Search

You may also like

money
Massiv Entloossunge bei General Motors
Neiegkeeten

Massiv Entloossunge bei General Motors

General Motors (GM), de gréissten US-Autoconstructeur, huet e Méindeg annoncéiert,

Dem Handwierk ginn d‘Aarbechter aus
Neiegkeeten

Dem Handwierk ginn d‘Aarbechter aus

An der Handwierkerkummer ass et eng Leier déi sech zanter

USA: „Monsanto hätt viru méigleche Risike misse warnen!“ esou de Kläger
Neiegkeeten

USA: „Monsanto hätt viru méigleche Risike misse warnen!“ esou de Kläger

Wann hien iwwert déi méiglech sanitär Risiken informéiert gi wier,

Pestiziden: D‘Gëft an den eegene véier Wänn

Pestiziden: D‘Gëft an den eegene véier Wänn

Am Kader vun enger Pressekonferenz am Haus vun der Natur hunn dësen Dënschdeg d‘Organisatiounen: Ëmweltberodung Lëtzebuerg, natur & ëmwelt asbl a Greenpeace eng positiv Bilanz vum Projet „Blummen ouni Pestiziden“ gezunn.

Hei huet de Roby Biwer drun ze erënneren, datt d‘asbl natur & ëmwelt zesumme mat Greenpeace eng Analyse maache gelooss hunn fir erauszefanne wéi d‘Pestizide am Alldag präsent sinn. Den Accent gouf hei besonnesch op Zierplanze geluecht an et huet misse festgestallt, ginn datt all Planze mat Pestizide belaascht waren.

De Roby Biwer bestätegt, datt ee groussen Deel vun de Planze mat Mëttel „vergëft“ waren, déi et esou eigentlech an der EU net dierft ze ginn. Hien fuerdert d‘EU-Kommissioun op, hei Remedur ze schafen an am grousse ganzen och d‘Notzung vu „Planzeschutzmëttel“ mat Neonokitinoïde, bei deenen et wëssenschaftlech erwisen ass, datt se de Beie schueden, ganz ze verbidden.

Eng Fuerderung a Warnung zugläich: vu datt de Mënsch jo um ieweschte Wupp vun der Nahrungskette steet, datt mir eis esou zimlech all Dag onbewosst vergëften.

De Projet geet a säin drëtt Joer

D‘Marianne Kollmesch vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg erkläert dann, datt mam Projet säit 2015 versicht gëtt, engersäits d‘Konsumenten an anersäits d‘Produzenten ze iwwerzeege ganz op den Asaz vu Pestiziden ze verzichten. Dat aus dem einfache Grond, wëll och den „aktive“ Verzicht net duer geet. An der Produktioun ugewannt gëfteg Planzeschutzmëttel sinn och spéider, wann also d‘Planz am Gaart oder dem Blummendëppe bléid, nach do a virun allem schiedlech fir all besteibend Insekten, wéi Beien, Pimpampel, Schwiewmécken an ähnlecht Gedéiesch.

An hei kann schonn ee signifikativen Erfolleg verzeechent ginn. En ganz Rëtsch Gäertnereien hu sech entscheet Pestizidfräi ze produzéieren an ëmmer méi Gemengen ënnerstëtzen dëse Schratt matzegoen a planzen verstäerkt déi Blummenzorten. Am ganze sinn dat bis elo néng Produzenten, déi Planzen fir drësseg Gemengen hierstellen och säitens den Hobbygäertner ass d‘Nofro ëmmer méi grouss. D‘Marianne Kollmesch bestätegt dann och dat déi richteg Entscheedung vun de Gemengen ee wirtschaftlechen Impakt huet, deen derzou bäidréit, datt et fir d‘Produzente sënnvoll ass dës Planzen hierzestellen.

De Mënsch kann ouni Beie net liewen

D‘Pestizide sinn awer net deen eenzege Grond fir de Verloscht vun der Beievillfalt. D‘Lea Bonblet weist mat Nodrock dorops hin, datt déi intensiv Landnotzung duerch Landwirtschaft a d‘Beplanze, mee och d‘Auswäitung vum Siedlungsraum zu Liewenraumverloscht a Fuddermangel féieren. Mam Projet „Blummen ouni Pestiziden“ realiséiere sech zwou verhältnesméisseg einfach Léisungsusätz: engersäits d‘Planzeproduktioun, anersäits eng séchert Fudderquell am Siedlungsraum.

Allerdéngs sinn dat Mesuren, déi beschtefalls lokal wierken an dem Beiestierwen an der EU net eleng kënnen entgéint wierken. Dofir stinn op EU-Niveau wichteg Entscheedungen an d‘Haus. D‘Kommissioun huet virgeschloen ee permanente Verbuet fir déi dräi Neonikotinoïde: Clothianidin, Imidacloprid an Thiamethoxam ëmzesetzen, wëll dës de Bestäuberinsekte schueden. Leider, oder wéi esou oft hu se zu Bréissel nees eng Hannerdier opgelooss, déi den Asaz bei deene Planzen erlaabt déi permanent an der Zär bleiwen.

Fir d‘Martina Halbach vu Greenpeace eng gutt Noriicht fir d‘Beien. Allerdéngs ass dat beschtefalls een éischte Schratt an déi richteg Richtung. Ähnlech fir Beie schiedlech Chemikalië mussen och verbuede ginn an d‘Campaignerin vu Greenpeace fuerdert vun der EU déi gläich streng Standarde bei alle Pestiziden unzewennen an den Iwwergang zu ökologesche Methode vun der Schiedlengsbekämpfung ëmzesetzen.

Déi dräi Organisatioune fuerderen dann och vun der Regierung endlech käpp mat Neel ze maachen an den Asaz vu Pestiziden an der Landwirtschaft an am private Beräich ze ënnerbannen. Domadder dann och ee kloren Appell un de Fernand Etgen, Landwirtschaftsminister endlech Moossnahmen ze ergräifen a sech fir ee strikte Verbuet vun der Notzung vu Pestiziden am wirtschaftlechen a private Beräich anzesetzen.

 

 

 

Related topics Greenpeace, Lëtzebuerg, Natur an Ëmwelt
Next post Previous post