Search

You may also like

CETA: „déi gréng“ maachen et méiglech!
Neiegkeeten

CETA: „déi gréng“ maachen et méiglech!

Eigentlech hätt de Fräihandelsaccord mat de Kanadier schonn am Abrëll

Protest attestéiert rumänescher Regierung Inkompetenz an Korruptioun
Neiegkeeten

Protest attestéiert rumänescher Regierung Inkompetenz an Korruptioun

Zu Dausenden hunn se um Samschdegowend am Zentrum vu Bukarest

Dossier Khashoggi: De saudesche Krounprënz perséinlech Verantwortlech?
Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: De saudesche Krounprënz perséinlech Verantwortlech?

No der Verëffentlechung vum UN-Bericht, am Kontext vun der Ermordung

Péiteng: Um rietsen A blann?

Péiteng: Um rietsen A blann?

De politesche Rietsruck an der Gemeng Péiteng ass de Piraten en Dar am A, an hei méi Prezis dem Joé Thein seng „Konservativ“ Partei. Déi war vun de Bierger bei de Gemengewahlen am Oktober 2017 net wouer geholl ginn, firwat se grad emol ëm déi 2% vun de Suffragen erhalen huet.

Fir déi Péitenger Pirate verhält et sech dann elo awer esou, datt dat wat d‘Bierger richteg erkannt hunn, vun der Politik net wëll gesi ginn. Anescht kann ee sech bei beschtem Wëllen net erklären, wéi et méiglech ka sinn, datt den ëmstriddene Politiker mat 8 vu 16 Stëmmen (1 war ongülteg) an déi Péitenger Integratiounskommissioun ka gewielt ginn.

Eng Feststellung déi dann awer an de Februar zréckféiert, wou sech déi Péitenger Piraten „schockéiert“ gewisen haten, sech iwwert de Rietsruck geiergert huet a sech schliisslech erhofft huet, datt d‘Fraktiounen sech hei „verdinn“ hätten. Elo weess een et besser: et war Absicht.

Am Gemengerot vun e Méindeg war op e neits eng Plaz an der Integratiounskommissioun ze besetzen, an natierlech hunn déi „Konservativ“ nees e Kandidat mat an d‘Renne geschéckt. Dat an der Persoun vun der Vizepresidentin vun der Partei. Déi Dame, esou d‘Piraten, hätt sech zu dësem Zweck an der Parteizentral ugemellt, fir un der Wal deel huelen ze kënnen.

De Conseiller vun de Piraten, Marc Goergen, huet dann och virun der Ofstëmmung däitlech gemaach wat et mat „dëser Persoun“ op sech huet, a sech géint d‘Wahl ausgeschwat. Trotzdeem ass d‘Sandra Schwachtgen mat 10 vu 17 Stëmmen an d‘Kommissioun gewielt ginn.

Et gëtt da vun de Pirate bedauert, datt et déi 8 Stëmme vun der CSV-Fraktioun sinn, déi der „Konservativer“ de Wee fräi gemaach huet. Firwat sech Kandidate fir d‘Chamberwahlen, hei de Pierre Mellina an de Jean-Marie Halsdorf, net an der Fraktioun géint de Rietsextremismus agesat hunn, ass dem Conseiller e Rätsel.

A wann de Marc Goergen dann och iwwert de Rietsruck am Péitenger Gemengerot veriergert ass, esou ass et him un dësem Beispill awer méiglech opzeweisen, wéi eng politesch Richtung sech d‘CSV am Virfeld vun de Chamberwahlen am Oktober ginn huet.

Related topics CSV, déi Konservativ, Gemengerot, Integratiounskommissioun, Péiteng, Piraten
Next post Previous post