi ee selwer préiwe kann, op Pegasus um Telefon installéiert ass.

mat indymedia/tlv/nyc/lon/bru

Annex:

Related topics Aschüchterung, digitalen Zionismus, Faschisten, Israel, Iwwerwaachung, Nei Weltuerdnung, Niv Carmi, NSO Group, Omri Lavie, Shalev Hulio, Spionagesoftware, Ungarn
Next post Previous post