Search

You may also like

Holland experimentéiert de legale Cannabis-Ubau
International Neiegkeeten

Holland experimentéiert de legale Cannabis-Ubau

E Freideg huet déi hollännesch Regierung engem Experiment op groussem

Kaffisgespréich mam Stater Schäfferot
International Neiegkeeten

Kaffisgespréich mam Stater Schäfferot

Et ass ëmmer nees e Pleséier, emol de Mount um

EU-Sommet: D‘Unioun kann de Briten näischt ausschloen
International Neiegkeeten

EU-Sommet: D‘Unioun kann de Briten näischt ausschloen

D‘Spatzen hunn et vum Daach gepaff. Groussbritannien bleift an der

Dem Donald Trump säi Personalkarussell dréit sech weider

Dem Donald Trump säi Personalkarussell dréit sech weider

Den US-President huet e Mëttwoch onerwaart, dofir awer wéi gewinnt, säi Minister fir d‘Veterane via Twitter „pensionéiert“, an deem hien an engem Tweet de Numm vum „Remplaçant“ bekannt ginn huet. D‘Personalkarussell am Wäissen Haus dréit sech weider.

„Ech sinn erfreet matzedeelen, datt ech wëlles hunn, de ganz respektéierten Admirol Ronny L. Jackson, Dokter an der Medezin, als neie Minister vun de Veteranen ze benennen“, esou den Trump a senger Kuerznoriicht. „Ech soen dem Dokter David Shulkin Merci, fir den Déngscht deen hien eisem Land an eise formidabele Veterane geleescht huet“.

Et gouf preziséiert, datt de Robert Wilkie aus dem Pentagon, den Interim iwwerhëlt, bis den Admirol Jackson vum Kongress ugeholl ginn ass. Den 58 Joer alen David Shulkin, stoung scho säit e puer Wochen op der Ofschosslëscht. US-Medien haten iwwer Problemer mat der Gestioun vum zweetgréisste Ministère (310.000 Beamten) bericht.

Den Texaner Ronny L. Jackson, deen 2005 am Irak agesat gi war, gouf 2006 fir de Posten als Dokter vum Wäissen Haus selektionéiert. Hien huet sech also schonn dräi US-Presidenten (George W. Bush, Barack Obama an Donald Trump) vun eppes méi no ugekuckt.

Säi gréissten Optrëtt bis haut, hat den Dokter de 16. Januar bei der Pressekonferenz vum Wäissen Haus, wou et ëm den éischte Gesondheetscheck vum Donald Trump gaangen ass. De Ronny L. Jackson hat sengerzäit behaapt, datt et dem US-President u näischt feelt. Et wier wuel „gutt geniert“ mee fäeg d‘Amt vum President auszeféieren.

„Ech denken, datt hien et bis zum Enn vu sengem Mandat wäert bleiwen, an esouguer bis zum Enn vun engem weidere Mandat, sollt hien erëmgewielt ginn“, esou den Jackson, deen ënnerstrach huet, datt hien „keng Zeeche vun iergendwelleche kognitive Problemer erkannt hätt. (…) Hien huet vill Energie an Ausdauer. Hie muss extraordinär Genen hunn an et ass esou wéi Gott hie gemaach huet“.

E Ministère a schlechten Dicher

D‘Fro zum Gesondheetszoustand vum Milliardär war opkomm, wéi de Journalist Michael Wolff, a sengem Buch „Fire and Fury“ en net esou virdeelhafte Portrait vum Locataire aus dem Wäissen Haus gezeechent hat. Am Buch hat de Journalist verséchert, datt dem President säin Ëmfeld un der Fäegkeet ze regéieren zweiwelt.

Wat de Ministère vun de Veteranen ugeet, esou huet den Donald Trump versprach, datt d‘Gestioun wäert besser ginn. E Ministère, deem et no 15 Joer „Krich ouni Ënnerbriechung“ iergendwéi net wëll geléngen, sech ëm déi Millioune Veteranen ze këmmeren, déi et an den USA gëtt. Datt de Ministère sengem Optrag net wierklech nokënnt, ass dann awer säit engem Joerzéngt bekannt.

Besonnesch dem Spidolsreseau (VA Hospitals) – deen eenzeg an eleng fir d‘Veteranen opgebaut ginn ass – geet et schlecht. Et sinn déi finanziell Mëttel do, déi néideg wieren eng gutt Aarbecht ze leeschten, an de groussen Deel vun de Veterane muss oft Stonnen ënnerwee sinn, fir Zougang zu de Soinen ze erhalen. Soinen, déi den Zaldote versprach ginn, iert se verwonnt sinn.

Iwwerhaapt stinn dës „Soinen“ bei ville Veteranen an hiren Organisatiounen an der Kritik. Ganz schlëmm wier et deemno fir d‘Veteranen déi psychologesch ugegraff sinn. Dat verstäerkt duerch multipel Asätz am Irak oder Afghanistan. Honnertdausende Veterane géifen ënnert PTSD (Posttraumatesche Stress) leiden, an et géif wéineg fir dës Zaldote gemaach ginn.

Aus engem Rapport geet dann nach ervir, datt méi wéi 6.000 Beamte vum Ministère, déi Zougrëff op sensibel a perséinlech Date vun de „Patienten“ haten, ouni déi néideg Iwwerpréiwung agestallt gi sinn. E Virfall deen sech iwwer fënnef Joer higezunn huet.

Den David Shulkin, dee keng militäresch Ausbildung huet, hat vun enger „Trump-Promotioun“ profitéiert, nodeems hie vum Barack Obama als Ënner-Sekretär vum Ministère fir Veteranen ernannt ginn ass. Hie sollt sech an dëser Funktioun ëm d‘Gesondheet këmmeren. En Optrag deen hien, esou gesäit et aus, net konnt erfëllen.

Hien ass da fir den Abléck, dee leschte Member vum der Trump-Administratioun, deen op eng méi oder manner galant Aart a Weis „gelantert“ ginn ass. Et war also „grouss Botz“ am Mäerz ugesot: de nationale Sécherheetsberoder H.R. McMaster, den Ausseminister Rex Tillerson an de wichtege Wirtschaftsberoder Gary Cohn, si alleguerten dierfen sech anerwäerts beschäftegen.

mam Cyril Julien/AFP

Foto: Um 16. Januar huet den Admirol Ronny L. Jackson dem US-President nach eng „gutt Gesondheet“ bescheinegt. Wann de Kongress keen Awand huet, gëtt hien elo Minister fir d‘Veteranen. © Nicholas Kamm/AFP

Related topics David Shulkin, Donald Trump, Personalkarussell, Ronny L. Jackson, Veteranen
Next post Previous post