Search

You may also like

Fotosconcours „Mäin Déifferdeng“
Meenung Neiegkeeten

Fotosconcours „Mäin Déifferdeng“

An Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun lancéiert D‘Gemeng Déifferdeng e flotte

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz
Meenung Neiegkeeten

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz

Entgéint der Ukënnegung vum Regierungsprogramm ass, an dëser Legislaturperiod, keen

Hëllefen eis d‘5G-Antennen aus der Logementskris?
Meenung Neiegkeeten

Hëllefen eis d‘5G-Antennen aus der Logementskris?

De Mouvement „Stop 5G zu Lëtzebuerg“ deelt mat, am Mäerz

Eng Petitioun op der Sich no Ënnerschrëften (Kommentar)

Eng Petitioun op der Sich no Ënnerschrëften (Kommentar)

Enn Juli ass dem Ahmed Anis Bensadi seng Petitioun (1946), an där hie fuerdert, datt am Kontext vum Sproochentest, deen als Grondlag zur Obtentioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit hierhale muss, déi zwou Amtssproochen: Däitsch an/oder Franséisch, dem lëtzebuergesche misse gläich gestallt ginn.

Fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit zougestanen ze kréien, sollt et folgerichteg duer goe, wann een eng vun den offizielle Sprooche beherrscht. Op haut de Moien 8.30 Auer huet d‘Petitioun 3.249 Ënnerschrëften erhalen, mee si bréicht der op d‘mannst 4.500, fir datt et zum ëffentlechen Debat komme kann. Nach bleift eppes Zäit, d‘Clôture vun de Signaturen ass den 9. September 23.59 Auer.

An natierlech bleift den Dilemma „Sproochenzalot“ zu Lëtzebuerg ee Problem, deen sech villen am Alldag ëmmer nees stellt. Gesäit emol vun de regionalen Ënnerscheeter of, muss ee sech bewosst sinn, datt am Handel, der Gastronomie a ganz besonnesch am Gesondheetssecteur, virrangeg déi franséisch Sprooch genotzt, dann déi däitsch Sprooch an eventuell, d‘Landessprooch agesat gëtt.

Op der Finanzplaz, an de „neien“ Entreprise wéi och op der Universitéit zu Lëtzebuerg, zitt een d‘Englesch als Verkéierssprooch vir. Och beim Staat, de Stied an de Gemengen, gëtt virrangeg franséisch an der Kommunikatioun benotzt, an esouguer d‘Verfassung sinn d‘Politiker net Amstand op lëtzebuergesch ze verfaassen. Wann den interessi un der Landessprooch also deraart politesch ausgepräägt ass, kann een dem Petitionnaire senger Fuerderung Versteesdemech entgéintbréngen.

Anersäits biergt dat ganz och eng kleng Gefor. Wann et elo duerchaus wäerteg Argumenter huet, wat d‘Obtentioun vun der Nationalitéit iwwert den Ëmwee vu Sproochkenntnis betrëfft, esou ass wuel net domadder gedoen, wann een Lëtzebuerger ouni lëtzebuergesch Kenntnisser ka ginn. Wier deem esou, hätt dat nach vill weider Konsequenzen an Auswierkungen. Dat muss net verkéiert sinn.

Stellt sech dach d‘Fro, vu datt et beim Staat a sengen Déngschter Rekrutementsproblemer huet, ob et net vu Virdeel wier, wann d‘Zuel vun den eligibele Kandidate fir Police/Arméi a Verwaltung géif duerch d‘Applikatioun vun der fräier Auswiel vun der Sprooch erhéicht ginn. Wéi gesot, wann eis Administratioune grondsätzlech op franséisch kommunizéieren, wat brauch et da lëtzebuergesch?

Related topics Ahmed Anis Bensadi, Diskriminéierung, Nationalitíet, Petitioun 1946, Staatsbiergerschaft
Next post Previous post