Search

You may also like

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 8. bis de 14. Mäerz
Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 8. bis de 14. Mäerz

Och an de Schoule kann een sech mam Coronavirus infizéieren.

Digital Presentatioun zu der Reorganisatioun vum RGTR Reseau
Neiegkeeten

Digital Presentatioun zu der Reorganisatioun vum RGTR Reseau

Wéinst der aktueller sanitärer Lag ginn déi ëffentlech Versammlungen iwwert

Stuerm „Leslie“ trëfft op Portugal
Neiegkeeten

Stuerm „Leslie“ trëfft op Portugal

De Stuerm „Leslie“ huet mat Wandspëtzte vun 176 Km/H, iwwer

Endlech… d‘Peppenger-Strooss zu Beetebuerg gëtt reamenagéiert

Endlech… d‘Peppenger-Strooss zu Beetebuerg gëtt reamenagéiert

Nodeems am Beetebuerger Gemengerot den 13. Juli den definitive Projet fir de Reamenagement vun der Peppenger-Strooss zu Beetebuerg ugeholl gouf, solle muer den 12. Oktober d‘Aarbechten an Ugrëff geholl ginn. D‘Stroossebauverwaltung huet fir dësen 900 Meter laangen Tronçon – tëscht der Valérie-Strecker-Steffen Strooss an dem Uertsausgank de Reamenagement geplangt.

Nieft Strooss an Trottoir, ginn dann hei och déi ganz Infrastrukturaarbechten – Kanalisatioun, Waasser, Stroum an aner ëffentlech Reseauen – nei gemaach. Dës Aarbechte ginn da vun der Gemeng duerchgefouert. An der Entrée vu Beetebuerg ass nach en ëffentleche Parking virgesinn. Fir de ganze Reamenagement-Projet sinn Ausgaben an Héicht vun 5.435.000 Euro virgesinn.

Mam Ufank vum Chantier, ass natierlech mat gréissere Repercussiounen op de Verkéier ze rechnen, an dat fir mindestens zwee Joer. D‘Peppenger-Strooss (CR132) ass da vill all Aart vu Gefierer gespaart. Natierlech dierfen d‘Leit déi an der Strooss wunnen, nach hei zirkuléieren. Fir all déi aner heescht sech un déi ausgeschëldert Ëmleedungen ze halen, oder de Beräich direkt ze evitéieren.

D‘Ëmleedung a Richtung Peppeng geet féiert iwwert d‘N31, entweder a Richtung Helleng, oder Léiweng. An dësem Kontext ginn och d‘Autobusser ëmgeleet: d‘Linn 194 (Beetebuerg-Lëtzebuerg-Sandweiler) an d‘Linn 311 (Val de Roeser – Diddeleng) sinn hei betraff. D‘Arrêten „Am Dräieck“ a „Peppengerschleid“ gi wärend der Dauer vum Chantier net ugefuer. Hei heescht et op d‘Gar goen.

Illustratioun: © Gemeng Beetebuerg

Related topics Beetebuerg, Infrastrukturaarbechten, Peppenger-Strooss, Reamenagement, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post