Search

You may also like

Juan Guaido als Iwwergangspresident vum Venezuela bestätegt
Fail International Neiegkeeten

Juan Guaido als Iwwergangspresident vum Venezuela bestätegt

Am Venezuela ass den Oppositiounsleader Juan Guaido op en Neits

D’Beaufort Knights schloen d’Spëtzt mat 11-0!
Fail International Neiegkeeten

D’Beaufort Knights schloen d’Spëtzt mat 11-0!

No zwou Néierlage bei de leschte béide Spiller, hätt et

money
Netflix investéiert Milliarden an eegen Inhalter a belieft domatter e krasse Konkurrenzkampf
Fail International Neiegkeeten

Netflix investéiert Milliarden an eegen Inhalter a belieft domatter e krasse Konkurrenzkampf

Netflix wëll am Joer 2018 insgesamt 8 Milliarden Dollar an

dislike

US-President beschëllegt Peking Pëtrol u Pyongyang ze liwweren

US-President beschëllegt Peking Pëtrol u Pyongyang ze liwweren

E Freideg hat China dem Donald Trump seng Beschëllegungen zréckgewisen, no deene Peking Schëffsliwwerunge Pëtrol no Nordkorea géif zouloossen. Domatter géif China géint UN-Sanktioune verstoussen.

„Schwéier an de Medien an d’Äerm klappen ass kee Bäitrag zum géigesäitege Vertrauen an der Zesummenaarbecht“, äntwert d’Spriecherin vum chineseschen Ausseministère, Hua Chunying op d’Fro zum Tweet vum US-President, deen do gemengt huet, datt Peking „in Flagranti“ erwëscht ginn ass, Pëtrol un de nordkoreanesche Regimm ze verkafen.

Géintiwwer der Press huet d’Spriecherin verséchert, datt China – dat 90% vum nordkoreaneschen Aussenhandel an der Hand huet – weder senge Bierger nach sengen Entreprisen erlaabt d’UN-Sanktiounen a Resolutiounen ze ëmgoen. D’Hua Chunying huet d’Informatiounen als Falsch bezeechent, no deene Pëtrol vu chinesesche Schëffer op nordkoreanescher ëmgeluede gëtt.

Um Donneschdeg hat e Responsabel vum US-Ausseministère behaapt, datt d’USA Informatiounen hätten, no deenen „verschidde Schëffer vun der UNO verbueden Aktivitéite géifen ënnerhalen, dorënner och d’Ëmluede vu Pëtrolsproduiten ënnert zwee Schëffer, mee och den Transport vu Kuel aus Nordkorea wier festgestallt ginn.

Mir hu Beweiser, datt verschidde Schëffer déi an dës Aktiounen agebonne sinn, zu Gesellschaften aus verschiddene Länner gehéieren, dorënner och China“, esou d’Behaaptung vum Responsabel. „A Flagranti“ esou den Toun vum US-President op Twitter, deen zoufüügt: „ech si batter enttäuscht ze gesinn, datt China et zouléisst Pëtrol an Nordkorea unzekommen“.

„Et kann ni eng frëndschaftlech Léisung vum nordkoreanesche Problem ginn, wann dat esou weider geet“, warnt de Milliardär aus dem Wäissen Haus. Et huet wuel dës Kéier net vun engem Militärasaz, mee et dierf drun erënnert ginn, datt den Donald Trump an de leschte Méint widderholl gedréit huet, Nordkorea ganz ze zerstéieren, wann en Ugrëff vu Pyongyang géif ausgoen.

De südkoreaneschen Ausseministère huet sengersäits um Freideg bekannt ginn, datt Seoul am November kuerzzäiteg e Schëff aus Hong Kong festgesat an inspizéiert hat. Dat Schëff soll Pëtrolsproduiten op en nordkoreanescht Schëff ëmgelueden hunn.

mat AFP

Related topics China, Donald Trump, Nordkorea, UN-Sanktiounen, USA
Next post Previous post