Search

You may also like

Neien Temperaturrekord zu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Neien Temperaturrekord zu Lëtzebuerg

Mat 35,2°C déi gëschter de 15. September zu Steesel gemooss

Editorial: Wien trëfft d‘Schold, wann de Patronat net verhandelen wëll?
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Wien trëfft d‘Schold, wann de Patronat net verhandelen wëll?

De Gruppement vun den Entrepreneure fir den Héich- an Déifbau,

Garage Losch:  Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht
Kultur Neiegkeeten

Garage Losch: Ee Buch mat Symbolcharakter a Geschicht

Dës Woch war an der Garage Losch, am Showroom vun der

PEGGY DIHÉ – Expo am Schëfflenger Konschthaus

PEGGY DIHÉ – Expo am Schëfflenger Konschthaus

No der éischter offizieller Expo am Schëfflenger Konschthaus vum Stéphanie Uhres entféiert vum 27. Oktober bis den 21. November 2020 d’Peggy Dihé an eng faarwefrou Welt aus natierlechen Elementer a speziellen Higucker.

D’Peggy Dihé ass eng franséisch Kënschtlerin aus der Groussregioun, déi hiren Ofschloss a bildender Konscht op der Fakultéit zu Metz gemaach huet. Zënter 2013 stellt si reegelméisseg zu Lëtzebuerg aus.

Wann een d’Wierker vum Peggy Dihé kuckt, schéngt d’Welt fantastesch, magesch, voller Faarwen a Blumenduerstellungen. Eréischt wann de Bléck méi intensiv gëtt, ginn déi besonnesch Message siichtbar, déi d’Kënschtlerin an hirer magescher Ëmgéigend agefüügt huet. Et kann een hei net vu Molerei schwätzen, et sinn éischter faarwefrou Grafiken.

Peggy DihéFigur: Graphical connection – Toile : Escape to dream your life

D’Uewerfläch ass mat enger Villzuel vun Detailer gefëllt. Mir “spadséieren” net virun ee vu senge Konschtwierker, mir verbleiwen do, well et eis zeréckhält an ons op eng Entdeckungsrees mathëlt.

D’Ausgesinn ass liewensfrou, agreabel, och dekorativ an awer héchst spannend: Observéiert genau an Dir fannt eraus wat d’Kënschtlerin aussoe wëll.

Et fillt sech ewéi en Treffen un, eng Persoun déi e begéint, ouni stoen ze bleiwen an déi engem nach hätt kéinte vill erzielen. Fir dës Ausstellung schwätzt d’Peggy Dihé iwwer d’Relatioun tëscht Mënsch an Natur. Dëst ass de roude Fuedem deen sech duerch d’Expo zitt.

Nieft den individuelle Visitte ginn och guidéiert Féierungen ugebueden. Umelle sollt ee sech dofir am viraus beim Schëfflenger Konschthaus iwwert d’Telefonsnummer (+352) 621 638 393 oder E-Mail konschthaus@schifflange.lu.

Related topics Expo, Faarweg, Mënsch, Peggy Dihé, Schëfflenger Konschthaus, Visitt
Next post Previous post