Search

You may also like

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft
Neiegkeeten

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft

De Fliger vun der Firma „Stratolaunch“ mat der droleger Bezeechnung

Fir eppes Sonn am Wanter: Okult Summer
Neiegkeeten

Fir eppes Sonn am Wanter: Okult Summer

Dësen héichgärege Summer Béier vun Okult (Grupp Simon) ass u

Neie Wand iwwert de briteschen Inselen:
Neiegkeeten

Neie Wand iwwert de briteschen Inselen:

Fir den haarde Kampf géint d‘Kriminalitéit unzegoen, huet den neie

Pestiziden solle Parkinson-Krankheet ausléisen an net nëmmen d‘Baueren si betraff

Pestiziden solle Parkinson-Krankheet ausléisen an net nëmmen d‘Baueren si betraff

Pestizide solle Parkinson ausléise kënnen. Eng Etüd, déi haut verëffentlecht gëtt, erkennt dobäi: déi ganz Populatiounen am ländleche Beräich si bedreet. Et wier besonnesch kritesch am Wäibau, wou d‘Leit de Substanzen iwwert d‘Mooss ausgesat sinn.

Frankräich huet sech eng national epidemiologesch Etüd geleescht, an déi léisst et engem kal de Réck eroflafen. Aus dëser Etüd geet ervir, datt d‘Regioune mat vill Landwirtschaft, eng ongewéinlech Zounam vu Fäll mat Parkinson gëtt. A wann den Agrarsecteur als Ganzt betraff ass, esou wier et nach eppes méi bedenklech am Wäibau.

An d‘Zounam gëtt och da festgestallt, wann een déi Leit ausschléisst, déi aus beruffleche Grënn mat de Pestiziden a Beréierung kommen. Dat ënnersträicht den Editorial am epidemiologesche Bulletin (BEH) deen all Woch erauskënnt an der Parkinson-Krankheet dediéiert ass.

Eng neurodegenerativ Pathologie als Beruffsrisiko?

Eng vun de méiglechen Erklärungen ass, datt duerch de massiven Asaz vu Pestiziden, d‘Riveraine vu landwirtschaftleche Betriber, dëse phytosanitaire Substanzen iwwert d‘Mooss ausgesat sinn. Zu de Pestiziden zielen: d‘Insektiziden, d‘Fungiziden, an d‘Herbiziden.

Am Editorial vum BEH (publizéiert vun der Agence Sanitaire Publique de France N.v.d.R.) ënnersträicht d‘Neurologin Marie Vidailhet: „90% vun de Pestiziden si fir den Asaz an der Landwirtschaft geduecht, mat engem ëm 10% erhéichte Risiko fir d‘Baueren d‘Parkinson-Krankheet ze erwëschen“.

De Fait de Pestiziden ausgesat ze sinn, ouni berufflech mat dëse Substanzen ze dinn, ass am Fall vun der Pathologie „Parkinson“ erwisen. Fir d‘Auteure vun der Etüd heescht dat: „d‘Zuel vun de Parkinsonerkrankungen, déi de Pestizide geschëlt sinn, dierft exponentiell méi héich sinn, wéi wann ee just déi Fäll berécksiichtegt, déi de Substanze berufflech ausgesat sinn.“

„Déi stäerkste Verbindung ass an de Kantonen observéiert ginn, wou d‘Proportioun vun der Landwirtschaft déi dem Wäibau dediéiert ass, däitlech méi héich ass. Dat mat enger ëm 10% méi héijer Inzidenz (10%) wéi a Kantone wou et kee Wäibau gëtt“, notéieren d‘Auteuren an der Etüd. Analyséiert hunn d‘Wëssenschaftler 69.000 Fäll déi a Frankräich tëscht 2010 an 2012 registréiert goufen.

D‘Krankheet betrëfft jiddereen

Aus der Etüd geet dann och ervir, datt „obwuel et éischter d‘Männer sinn, déi d‘Pestiziden spreeën“ d‘Verbindung tëscht den agesate Substanzen an der Parkinson-Krankheet, gläichermoossen d‘Frae wéi eben d‘Männer betrëfft. Esou d‘Conclusioun vum Sofiane Kab an dem Alexis Elbaz (Inserm/Santé Publique France) mat hire Kollegen a Coauteure vun der Etüd.

D‘Inzidenz (nei Fäll) vun der Krankheet klëmmt progressiv mat der Zounam vun de genotzte landwirtschaftleche Flächen. „D‘Resultater justifiéieren eng Iwwerwaachung vun der Parkinson-Krankheet bei de Landwirt, an d‘Weiderféiere vun den Etüden zum Rôle vun der net berufflecher Expositioun zu de Pestiziden bei der allgemenger Bevëlkerung“, ënnersträicht d‘Neurologin.

„Et ass och e Plaidoyer fir d‘Landwirt an d‘Riveraine vun der Kulturen, notamment dem Wäibau, manner de Pestiziden auszesetzen“, esou d‘Marie Vidailhet. De Wäibau gëtt als eng vun de Kulture betruecht, bei där den Asaz vu Pestiziden immens héich ass. Am Joer 2000, huet de Wäibau 3% vun der genotzter Fläch an der Landwirtschaft ausgemaach, mee 20% vun de Pestiziden verschlongen.

mat AFP

Foto: Am Frankräich ass den Asaz vu Pestiziden, besonnesch am Wäibau enorm. Mat battere Folge vir d‘Exploitante, mee och all deejéinegen déi a proximitéit vun de landwirtschaftleche Fläche wunnen a liewen.

Related topics Inserm, Landwirtschaft, Parkinson, Pestiziden, Wäibau
Next post Previous post