Search

You may also like

Bis zu 500.000 € Ënnerstëtzung fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen
Neiegkeeten

Bis zu 500.000 € Ënnerstëtzung fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen

Um 30. Mäerz 2020 huet d’Chamber eestëmmeg de Gesetzesprojet 7532

Däitschland: Kannermëssbrauch op Campingsplaz
Neiegkeeten

Däitschland: Kannermëssbrauch op Campingsplaz

Op engem Camping an Nordrhein-Westfalen (Landkrees Lippe) sollen op mannst

Wéi gudd kenns du dech mat der Fussballweltmeeschterschaft aus?
Neiegkeeten

Wéi gudd kenns du dech mat der Fussballweltmeeschterschaft aus?

[onionbuzz quiz-id=85][/onionbuzz]

E Séi um Kierchbierg, Gläichstellung bei de Steieren a Schoulfräi kréie fir d’Sprangprëssessioun

Dës nei Petitioune kënnen elo ënnerschriwwe ginn

E Séi um Kierchbierg, Gläichstellung bei de Steieren a Schoulfräi kréie fir d’Sprangprëssessioun

Et ass erëm esou wäit: Nei Petitioune si fräigeschalt a kënnen ënnerschriwwe ginn. Et gi relativ vill Themen ugepaakt, vun der Sprangprëssessioun eriwwer zum Verkéier an den Immobiliëmarché. Mir ginn iech hei e klengen Iwwerbléck:

Verkéier

  • Petitioun Nr. 999: Motorrieder sollen net méi tëscht den zwou Spueren op enger Autobunn erduerch fuere kënnen. Domat sollen Onfäll verhënnert ginn.
  • Petitioun Nr. 1025: Fir d’geféierlech Verkéierssituatiounen besser an de Grëff ze kréien, wëll dës Petitioun erreechen, datt een Videoen a Fotoen per App eraschécke kann. Dëst soll d’Preventioun vun Onfäll verbesseren an d’Verfolgung vu Strofdoten erliichteren.
  • Petitioun Nr. 1028: D’Legaliséierung vun den Dashcams soll ënnert anerem dozou bäidroen, datt Assurancekäschte bei den Autofuerer erofginn. Dës Dashcams sinn aktuell ënnert anerem aus dateschutzrechtleche Grënn net erlaabt.
  • Petitioun Nr. 1030:  Eng besser Beschëlderung soll dobäi hëllefen, d’Sécherheet fir Cyclisten ze erhéijen. Zum Beispill dann, wann e Vëloswee op eng Voie Public trëfft, sollen d’Automobiliste wéi d’Vëlosfuerer op de Mindestofstand vun 1,50 Meter opmierksam gemaach ginn.

Immobilien

  • Petitioun Nr. 1014: Immobilienhändler solle proportionell manner Honoraire kréien. Dësen Honoraire riicht sech nom Verkafspräis, wat logescherweis dozou féiere géing, datt d’Immobilien zu den héchste Präisser géinge verkaf ginn. Duerch en Erofsetzen vun den Honoraire kéint een d’Präisser ofbremsen, esou de Petitionnaire.
  • Petitioun Nr. 1023: Och dës Petitioun setzt sech mam Immobiliëmarché auserneen. Esou soll d’Spekulatiounssteier, déi op Beneficer beim Verkaf vun enger Immobilie iert dat zweet Joer ëm ass, entfalen. Dëst soll zu enger Entspanung um Immobiliëmarché bäidroen.

Steieren

  • Petitioun Nr. 1024: Eng Steierklass fir jiddereen, egal op Jonggesell, Jonggesell mat Kanner oder Bestuet. Esou gesäit dëse Petitionnaire d’Idealsituatioun a wëll domadder der “Diskriminatioun vun de Jonggesellen” en Enn setzen.
  • Petitioun Nr. 1027: Fir eng Gläichberechtegung bei de Steierklasse setzt sech dës Petitioun an. Esou solle gepacste d’selwecht behandelt ginn, ewéi bestuede Koppelen.

Aneres

  • Petitioun Nr. 1000: Am Fall vum Dout vun engen vun den Elteren oder Famill vum zweete Grad soll eng Persoun dräi Deeg Congé kréien. Bis elo ass een Dag dofir fräigestallt. Als Begrënnung gëtt uginn, datt vill Membere vun der Famill am Ausland géinge liewen an domat oft een Dag net duer géing goen.
  • Petitioun Nr. 1016: Eng Stäerkung vum UNESCO-Weltkulturiewen vun der Iechternacher Sprangprëssessioun. No der Polemik ronderëm de schoulfräien Dag gëtt hei gefuerdert, de Péngschtdënschdeg als schoulfräien Dag ze klasséieren.
  • Petitioun Nr. 1021: Wéi wier et mat engem Séi um Kierchbierg? Dës Petitioun setzt sech dofir an a fënnt e puer gutt Grënn. Esou géing d’Populatioun vum Quartier iwwert déi nächst Jore staark klammen, an et géing der Diversifizéierung vun de Geschäfter do féieren. Och d’Liewensqualitéit an den Tourismus kéinten heivunner profitéieren.
Related topics Lëtzebuerg, Petitiounen
Next post Previous post