Search

You may also like

Patronat & Gewerkschaften: Et gëtt (nees) matenaner geschwat
Neiegkeeten

Patronat & Gewerkschaften: Et gëtt (nees) matenaner geschwat

Jee nodeems wéi ee Brëll een sech opgesat huet, konnten

Attentäter vu Christchurch wäert am Prisong al ginn
Neiegkeeten

Attentäter vu Christchurch wäert am Prisong al ginn

No enger véierdeegeger Unhéierung ass gutt annerhalleft Joer no den

D‘Ombudsfra zur Sécherheetsunitéit vun Dräibur
Neiegkeeten

D‘Ombudsfra zur Sécherheetsunitéit vun Dräibur

Et hat an der Chamber eng eppes méi mouvementéiert Diskussioun

D‘Petitioun zum „Tiers Payant“ leeft gutt

D‘Petitioun zum „Tiers Payant“ leeft gutt

Et ass ee matten an der Chrëschtvakanz, an trotz allem fënnt déi ënnert der Nummer 922 gefouerte Petitioun vum 22. Dezember groussen Zousproch. Ugeluecht vum Jill Sterba geet et bei dëser Petitioun drëms den „Tiers Payant“ ze generaliséieren. Wann dat mat den Ënnerschrëften esou weider geet, steet enger ëffentlecher Debatt an der Chamber näischt am Wee.

Um Mëttwoch haten eppes iwwer 3.700 Leit d‘Petitioun ënnerschriwwen. Dat ass ugesicht der Joreszäit eng Leeschtung an léisst drop schléissen, datt de Sujet vill Leit interesséiert. Et dierf een also dovunner ausgoen, datt wann d‘Leit sech weiderhin esou mobiliséieren, d‘Hürd vu 4.500 Ënnerschrëfte sollt iwwerschratt ginn.

D‘Jill Sterba ass deemno gutt beroden sech alt emol op eng gréisser a länger Ried an der Chamber anzestellen. Déi ëffentlech Debatt verlaangt jo ëmmerhi vum Petitionnaire seng Argumenter virzedroen an esou den eegene Projet ze verdeedegen. A fir de generaliséierten „Tiers Payant“ och oder grad beim Hausdokter anzeféieren, brauch et gutt Argumenter.

Net dem Jill säin éischte Versuch

Wann ee sech engagéiert, deet ee gutt drun a laangen Otem ze hunn. Et ass dat eleiten net dem Jill Sterba säin éischte Versuch. De Quotidien wëll wëssen, datt déi energesch Persoun scho viru Joren dem aktuelle Chamberpresident a fréiere Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo zum „Tiers Payant“ geschriwwen hat.

De Mars di Bartolomeo soll, ëmmer nach laut dem Quotidien, erkläert hunn, datt den „Tiers Payant“ bei den Apdikten an de Kinéë längst ugewannt gëtt. Eng politesch Äntwert déi mat der Fuerderung vum Petitionnaire allerdéngs séier wéineg ze dinn hat. Wéi wäit eng ëffentlech Debatt allerdéngs den Dossier enger Léisung méi ka brénge muss ofgewaart ginn.

Mee et schwätzt villes vir de generaliséierten „Tiers Payant“. Nieft der Sécherheet fir de Prestataire och seng Rechnung bezuelt ze kréien, ass et besonnesch fir de „Patient“ wichteg ze wëssen, datt hien sech net wéinst enger medezinescher Interventioun finanziell a Schwieregkeete bréngt. Zudeem kann een de generaliséierten „Tiers Payant“ als administrativ Vereinfachung gesinn.

Erwaarte Widderstand

Wann de Gedanken also gutt ass, et un a fir sech jidderengem d‘Liewe méi einfach mécht, stellt sech d‘Fro natierlech, firwat iwwerhaapt eng Petitioun néideg ass, a wien eppes dergéint huet. Den „Tiers Payant“ gëtt dann och net vun der Gesondheetskeess a Fro gestallt. Et kléngt deemno verréckt, mee et sinn déi wou direkt e Virdeel hätten, also d‘Dokteren, déi dergéint sinn.

A firwat d‘Dokteren dergéint sinn, dofir gëtt et eng Erklärung vum OGBL. Do heescht et datt d‘Dokteren eigentlech net géint den „Tiers Payant“ sinn, mee et wier déi Aart a Weis wéi d‘Gesondheetskeess deenen hir Rechnunge géif „leie“ loossen déi de Kär vum Problem sinn. Et dauert also fir d‘Doktere genee esou laang wéi fir de Patient, seng Suen ze kréien.

D‘Generaliséierung vum „Tiers Payant“ géif dann och de „Scheck“ iwwerflësseg maachen, d‘Sozialbüroen entlaaschten an iwwerhaapt e sëllechen administrativ Prozeduren eliminéieren oder zumindest vereinfachen. Am meeschten awer wieren et d‘Spidäler déi vum generaliséierten „Tiers Payant“ géife profitéieren. Wann der d‘Petitioun och wëllt ënnerstëtzen, hei ass de Link.

Related topics Gesondheet, Petitioun, Tiers Payant
Next post Previous post