Search

You may also like

money
Washington zitt am Handelskrich e neie Register
Neiegkeeten

Washington zitt am Handelskrich e neie Register

Washington huet en neien „Doudesstouss“ géint Peking ausgefouert a verëffentlecht

Brexit: Wien méi Zäit kritt soll se gefällegst och notzen!
Neiegkeeten

Brexit: Wien méi Zäit kritt soll se gefällegst och notzen!

Vergaangene Mëttwoch ass de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel op

Editorial: Nei Weltuerdnung
Neiegkeeten

Editorial: Nei Weltuerdnung

Ee Sonndeg huet den Alexander Lukaschenko, senges Zeeche President vu

Éischt Pfizer/Biontech Impfstoffer am Land ukomm

Éischt Pfizer/Biontech Impfstoffer am Land ukomm

Um Samschdeg ass déi éischt Livraisoun vun den Impfdosen zu Lëtzebuerg ukomm, a well dat ee wichtegen Event war, huet de Premierminister Xavier Bettel sech héchstperséinlech dovunner iwwerzeegt, datt alles wéi geplangt a virun allem ouni d‘Killketten ze ënnerbrieche gehandhaabt gëtt. Geliwwert goufen elo emol fir unzefänken 9.700 Dosen, déi fir 4.850 Impfunge gutt sinn.

Dat huet domadder ze dinn, datt all Persoun déi sech Impfe léisst, zwou dëser Sprëtzen iwwert sech muss ergoe loossen. Muer soll et dann och scho lass goen: bis e Mëttwoch sollen um Lampertsbierg an der Victor Hugo Hal 430 Salariéeën aus de Spideeler an Alters-/Fleegeheemer „gepickt“ ginn. Da mécht den Zenter seng Dieren nees bis den 18. Januar zou, iert dann déi 2. Dosis gesprëtzt gëtt.

Natierlech ass a bleift dëse „Virgank“ och fir d‘Mataarbechter aus dem Gesondheetssecteur ee ganz fräiwëllegen Akt, an de Premierminister insistéiert och op de Fait, datt dat esou bleiwe wäert. Eng Ausso, déi een dem „Momentum“ zouschreiwe muss a firwat et wichteg ass drun ze erënneren, datt de Xavier Bettel am Fréijoer, och zimmlech däitlech gemengt hat, datt Masken net zwéngend sinn.

Well d’Bierger jo näischt verstinn…

Wéi dunn awer genuch Masken (an Alternativen: selwer gebastelt oder awer léiwer ee Buff) ginn huet, konnt een d‘Verflichtung zur „Mond-Nues-Bedeckung“ dann awer ëm- an duerchsetzen. Vu ville Säite gëtt schonn drop higewisen, datt et zur „Strategie“ gehéiert, den Zougang zu verschidde Servicer/Déngschtleeschtungen un een negative Covid19-Test oder eben en Impfnowäis ze bannen.

Bezunn op d‘Ausso vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, an där et heescht: „D‘Impfunge wäerten eis hëllefen nees zu eisen normale Liewen zeréckzeféieren“, dierft däitlech sinn, datt esoubal genuch Vaccinen zur Verfügung sinn, d‘Regierungen zu „Drockmëttel“ gräife wäerten – ouni d‘Fräiwëllegkeet a Fro ze stellen – déi et engem net erlabe wäerten „Nee“ ze soen.

Dat ass ganz de Géigendeel vun enger „klorer Linn“ déi et awer besonnesch am Kontext vun dëser Pandemie bréicht, esou d‘Experten aus dem Gesondheetssecteur. Et wier folgerichteg Sënnvoll sech op d‘Opklärung betreffend d‘Impfung an den Impfstoff ze konzentréieren, statt d‘Leit hannert d‘Liicht ze féieren. Fir den Ament awer muss ee sech mat den Impf-Prioritéiten zefriddestellen.

Foto: Verantwortung bedeit sech och un der Front ëmzekucken. De Premierminister Xavier Bettel huet héchstperséinlech déi éischt Livraisoun vun de Pfizer/Biontech Vaccine beopsiichtegt. Déi goufen eis gëschter am Nomëtteg aus der Belsch zougestallt. Scho muer kommen dës Impfdosen zum Asaz. © Luc Deflorenne/SIP

Related topics Covid19-Impfstoff, Covid19-Vaccin, Pfizer/Biontech, Premierminister, Xavier Bettel
Next post Previous post