Search

You may also like

Katar-Kris: Den Drock klëmmt
Kultur Neiegkeeten

Katar-Kris: Den Drock klëmmt

Den Donald Trump huet gëschter d’Länner aus der Golfregioun zur

Chrëschtbeliichtung géint d‘schlecht Laun
Kultur Neiegkeeten

Chrëschtbeliichtung géint d‘schlecht Laun

De Stater Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot hat sech d‘Chrëschtdeeg

Washington wëll der EU de Verdeedegungsfonds muedebëtzeg maachen
Kultur Neiegkeeten

Washington wëll der EU de Verdeedegungsfonds muedebëtzeg maachen

Et ass onmoosseg wat sech Washington elo op en Neits

Kulturfabrik: Peripherie vum 38. Paräisser Maart vun der Poesie

Donneschdes, den 8. Oktober 2020 um 20:00 Auer am Kinosch

Kulturfabrik: Peripherie vum 38. Paräisser Maart vun der Poesie

Zesumme mam Marché de la Poésie organiséiert d’Kulturfabrik am Oktober eng Lëtzebuerger Peripherie, bei deem een d’Wierker vum Virginie Poitrasson (FR) a Mathieu Nuss (FR), sou wéi dem Paul Mathieu (LU) an dem Tom Nisse (LU) entdecken dierf. Musikalesch begleet gëtt den Owend vum Jazzmuseker Pol Belardi.

De Paräisser Maart vun der Poesie ass an de leschte Joren eng ëmmer gréisser a wichteg poetesch Manifestatioun a Europa ginn. Dausende Poeten, Editeuren a Lieser fanne sech zesumme fir eng Leidenschaft z’erliewen. Zënter kuerzem ass d’Evenement och an d’Ausland bruecht ginn – bei der Editioun 2021 wäert Lëtzebuerg den Éieregaascht sinn.

Mat dësem poeteschen Owend gëtt am Kinosch – Kino vun der Kulturfabrik – e flotten Abléck an dëst Evenement gebueden.

Den Entrée ass gratis, d’Plazen awer limitéiert. Aus dësem Grond ass d’Reservatioun obligatoresch (Mail: inscriptions@klturfabrik.lu oder Tel.: +352 55 44 93-1). Och d’Droe vun der Mask ass Flicht.

Related topics Jazzmusek, Kinosch, KuFa, Kulturfabrik, Lëtzebuerger Peripherie, Mathieu Nuss, Paul Mathieu, Poesie, Pol Belardi, Tom Nisse, Virginie Poitrasson
Next post Previous post