Search

You may also like

S.A.R. de Groussherzog zu Besuch beim Service Hygiène
Neiegkeeten

S.A.R. de Groussherzog zu Besuch beim Service Hygiène

Gëschter Mëtteg huet S.A.R. de Groussherzog Henri d’Ekipp vum Service

Kreuz und Queer: Wou Toleranz an Akzeptanz nach ëmmer feelen
Neiegkeeten

Kreuz und Queer: Wou Toleranz an Akzeptanz nach ëmmer feelen

Kreuz und Queer – Esou heescht dem Rapper Jirka Otte

Cargolux zelebréiert een halleft Joerhonnert voller Erfolleger!
Neiegkeeten

Cargolux zelebréiert een halleft Joerhonnert voller Erfolleger!

Mat engem eenzege Fliger an enger Hand voll Mataarbechter konnt

Lëtzebuerger Impfstrategie: Déi 6. Phas huet ugefaangen

Lëtzebuerger Impfstrategie: Déi 6. Phas huet ugefaangen

Enn der Woch ginn déi éischt Invitatioune fir déi 6. Phas vun der Lëtzebuerger Impfcampagne verschéckt. Elo ass déi generell Populatioun an der Alterskategorie 16-54 Joer drun. Ugefaange gëtt bei den Eelsten, déi duerch eng Vulnerabilitéit nach net geimpft gi sinn.

Wéi schonn an de Phase virdrun ginn d’Invitatiounen per Post vum Gesondheetsministère verschéckt. An der Enveloppe fënnt déi concernéiert Persoun all Detailer, wéi de Rendez-vous an engem vun den Impfzentren geholl gëtt. Sollt et Schwieregkeete ginn, steet déi speziell ageriicht Hotline (+352) 247-65533 zur Verfügung.

Et gëtt drop higewisen, datt d’Invitatiounen jee no Verfügbarkeet vum Impfstoff verschéckt ginn. Dës weidere solle Persounen, déi ee Rendez-vous geholl hunn, d’Zäit genee anhalen, sou datt keng Waardeschlaangen entstinn.

Related topics Covid-19, generell Populatioun, Gesondheetsministère, Impfcampagne, Invitatioun, Lëtzebuerger Impfstrategie, Phas 6, Rendez-vous, Verfügbarkeet
Next post Previous post